Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Europa muss sech den Erausfuerderunge vun der Migratioun stellen
Kultur dating site in south african

dating scan bury st edmunds

Staatscheffen aus siwen EU- Länner vu Südeuropa waren um Mëttwochowend

30 Joer Tiananmen: déi verbueden Erënnerung
Kultur dating site in south african

30 Joer Tiananmen: déi verbueden Erënnerung

1989 war et am kommunistesche China zu engen „Virfall“ komm

De Lëtzebuerger Adventszirkus ass nees do!
Kultur dating site in south african

De Lëtzebuerger Adventszirkus ass nees do!

Et ass déi 13. Editioun vum Lëtzebuerger Adventszirkus, an d‘Artisten

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!

De Ciné-Club zu Esch-Uelzecht luet all Mount op interessant Filmpresentatiounen an de Kino an. An dobäi kritt een och emol Geschichte gewisen, déi vläicht net bekannt, awer dofir mat genau esou vill Passioun entstane sinn, wéi een echte Blockbuster. An och am Juni stinn nees eng Rëtsch Filmer um Programm!

  • Soundhunters Mëttwochs, de 5. Juni 2019 um 20:30 Auer
    Soundhunters erzielt de Wee vum Duo KIZ vu Paräis op Malmö, vu London op Baltimore, de Passage zu Berlin op der Sich no Museker mat Erfarung, fir hinnen esou op der Juegd no neie Sound nozegoen a si um Mix-Table ze begleeden.
    Den Documentaire vum Beryl Koltz dauert 52 an ass aus dem Joer 2016. E gëtt an Originalversioun ENG-FR gewisen.
  • Wake In Fright Mëttwochs, den 19. Juni 2019 um 20:30 Auer
    De jonke Schoulmeeschter John Grant kënnt an der klenger Stad Bundanyabba un, déi vir hir Minière bekannt ass. Hei muss hien eng Nuecht verbréngen, ier et weider op Sydney geet. Mat engem Béier nom anere gëtt den Owend laang a léist den John ee schrecklechen Ausfluch duerch dat wëllt a primitiivt Australien erliewen.
    Den dramateschen Thriller vum Ted Kotcheff dauert 109 Minutten an ass aus dem Joer 1971. An Originalversioun mat franséischem Ënnertitel gëtt e gespillt an ass fir Kanner ënner 12 Joer verbueden.
  • Lost HighwayMëttwochs, de 26. Juni 2019 um 20:30 Auer
    Op der enger Säit steet d’Geschicht vum Saxophonist Fred Madison, dee seng Fra Renee verdächtegt him friem ze goen. Aus Roserei bréngt hie seng Fra ëm a gëtt selwer zum Dout veruerteelt. Aus verschiddene Siichte gëtt de Virgank erzielt.
    Op der anerer Säit geet et ëm eng Koppel, déi bedreet gëtt a sech am Ausland op der Strooss verléiert. Wat elo schéngt, wéi wann déi zwou Geschichten sech extrem ënnerscheede géifen, dee gëtt duerch déi weiblech Roll nach vum Géigendeel iwwerzeegt.
    De Realisateur David Lynch huet 1997 dëse Film vun 135 Minutten an den USA geschaf. E gëtt an Originalversioun mat franséischem Ënnertitel gewisen an ass fir Kanner ënnert 12 Joer verbueden.

Weider Informatiounen

D’Filmer ginn un de jeeweilegen Datumer am Ciné Club zu Esch-Uelzecht (116, rue de Luxembourg) gewisen. Fir den Entréespräis vu 5 € kann ee mat dobäi sinn. De Programm fannt Dir och ënnert www.kulturfabrik.lu.

Ähnlech Sujeten Ciné Club, Esch-Uelzecht, Filmer, Kino, Lost Highway, Soundhunters, Wake In Fright
Nächsten Artikel Virrechten Artikel