Sex-Poppen op amazon.fr suerge fir Kaméidi
Nodeems de leschte Weekend direkt an ganz Rëtsch u Verbänn
Et ass nees esou wäit – Nationalfeierdag steet virun der
Esou d‘Ukënnegung vun der däitscher Ëmweltministesch Svenja Schulze e Sonndeg
Um Helleggeescht-Plateau, am juristeschen Epizenter vum Lëtzebuerger Land, treffen sech an der Cité Judiciaire nieft den Affekoten, Procureuren, Riichter an ugekloten, och eng Hellewull vu Mataarbechter, Polizisten an Journalisten. Schonn um Freideg war annoncéiert ginn, datt een och hei eppes méi kuerz trëppele wëll.
Déi ëffentlech Sëtzungen op e Minimum ze begrenzen, Audienze mat villem hin an hir vermeiden, strikt Beschränkung vun de Visiteurszuelen. Riichter sinn och nëmme Mënschen, an esou hunn der schonn ee puer Mesuren ergraff. Esou muss den Ugekloten elo, wann hie sech virum Riichter presentéiert, net méi wéi gewinnt un der „Barre“ stoen, mee muss dräi Schrëtt Ofstand halen.
En ähnlecht Bild bidden d‘Bänke vun den Affekoten. Si sëtzen hei fir Gewéinlech eppes méi enk Zesummen, hunn sech awer scho ganz gutt mat der „sozialer Distanz“ familiariséiert. Wat dem Bierger den „Ielebou-Grouss“ ass, dat ass fir den Affekot de „Fouss-Grouss“. Si ware scho leschten Donneschdeg iwwert den Ëmwee vun enger Circulaire iwwert ei nei Modalitéiten Informéiert ginn.
Am Eigentleche geet et drëms, d‘Deplacementer op dat absolut Noutwennegt ze begrenzen. Si sinn ugehale gi Kommunkatiounsweeër ze notzen (Telefon, e-Mail) fir sech iwwert Terminer vun den Audienzen um Lafenden ze halen. Woubäi et dann och d‘Penaliste gëtt, wou se net alleguerten déi nei Mesure fir gutt befannen. Wat de penalen Tribunal betrëfft esou gouf do ee Freideg statuéiert.
Esou sollen nach eenzeg déi Prozesser ofgehale ginn, wou d‘Brigange schonn am Bing sëtzen, an eben déi Dossieren déi sech net verréckele loossen. Dat gëllt bis zur Ouschtervakanz, wäert awer entspriechend der Evolutioun vun der sanitärer Kris ugepasst ginn. Dat sollt awer elo keen op domm Gedanke bréngen… eis Zankerte stinn den Ament och eppes ënner Stress, behuelt iech…
Illustratioun: © Najib Kalil / unsplash