Search

You may also like

Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten
Neiegkeeten

Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten

Um Dënschdeg huet den Donald Trump den Dreamers-Programm vum Barack

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom
Neiegkeeten

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom

Netflix probéiert zënter enger gudder Zäit schonn, sech als Filmproduzent

Lyon: Attentat an der Foussgängerzon
Neiegkeeten

Lyon: Attentat an der Foussgängerzon

Am Zentrum vu Lyon (Frankräich) ass am spéiden Nomëtteg bei

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère

Den CID – Fraen an Gender ass schockéiert iwwert déi niddreg Zuel u gewielte Fraen am neie Parlament a fuerdert eng paritéitesch Opstellung vun der neier Regierung. Sou probéiert beispillsweis Frankräich a Spuenien d’Ënnerpresenz vu Fraen am Parlament auszegläichen.

Quantitativ Gläichheet bréngt nach laang keng qualitativ Gerechtegkeet mat sech. Dofir setzen si sech fir eng konsequent Stäerkung vun de Kompetenzen an der Hausse vun de finanzielle Mëttel vum Chancëgläichheetsministère an.

Lëtzebuerg ass mat sengen 20 % u gewielte weiblechen Deputéierten international gesinn op Platz 98 ënnert 193 Länner gelant, an dat ee Joer virum 100. Joresdag vum universelle Wahlrecht. Dëst Resultat kann net einfach u mangelnder Kompetenz vu Politikerinne leien.

De Manktem u weiblechen Deputéierten an der Chamber an d’Ënnerpresenz vu Fraen ënnert de Spëtzekandidaten ass een Deel vun de gläichstellungsresistente Wahlstrategië vu ville Parteien. Déi strukturell Benodeelegung ass ee Problem an eiser Gesellschaft an am politesche System, wat déi kënfteg Regierung schnellstméiglech an seriéis an Ugrëff huele muss.

Schonn eleng dofir muss een nationalen an europawäite Chancëgläichheetsministère net nëmmen Zivilgesellschaftlech- an Net-Regierungsorganisatiounen ideell a finanziell gestäerkt gi, mee och ee konsequente Gendermainstreaming (Fraefuerderung an Diversity Management) als Querschnëttsthema an alle Ministèren a Verwaltunge gefuerdert ginn.

Dobäi muss dat iwwergeuerdent Ziel vun enger kompetenter Gläichstellungspolitik sinn, d’Ongerechtegkeet, déi aus diskriminéierende Strukturen a Praktike resultéiert, nohalteg ze verdrängen.

Matgedeelt vum CID – Fraen an Gender
Iwwersat vum Shari Pleimelding /moien.lu

Related topics CID Fraen a Gender, Fraen, Fraequot, Politik, Regierung
Next post Previous post