Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Venezuela: Wat een vun der Constituante weess oder och net weess
how does dating become a relationship

Venezuela: Wat een vun der Constituante weess oder och net weess

D‘Land a Mëttelamerika steet virum Biergerkrich. Trotz allem ass dem

https://moien.lu/headlines-for-a-dating-website-examples/
how does dating become a relationship

best dating sites austria

Um haitegen Dag kritt „duerch d’Blumm schwätzen“ eng nei Bedeitung.

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen
how does dating become a relationship

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen

An der Schwäiz haten d‘Gewerkschaften d‘Fraen opgeruff um Punkt 15.24

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit

Beim Kaffi um Mëttwochmueren, war et eng gutt gelaunte Buergermeeschtesch, déi zesumme mat hiren zwee Schäffe Serge Wilmes (CSV) a Patrick Goldschmidt (DP), op déi rezent Aktualitéit vun eiser Haaptstad agaangen ass.

Eng Stad, esou d‘Lydie Polfer (DP), déi matten an de Virbereedungen zu de Chrëschtdeeg stécht an, an dësem Kontext och schonn zwee Chrëschtmäert feierlech erëffent huet. A Während de Bierger bei waarme Käschten a Glühwäin d‘Séil bummele léisst, hunn se sech op der Gemeng mam Budget befaasst, deen e Méindeg am Gemengerot presentéiert gëtt.

Wat den Inhalt betrëfft, esou huet eis d‘Buergermeeschtesch nëmmen d‘Zong laang gemaach. Si verséchert awer, datt d‘Finanzlag vun der Stad Lëtzebuerg „gesond“ ass, wat et dem Schäfferot erlabe sollt, konsequent an d‘Liewensqualitéit vun den Awunner ze investéieren (z.Bsp. Logement, Schoulen a Sportinfrastrukturen). Detailer dozou, gëtt et dann nächste Méindeg.

Et muss keen erfréieren

E wichtege Punkt (zumindest fir eis) bezitt sech op d‘Ausso zu de Wiederkonditiounen, an de Strukturen an der Stad, déi, esou wéi d‘Lydie Polfer et richteg duergestallt huet, eigentlech sollte sécherstellen, datt op eise Stroossen, kee Strummert misst fäerten ze erfréieren. Hei gëtt et genuch Schlofplazen (Foyer Ulysse, Obrigado a Wanteraktioun) déi zur Verfügung stinn.

Nieft dem Fait, datt et heu och nach eppes z‘iesse gëtt, een sech eng richteg waarm Dusch leeschte kann, ass et och méiglech sech medezinesch ënnersichen ze loossen. Fir datt elo jiddereen den vun esou enger Situatioun betraff ass, och wierklech Bescheed weess, sinn um Stater Territoire d‘Streetworker am Asaz, fir och déi renitent, vum „bienfondé“ vun der Aktioun ze iwwerzeegen.

Bleiwe mir nach e kuerzen Ament beim „fréieren“. Wanter bedeit trotz Klimawandel nach ëmmer Schnéi an Äis, an dofir sollten d‘Leit bedenken, datt si d‘Verantwortung hunn den Trottoir virun hirer Dier „Propper“ a „Fräi“ ze halen. Géif enger Persoun déi wéinst Schnéi an/oder Glatäis hei e Schued entstoen, wier een Haftbar. Dat ass dann och keng „Recommandatioun“…

Eng Receptioun fir eis nei Bierger

Beim Kaffi gouf dann och op den Empfang vun de „neie Bierger“ am Nomëtteg higewisen. Dës Feier huet dann och am Zelt vum Adventszirkus um Glacis stattfonnt. D‘Lydie Polfer huet eis informéiert, datt et dëst Joer esouvill nei Lëtzebuerger ginn huet, wéi laang net méi. Am ganze sinn et 5.111 Persounen, déi d‘Nationalitéit erhalen hunn.

Op der éischter Plaz sinn d‘Fransousen (1.683), gefollegt vun de Brasilianer (956). Op der drëtter Plaz eis Belsch Noperen (916), dann d‘Amerikaner (572) an d‘Briten (117). Déi sechst Plaz deelen sech déi däitsch a portugisesch Migranten (110), gefollegt vun den Italiener (106), de Spuenier (56) an de Leit vum Cap Vert (25). Dat ass duerchaus begréissenswäert, a steet der Stad gutt zu Gesiicht.

Den Handel an der Stad fërderen

Wa vill Leit d‘Chrëschtmäert ginn, dann ass dat och eng gutt Nouvelle fir den Handel, an den 1. Schäffen, Serge Wilmes, betount an dësem Kontext, datt déi sëllechen Aktioune vun der Stad Lëtzebuerg och zur Attraktivitéit vun der Geschäfter bäidréit. Hien zitéiert d‘US-Revue „Forbes“ déi Lëtzebuerg op der 3. Plaz am Ranking vun de flottste Chrëschtmäert an der EU gesat huet.

Hien huet d‘Geleeënheet genotzt, fir op d‘Ouverture vum iwwerdaachte Maart op der flotter Theaterplaz (géintiwwer der Cinemathéik) hinzeweisen, déi haut Donneschdeg stattfënnt. Dëse Maart, deen an Zesummenaarbecht mat „Lëtz go Local“ organiséiert gëtt, setzt op Lëtzebuerger Produiten a Produzenten. Eng flott Iddi, déi besonnesch „klenge“ Betriber zerguttst kënnt.

Am Kontext vun der Theaterplaz, huet de Serge Wilmes och nach erkläert, datt et Iwwerleeunge gëtt, hei e permanenten iwwerdaachte Maart opzeriichten. Dat ass wuel nach net vir muer, well als éischt den ënnerierdesche Parking muss renovéiert ginn, mee et soll kommen. Et dierf een awer virgräifen, an drop hiweisen, datt d‘Beem an déi „urban Miwwelen“ dann do keng Plaz méi hunn.

Luxtram Chantier verlaangt temporär Changementer

Am Kader vun den Aarbechte fir den Tram, gëtt informéiert, datt de Maart, deen all véierzéng Deeg – Mëttwochs a Samschdes – op der Paräisser Plaz doheem ass, fir d‘Dauer vun engem Joer an d‘Zitha-Strooss muss verluecht ginn. Dat sinn nëmmen e puer Schrëtt vu senger origineller Plaz ewech, an sollt gutt ugeholl ginn. D‘Auerzäit – vun 8 bi 13.30 Auer – bleift onverännert.

Hei wollt een dann awer wëssen, op dëse „Changement“ en Impakt op d‘Mobilitéit vun de Cycliste kéint hunn, déi jo eigentlech iwwert dëse Wee vun an a Richtung Passerell fueren. De Patrick Goldschmidt, Verkéiersschäffe vun der Stad, stellt fest datt „nee“. Mee et géif een opmierksam bleiwen, an am Fall vu méigleche Reklamatiounen, do entspriechend Verbesserunge virhuele géif.

Domatter ware mir bei der Mobilitéit ukomm, an de Verkéiersschäffen huet dann och hei missen zu diverse Remarke Stellung ergräifen. Et wier richteg, datt et den Ament mat der Verbindung „Gar-Uewerstad“ net zum beschte gestallt ass, wat un de Verbreedungsaarbechte vun der Bréck geleeën ass. Et géif eng Ëmleedung bis bei d‘Passerell, déi vu villen als „ëmständlech“ betruecht gëtt.

Et hat kee gesot datt et géif einfach ginn

Hei weist de Patrick Goldschmidt drop hin, datt et de Cyclisten awer erlaabt ass, d‘Strooss ze benotzen. Hien huet Versteesdemech dofir, datt dat net jidderengem geleeë kënnt, well ee grad zu de Spëtzestonnen, dach eppes Courage misst opbréngen. Et soll dowéinst eng besser Signalisatioun implementéiert ginn, fir datt och d‘Automobilisten, wéinst der feelender Vëlospist „gewarnt“ sinn.

An och der Garer-Avenue kënnt et zu Changementer. Esou soll hei déi lénk Parksträif bis bei d‘Rue Bourbon suppriméiert ginn, vu wou aus d‘Cyclisten da via Paräisser Plaz an Zitha-Strooss bis bei d‘Passerell gelaange kënnen. Hei muss de Versteesdemech vun de Leit agefuerdert ginn. Mat de Chantieren déi wéinst dem Tram bestinn an entstinn, ass mat weidere Behënnerungen ze rechnen.

Bleiwe mir dann nach beim Vëlo. De Patrick Goldschmidt, deen duerch Verzögerunge beim Ëmbau op 100% elektresch Locatioun-Vëloen (Vël‘Oh) vill Kappzerbrieches hat, freet sech datt muer Freideg déi éischt dovunner an den Asaz kommen. Mat den Aarbechte kënnt den Gestionnaire JC Decaux besser viru wéi geduecht, esou datt muer scho 60% vum Service kann ëmgestallt ginn.

E gudde Grond mat op der Plaz ze sinn

Am Kader vun der Inauguratioun vum neie Service Vël‘Oh, sollten all déi Leit, déi un dëser Déngschtleeschtung gefale fannen, muer Freideg, um 11 Auer, mat derbäi sinn. D‘Stad Lëtzebuerg huet hei e Stand, an déi éischt honnert Persounen déi sech dann en Abonnement kropen, kréien hiren éischten (Lafzäit 12 Méint) geschenkt. Also méi schéi kann een et engem net maachen.

Vum Vëlo bei den Auto… De Parking „Hamilius“ ass elo zanter 2 Méint operationell, mee erfreet sech nach dem gewënschten Zousproch. Den Zougang iwwert d‘Avenue Monterey (Sortie via Emile Reuter) schéngt dach nach eppes „oniwwersiichtlech ze sinn. Dofir soll et och hei zu enger besserer Signalisatioun kommen. Och den Tarif gëtt nach emol no ënne korrigéiert.

Et dierf een dann awer och bemierken, datt wa vill Leit an der Stad op der sich no enger Parkplaz sinn, et zudeem e gutt iwwersiichtlech opgebauten interaktive Plang am Internet gëtt, dësen neie Standuert, entweder nach net bekannt, ze deier, oder soss eppes ass. Et kann awer och sinn, datt et genuch Parkraum an eiser Stad gëtt… Dofir stinn „si“ awer ze laang fir an de Knuedler eran.

Op Zäitrees mat der virtueller Realitéit

Am September 2017, hat d‘Stad Lëtzebuerg säi Pilotprojet „VR-Timetravel“ lancéiert, deen am Pafendall vun der Entreprise „UrbanTimetravel“ an Zesummenaarbecht mat de Servicer vun der Gemeng (Kommunikatioun an nei Technologien, Stater Busser an de Stater Muséeën) realiséiert ginn ass. Elo dierf och de Public sech 6 Méint un dëser Attraktioun versichen.

City Breakfast

© VDL/UrbanTimetravel

Da geet eng Evaluatioun gemaach, a sollt déi wéi erwaart positiv ausfalen, dierft sech d‘Stad derzou entscheeden, dëse Projet weider auszebauen. Ab dem 2. Dezember, bitt d‘Stad Lëtzebuerg, iwwert den LCTO (Luxembourg City Tourist Office) all Sonndeg zwee guidéiert Tier un. Well et an der Evaluatiounsphas nëmme beschränkt Plaz gëtt, sollt een zäiteg drun denken sech unzemellen.

Méi Informatioune gëtt et ënner: Telefon 22 28-0 oder e-Mail un touristinfo@lcto.lu. Betriber déi den Tour mat hire Mataarbechter erliewe wëllen, sollen sech bei timetravel@vdl.lu renseignéieren. D‘Dauer vun der „Visitte“ läit bei gutt 2 Stonnen, eng Grupp ass op 5 Participante beschränkt, an de Präis läit fir en Erwuessene bei 15 Euro, Jugendlecher bezuelen nach 10 Euro.

Foto: Op mam Vëlo, dem Vël‘Oh, dem ëffentlechen Transport oder awer mam Auto, e Besuch vun de Chrëschtmäert an der Stad lount sech. Op d‘Präisser uecht dinn, lount sech iwwregens och, do gëtt et eleng beim Glühwäin zolidd Ënnerscheeder. Mir si mam Chrëschtmaart bei de gëlle Fra ganz zefridden. © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chrëschtmaart, City Breakfast, LuxTram, Lydie Polfer, Mobilitéit, Patrick Goldschmidt, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg, virtuell Realitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel