Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Wahl 2019: Déi béis Russen hu Falschmeldunge verbreet
you and me dating

EU-Wahl 2019: Déi béis Russen hu Falschmeldunge verbreet

Nodeems déi tschechesch EU-Kommissärin Vera Jourova hirer Iwwerzeegung, datt d‘Russen

hookup toronto
you and me dating

https://moien.lu/dating-owen-sound/

Et gëtt vill Journalisten am Tageblatt, mee et huet nëmmen

Glow-Up – Wéi al Behälter zum Liichte bruecht ginn!
you and me dating

Glow-Up – Wéi al Behälter zum Liichte bruecht ginn!

Eng weider kreativ Iddi kënnt aus dem Lycée Michel Lucius!

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25

Mat der Bibliothéik gëtt Visibilitéit fir e wichtegen Thema kreéiert

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25

Et ass gro an et reent, wéi ech an d’Rue Beck abéien. Wann ech net wéisst, wou et wier, géif ech dru laanscht lafen. Ech war schonn honnerten, wann net dausende Kéieren dru laanscht gelaf, ouni et ze wëssen. Et ass nëmmen e klengt Schëld*, wat drop hiweist, datt ech hei richteg sinn: Hei, op der Hausnummer 14, zimlech verstoppt, ass den Centre d’Information et documentation des Femmes et Genre. Oder méi kuerz: CID | Fraen an Gender.

Bannen erwaart mech schonn d’Joëlle Schwinnen. Si ass responsabel fir d’Kommunikatioun a geet mat mer duerch d’Bibliothéik. Hei fënnt een niewent feministescher Literatur och Recherchematerial, Kanner- a Jugendbicher souwéi eng ganz Rëtsch Belletristik. D’Regaler stinn no bei eneen – dat villt Material braucht Plaz! An dach ass vill Raum, vill Luucht hei. Souguer en Eck mat enger grousser Musékskollektioun. De Schwéierpunkt: Weiblech Museker a Komponisten. „Kennt Dir eng klassesch Komponistin?”, free d’Joëlle Schwinnen mech. Ech rësele nëmmen mam Kapp.

Kulturell Lücken

Et ass en Symptom dofir, datt weiblech Kënschtlerinnen net dee selwechte Wäert zougeschwat gëtt, wéi hir männlech Géigestécker. Woumat mer beim Thema sinn: Beim CID | Fraen an Gender gëtt säit 25 Joer genee dëse feministesche Grondprinzip ausgelieft. Erginn huet sech dee Projet aus der Fraebewegung, dem Mouvement de Liberation des Femmes Luxembourg (MLF). „Dee war Enn der 80er, ufanks de 90er manner aktiv ginn“, erzielt d’Joëlle Schwinnen. An dowéinst huet een no anere Méiglechkeete gekuckt, fir d’feministesch Iddi un d’Leit ze bréngen.

Eng Bibliothéik ass do keng schlecht Iddi. Si ass fir jiddereen op, kann belibeg laang erkonnt ginn a bitt e stänneg wiesselnd Themefeld. A ganz wichteg: Si erhéicht d’Visibilitéit vun de Sujeten. Well och wann a punkto Gläichberechtegung a Fraerechter villes erreecht ginn ass, bleiwen des Themen aktuell. „Am Moment ass Gewalt géint Fraen e wichtege politesche Thema”, mengt Joëlle Schwinnen. Mee och d’Iddien an d’Schoulen a Lycéeën ze bréngen ass wichteg ginn. Fir datt den Nowuess ouni Viruerteeler un déi Sujeten erugeet an datt se fir all Geschlechter Virbiller gewise kréien.

CID | Fraen an Gender

et ass Antidiskriminéiernungsaarbecht, wa mer Kanner iwwert Gläichgeschlechtlech Bezéiungen informéieren

Joëlle Schwinnen, Responsabel fir Kommunikatioun beim CID Fraen an Gender

Ween e bësschen um Internet ënnerwee ass, weess, datt Gendertheoretescht Material net onëmstridden ass. „Mee et spigelt nëmmen d’Realitéit erëm an et ass Antidiskriminéiernungsaarbecht, wa mer Kanner iwwert Gläichgeschlechtlech Bezéiungen informéieren”, äntwert dorobber d’Joelle Schwinnen. Mee et ass net nëmmen do, wou am Ënnerriicht nach vill geschéie kéint. Feminismus a Gläichberechtegung si generell net oft genuch Thema am Ënnerriicht. A weiblech Schrëftstellerinne beispillsweis ginn der an de Lycéeën ëmmer nach enorm wéineg gelies.

A ville Beräicher Loft no uewen

Vill Tënt ass scho gefloss, wann et em eng méi staark Bedeelegung vu Fraen an der Politik geet. Och wann d’Kampagnen a punkto Visualiséierung vum Thema scho mol kräfteg donieft gräifen, sou ass den Hannergedanken dach mol ënnerstëtzenswäert. Mee all Fortschrëtt am Fraebild ass haart erkämpft, an et muss een oppassen, datt dat net zeréck gerullt gëtt. Bescht Beispill dierft do wuel déi berüchtegt Poll Fabaires Reklamm zu Poll on Ice sinn. De CID | Fraen an Gender Femmes hat dorobber reagéiert a war iwwerrascht, wéi staark den Thema op de soziale Netzwierker gespillt gouf. Mee et weist, datt et och grad an där Hisiicht nach vill ze dinn gëtt.

An obwuel de Begrëff Feminismus vu ville problematesch ugesi gëtt, och well en historesch munches huet misse matmaachen, sou ass dach ze bemierken, datt e Konjunktur huet. An Däitschland, Frankräich an déi englesch sproocheg Länner gëtt erëm méi iwwert Feminismus geschwat. An och zu Lëtzebuerg stellen se beim CID fest, datt den Interesse wiisst. Och wéinst de Studenten an aner Leit, déi sech fir Genderthemen interesséieren, déi op déi sëllechen Ressourcen an der Bibliothéik zeréck gräifen. De grousse Public géif sech an där Hisiicht nach zeréck halen, mee si hoffe beim CID, datt och do no an no den Interesse klëmmt.

Den 21. Juli ass déi offiziell 25. Joer Feier vum CID. Et gëtt am Kader vum Museksfestival OMNI matgefeiert. Eng festlech Receptioun gëtt et an der Abbaye Neimënster ab 19.00. Méi Informatiounen um Internetsite vum CID Femmes.

* Et muss een erwänen, datt normalerweis e Stänner virun der Dier steet, dee wesentlech mi grouss ass, mee den Dag vun der Reportage aus verschiddene Grënn nach net dobausse stoung.

Fotoen: Nancy Klauner

Ähnlech Sujeten CID Fraen a Gender, Feminismus, Gender
Nächsten Artikel Virrechten Artikel