Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Visionär fortschrëttlech
Auto Neiegkeeten

dating profile headlines that work

Am Kader vun der Generalversammlung vun der Associatioun „Quattropole“ hunn

dating site in africa
Auto Neiegkeeten

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires

De 6. Oktober goufe viru ronn 200.000 Spectateuren déi drëtt

Earth Overshoot Day erreecht – Lëtzebuerg op der traureger 2. Plaz!
Auto Neiegkeeten

Earth Overshoot Day erreecht – Lëtzebuerg op der traureger 2. Plaz!

Et ass wuel ee vun den trauregsten Deeg, déi eist

City Shuttle – Déi autonom elektresch Navette gëtt Realitéit

City Shuttle – Déi autonom elektresch Navette gëtt Realitéit

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch huet vergaangenen Dënschdeg de Kollegium vun de Buergermeeschteren a Magistraten den neie City Shuttle ageweit. Des autonom Navette fiert an de Pafendall an verbënnt de Lift mat der Seelbunn, wéi och mam Kierfecht um Val des Bons Malades.

Wärend den éischte sechs Méint bleift d’Navette operationell a mécht aus dem autonome Fueren eng Realitéit op de Stroossen vun der Stad Lëtzebuerg. De City Shuttle huet eng Kapassitéit vu 15 Leit an ass gratis fir all Notzer. Vu Méindes 7:00 Auer bis Freides 21:00 Auer zirkuléiert de Shuttle all véierel Stonn.

No enger éischter Phase bewäert d’Stad Lëtzebuerg de Pilotprojet an decidéiert iwwert déi zukünfteg Benotzung. D’Stad gesäit ee gewësse Potential an dëser néier Léisung zur Fortbeweegung: d’Navette kann och Géigenden usteieren, déi fir aner Transportmëttel vläicht manner gutt zougänglech sinn, wéi beispillsweis verschidde Wunnquartieren oder Geschäftszonen.

Nei Technologië fir eng nei urban Mobilitéit

De City Shuttle ass eng Hightech Navette, zu 100 % autonom mat enger Rëtsch neien Technologien. Doniewent kann de Shuttle an Realzäit mat senger Ëmwelt reagéieren. An éischter Zäit wäert aus Sécherheetsgrënn ee qualifizéierten Accompagnateur den Trajet begleeden an agräifen, wann et néideg ass. Spéiderhi fiert d’Navette ganz eleng.

Mat dëser Mesure well d’Stad Lëtzebuerg géint d’Problemer an der Mobilitéit an ëffentlechen Transport duerchgräifen. Effektiv ass de City Shuttle eng Léisung fir déi innovativ Mobilitéit fir d’Liewensqualitéit vun de Bewunner an Touriste vun eiser Haaptstad ze erhéijen.

Ugepasst Strecke fir d’Bierger

Op der momentaner Streck garantéiert de City Shuttle ee flëssegen Trajet andeems en déi verschidden Transportméiglechkeeten, wéi de Lift an de Pafendall an Uewerstad, d’Seelbunn mam Pafendall, d’Busser oder den Tram matenee verbënnt.

Mat enger Vitesse bis zu 45 km/h ass dëst Transportmëttel ideal fir déi éischt oder läscht Kilometere vun engem Trajet auszeféieren. Esou kënnt een komfortabel an onbeschwéiert u säin Ziel. De City Shuttle ënnerstëtzt duerch déi einfach Verbannung mat aneren Transportmëttel d’Multimodalitéit.

City Shuttle© Ville de Luxembourg

Zu 100 % elektresch an geräischaarm

De City Shuttle ass eng elektresch Navette, déi keng Zäregaser fräisetzt a kee Kuelewaasserstoff ausstéisst. Nieft den ekologesche Virdeeler ass d’Verréngerung vum Kaméidi angenehm fir d’Notzer. De Pilotprojet kascht insgesamt 140.000 € mat TVA. Méi Informatioune ginn et ënnert cityshuttle.vdl.lu.

All Eventer zur europäescher Mobilitéitswoch

Gratis geféiert Tour duerch verschidde Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg, encadréiert vum Luxembourg City Tourist Office (Platz ass op 25 Persoune limitéiert – obligatoresch Umeldung iwwert Tel.: 22 28 09)

  • 21. September um 17:30 Auer: De Quartier Lampertsbierg a seng verlueren Traditioun, eng Tour déi et erméiglecht d’Kultur vun de Rouse kennenzeléieren, déi Lëtzebuerg den Numm „Rouseland“ ginn huet. Depart ass bei der Kapell um Glacis. Sproochen: LU / FR. Dauer: 2 Stonnen.
  • 22. September um 11:00 Auer: De Garer Quartier – de Plateau Bourbon nom Ofbau vun der Buerg, een Abléck an eng Epoche vun der Stad an der Entwécklung. Depart ass bei der BCEE, Place de Metz. Sproochen: LU / EN. Dauer: 2 Stonnen.

23. September um 11:00 Auer (LU), 13:00 Auer (FR) an 14:00 Auer (EN): Pafendall – eng multimodal Erfarung, eng multimodal Tour, déi Panorama Aussiichte vun der Stad Lëtzebuerg wéist, mat Verbannung vum Lift Pafendall – Uewerstad an der Seelbunn Pafendall – Kierchbierg. Depart ass op der Virplatz vun der Kathedral. Dauer: 2 Stonnen

  • 23. September vun 10:00 bis 16:00 Auer op der Place de la Constitution: Stater Mobilitéitsdag, Ofschloss vun der europäescher Mobilitéitswoch
  • Informatiounsstänn zur Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg
  • Virféierung vum néien autonome City Shuttle
  • Informatiounsstänn zur Stroossesécherheet
  • Spektakel mam BMX-Fuerer Viki Gomez
  • Animatioun fir déi ganz Famill
  • Véloshändler an Start-Ups zum Thema Mobilitéit
  • Musikalesch Begleedung
Ähnlech Sujeten Autonom Gefierer, Bus, city shuttle, Claude Meisch, Mobilitéitswoch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel