Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?
International Neiegkeeten

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?

Am Kader vun der Konferenz, déi am Kampf géint sexuell

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“
International Neiegkeeten

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“

Um Freideg hunn e puer honnert Leit ganz friddlech zu

Nationale Commemoratiounsdag – D’Zeremonien op ee Bléck
International Neiegkeeten

Nationale Commemoratiounsdag – D’Zeremonien op ee Bléck

No der Besetzung an de Joren 1940 bis 1945 erënnert

De Christophe Hansen gesäit den nationale Klimaplang mat Skepsis

Nach ëmmer ginn et vill oppe Froen

De Christophe Hansen gesäit den nationale Klimaplang mat Skepsis

D’Lëtzebuerger Regierung huet den nationalen Energie- a Klimaplang presentéiert. Nodeems d’EU-Kommissioun kritiséiert hat, datt Lëtzebuerg an 8 weider Memberstaaten den Delai fir d’Areeche vum nationale Klimaplang iwwerschratt haten, ass d’Lëtzebuerger Regierung senger Verflichtung elo endlech nokomm. Den 200 Säite staarke Pabeier setzt héich Ziler am Beräich vun erneierbaren Energien, Energieeffizienz, sou wéi fir Lëtzebuerg als Finanzplaz fir gréng Uléissen. Den Europadeputéierte Christophe Hansen (CSV) begréisst d’Verëffentlechung vum Klimaplang. Den Ziler mussen elo awer och konkret Moossnamen zougeuerdent ginn:

Nodeems den éischten Entworf vum nationale Klimaplang vun der EU-Kommissioun an NGOen als vill ze onkonkret monéiert ginn ass, ass d’Presentatioun vum neien Entworf endlech een éischte Schrëtt an déi richteg Richtung. De Klimaplang setzt elo konkret gestaffelt Ziler a baséiert op Recommandatiounen a Folgeofschätzungen vu renomméierten Instituter. Vun enger Regierung mat grénger Bedeelegung hätt ee sech allerdéngs erwaarde kënnen, datt de Klimaplang eng absolut Prioritéit duerstellt, a pünktlech agereecht géif ginn. Dat schéngt net de Fall gewiescht ze sinn, wëll Villes wierkt iwwerschnellt an net bis zum Schluss iwwerluecht.

Prioritéit vum Klimaplang ass den Ausbau vun der Elektromobilitéit. Bis 2030 soll dës op 49% ausgebaut ginn. Dat bedeit, datt bis dohin all 2. Auto elektresch fuere soll. Ech freeë mech zwar doriwwer, datt d’Regierung d’Noutwennegkeet zum Handelen am Transportsecteur agesinn huet. Schliisslech ass de Secteur fir bal 70% vun den CO2-Emissiounen zu Lëtzebuerg verantwortlech. Mee fir d’Zil ze erreeche, brauche mir och déi noutwenneg Infrastruktur. Leider bleift de Klimaplang hei immens ongenau a vertréischt mat enger Roadmap, déi an net genannter Zukunft virgestallt soll ginn. Medieberichter no plangt d’Regierung elo endlech d’Ariichtung vun 800 Luedstatiounen, déi schonn 2013 vum deemolegen delegéierten Nohaltegkeetsminister Marco Schank gefuerdert goufen. Wann ee bedenkt, datt et a kengem Land vun der EU esou vill PKWe pro Kapp ginn, wéi zu Lëtzebuerg, erschéngt d’Ukënnegung, wéi eng Drëps um waarme Steen.

Menger Meenung no ass déi eesäiteg Fixéierung op Elektromobilitéit ee politesche Kuerschloss. Waasserstoff-bedriwwen Autoen si wesentlech méi liicht, wéi Elektroautoen, a just wéinege Minutte vollgetankt an hunn eng gréisser Reechwäit. De Visionär Bertrand Picar hat et 2019 virgemaach an ass, ouni nozetanken, mat engem Waasserstoffauto ronn 700 km vu Saargemünd iwwer Lëtzebuerg bis op Paräis gefuer. Mee och haut gëtt an der Schwäiz besonnesch bei Camionen d’Waassestoff-Technologie verstäerkt agesat, wëll d’Technik sech aktuell besonnesch fir schwéier Gefierer eegent.

Schonn 2016 hat den Zukunftsfuerscher Jeremy Rifkin am Strategiepabeier fir déi Drëtt Industriell Revolutioun zu Lëtzebuerg ënnerstrahc, wéi wichteg d’Waasserstoff-Technologie an der ekologescher Transitioun insgesamt wäert sinn an d’Fuerschung an dësem Beräich och zu Lëtzebuerg grouss Fortschrëtter mécht. Mee de Rifkin schéngt fir d’Regierung am Beräich vum nationalen Energie- a Klimaplang schonn nees Schnéi vu gëschter ze sinn. Momentan gëtt et zu Lëtzebuerg bis ewell weder eng Waasserstofftankstell, nach fiert op eise Stroossen ee waasserstoffbedriwwenen Auto. De Klimaplang kënnegt zwar d’Fuerschung vu waasserstoffbedriwwenen Autoen un, gesäit awer just d’Ariichtung vun enger eenzeger Waasserstofftankstell vir. Dat passt net zesummen.

Laangfristeg brauche mir am Verkéierssecteur virun allem Moossnamen zur Verkéiersreduzéierung – beispillsweis duerch den Ausbau vum ëffentlechen Transport. Heivir vermëssen ech Iddien am Klimaplang. Och mat Bléck op d’Moossnamen zur Klimaeffizienz sinn ech skeptesch. Vill ugekënnegt Fërdermoossnamen existéiere schonn haut. Si hunn allerdéngs nach net zum gewënschten Erfolleg gefouert.

Insgesamt léisst de Klimaplang nach vill Froen oppen. Déi konkret Virschléi, déi verschidde vun eisen Deputéierten an der Chamber virgeschloen hunn, schéngen einfach ofgeblëtzt ze sinn. Dat bedaueren ech zu déifst, wëll ech dovun iwwerzeegt sinn, dat mir de Kampf géint de Klimawandel just gewanne kënnen, wann all gutt Iddien diskutéiert ginn an esou wäit wéi méiglech an der iwwerschaffter Form vum Klimaplang mat u Bord geholl ginn.

D’Regierung huet zwar ugekënnegt, datt d’Recommandatiounen, déi am Kader vun der Consultatiounsphas, déi elo ufänkt, ausgeschwat ginn, nach an de finale Plang mat abezu solle ginn. Eng Berodungsphas bis Enn Mäerz ass menger Opfaassung no awer vill ze kuerz. Ech hoffen, datt d’Consultatioun net just eng reng Aewëscherei gëtt.

Matgedeelt vum Christophe Hansen – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Christophe Hansen, CO2-Ausstouss, CSV, Ëffentleche Transport, Elektromobilitéit, Klimawandel, Nationalen Energie- a Klimaplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel