Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou
Kultur Neiegkeeten

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou

Soubal et mi kal gëtt, héiers de awer wierklech jidderee

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
Kultur Neiegkeeten

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Schreiwes un d‘Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo, huet

Nei Serie maachen den Oktober op Netflix spannend
Kultur Neiegkeeten

Nei Serie maachen den Oktober op Netflix spannend

En neie Mount, dat heescht och: Neie Stoff op Netflix.

Circolo Curiel: Ee Film iwwert palestinensesch Poesie an de Wee duerch d’Leed

Circolo Curiel: Ee Film iwwert palestinensesch Poesie an de Wee duerch d’Leed

E Méindeg, den 11 Februar weist de Circolo Curiel de Film „Mahmoud Darwich et la terre comme la langue“, eng Geschicht iwwert Poesie a wéi dës Konschtform Leit begeeschtert.

D’Simone Bitton erzielt d’Geschicht vun engem grousse Poet am Exil an der palestinensescher Tragödie. Dobäi deelt hatt mat eis alleguerten d’Emotiounen, déi duerch déi vill Doudeger an den onimitéierbaren Rhythmus entstane sinn. Am Kader vun der Projektioun wäerten d’Hanane an d’Sylvie verschidde Gedichter vum bekannte Poet virliesen, souwuel op Franséisch, wéi op Arabesch.

Zur Handlung

De Mahmoud Darwich gouf 1942 am Duerf Galilée gebuer. Als Kand huet hie missen um Exodus vun de palestinensesche Flüchtlinge vun 1948 deelhuelen. Zeréck an Israel huet hien ugefaange mat schreiwen. Duerch déi vill séilesch Blessuren, déi hie mat villen aneren deelt, gëtt hien a gewësser Aart a Weis zur Stëmm vum Vollek. 1971 hëlt hien d’Decisioun an d’Exil ze goen, eng laang Zäit, wou hie mam Elleng-sinn muss kloer kommen.

De Bekanntheetsgrad vum Poet ass am Orient immens! Bei sengen Optrëtter zu Caire, Beirut oder an Algerien huet de Kënschtler ee grousse Publikum ugezunn déi seng Versen héieren an erliewe wollten. A genau dës Emotioun soll de Film eriwwer bréngen. Dem Mahmoud Darwich seng poetesch Sprooch huet säi Wee vum palestinensesche Vollek, bis hin zum universelle Leed fonnt.

Den Documentaire vun 1997 gëtt e Méindeg, den 11 Februar um 18:30 Auer am Circolo Curiel (107, route d’Esch) gewisen, an dat an Originalversioun (arabesch, hebräesch) mat franséischem Ënnertitel. Den Entrée ass gratis.

Ee Mol de Mount, vun Oktober 2018 bis Juni 2019, organiséiert de Ciné-Club Proche-Orient ee Filmowend zur israelesch-palestinensescher Fro. Mat Hëllef vun engem Documentaire oder Fiktioun soll de Visiteur esou d’Situatioun besser verstoen an déi verschidde Facette vum Konflikt kenneléieren, Emotiounen deelen a vläicht seng eegen Erfarunge bei engem Iessen am Restaurant Centre Curiel deelen.

Ähnlech Sujeten Circolo Curiel, Documentaire, Film, Mahmoud Darwich et la terre comme la langue, Palestina, Poesie, Simone Bitton
Nächsten Artikel Virrechten Artikel