Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert
muslim casual dating tips for lesbian dating reddit

how do you hook up a rain barrel

De globalen UN-Migratiounspakt, dee vun den flammänneschen Nationalisten denoncéiert gouf,

https://moien.lu/indian-dating-in-netherlands/
muslim casual dating tips for lesbian dating reddit

What the Fakt – Haut ass internationale Männerdag

Opgepasst léif Hären! Säit dem 19. November 1999 hutt och

Editorial: Näischt méi ze erwaarden
muslim casual dating tips for lesbian dating reddit

Editorial: Näischt méi ze erwaarden

Ganzer fënnef Deeg war den Trump an Europa ënnerwee. Hien

Hochzäitsnuecht, Amazing Grace an Angst am Ciné-Club!

Hochzäitsnuecht, Amazing Grace an Angst am Ciné-Club!

Mat dräi Filmer aus de verschiddenste Genrë beweist de Ciné-Club zu Esch-Uelzecht nees Courage zur Diversitéit. Wéi wier et also mam Lëtzebuerger Film Hochzäitsnuecht, dem musikaleschen Documentaire Amazing Grace oder och dem spannenden Thriller Angst (Schizophrenia)?

Hochzäitsnuecht – Mëttwochs, den 13. November 2019 um 20:30 Auer

Eng Hochzäitsnuecht an der Bourgeoisie: d’Catherine stamt aus räichem Haus, de Christian aus enger aarmer Famill. Hir Gemeinsamkeet sinn d’Drogen.

Hochzäitsnuecht ass den éischte Lëtzebuerger Film, deen um grousse Filmfestival vu Cannes 1992 ausgewielt ginn ass an am selwechte Joer de Max Ophüls Präis zu Saarbrécke gewanne konnt. Dëst Evenement ass eng eemoleg Geleeënheet, fir een ale Klassiker vun der nationaler Produktioun kennenzeléieren oder erëmzegesinn.

Hochzäitsnuecht

De Lëtzebuerger Film vum Pol Cruchten aus dem Joer 1991 dauert 108 Minutten a gëtt an Originalversioun mat franséischem Ënnertitel gewisen. Ënnert anerem spillen d’Myriam Müller an den Thierry Van Werveke mat.

Amazing Grace – Mëttwochs, den 20. November 2019 a Freides, den 22. November 2019 um 20:30 Auer

Am Januar 1972 hëlt d’Aretha Franklin ee Live-Album an enger klenger Kierch am Quartier Watts zu Los Angeles op. Den Disk Amazing Grace gëtt dobäi de meescht verkafte Gospel Album aus allen Zäiten an erhieft d’Aretha zur Kinnigin vum Soul.

Amazing Grace

Den US-amerikaneschen Documentaire vum Alan Elliot a Sydney Pollack aus dem Joer 2019 dauert 89 Minutten a gëtt an Originalversioun mat franséischem Ënnertitel gewisen. Ze gesinn ass ënnert anerem d’Aretha Franklin selwer, zesumme mam Southern California Community Choir.

Angst (Schizophrenia) – Mëttwochs, den 27. November 2019 um 20:30 Auer

Ee Psychopath gëtt no enger laanger Strof endlech aus dem Prisong entlooss. Hie souz duerch ee Mord un enger aler Fra. Säin éischte Gedanken a Fräiheet: ee weidere Mord! Nodeems hie probéiert eng Taxi-Chauffeurin ze erstécken, flücht hien an een Haus, an dem eng eeler Damm mat hirem Meedchen an dem handikapéierte Jong wunnen. Begeeschter vum neie Spillfeld bereet de Psychopath sech op eng weider Dot vir.

Angst

© Gerald Kargl

Inspiréiert gouf sech bei dësem Film un engem dräifache Mord an Éisträich aus dem Joer 1980. De Gerald Kargl presentéiert mat Angst (Schizophrenia) säin eenzege Film, een ästheteschen a formelle Schock mat engem banneschte Monolog.

De Film vum Gerald Kargl aus dem Joer 1983 dauert 82 Minutten a gëtt an Originalversioun mat franséisch Ënnertitel gewisen. Ënnert anerem spillen den Erwin Leder, de Robert Hunger-Bühler an d’Sylvia Ryder mat, d’Musek ass vum Klaus Schulze. Ab 16 Joer!

Praktesch Informatiounen

D’Filmer am Ciné-Club gi fir een eemolegen Tarif vu 5 € gewisen. Den heemelege Kino fënnt een am Haff vun der Kulturfabrik (116, rue de Luxembourg 4221 Esch-Uelzecht).

Ähnlech Sujeten Amazing Grace, Angst (Schizophrenia), Aretha Franklin, Ciné Club, Hochzäitsnuecht, Kino, Kulturfabrik, Musék, Pol Cruchten, Psychopath, Soul, Thierry Van Werveke, Thriller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel