Search

You may also like

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau
Neiegkeeten

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau

Den ukrainesche President, Petro Porochenko, huet d‘Méiglechkeet vun engem totale

CFL Chantiere fir August a September
Neiegkeeten

CFL Chantiere fir August a September

Iwwert de Summer kann et op de CFL-Linnen 10, 30

money
Agence-Stierwe bei der BCEE
Neiegkeeten

Agence-Stierwe bei der BCEE

Wéi e Freideg d‘Spuerkeess (BCEE) géintiwwer de Medie bestätegt huet,

Déi nei cityapp – VDL: E personaliséierbaren Outil fir den Alldag

Déi nei cityapp – VDL: E personaliséierbaren Outil fir den Alldag

Mat neie Méiglechkeete fir den Notzer a villen nëtzlechen Eegenschaften presentéiert sech elo déi moderniséiert an iwweraarbecht cityapp – VDL. Op dräi Sproochen Lëtzebuergesch fält NET dorënner – passt sech d’Applikatioun un d’Profil vum Notzer un a proposéiert esou nëtzlech Servicer fir d’Verbindung tëscht der Staat an der Bevëlkerung ze stäerken.

Zënter Februar 2019 si verschidden Etüde gelaf fir de reelle Besoin vun de Bierger erauszefannen. Méi wéi 1.700 Persounen hunn hir Meenung matgedeelt an esou un der Kreatioun vun der cityapp deelgeholl. No 7 Méint Ausschaffung konnt den Outil ab Ufank August getest ginn.

cityapp© VDL Fotothéik / Charles Soubry

Datt de finale Produit tatsächlech de Bedierfnesser vu sengen Notzer entsprécht, konnt sech hei bestätegen. Dem offizielle Lancement Enn September stoung näischt méi am Wee.

Iwwreges leien d’Käschte vun der Entwécklung vun der App bei 347.211,54 € (ttc). Entwéckelt gouf d’App vum Service fir Kommunikatioun an Ëffentlechkeetsaarbecht vun der Stad Lëtzebuerg, an Zesummenaarbecht mat de Servicer Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien an Autobus.

© VDL

Navigatioun a 5 Beräicher

  • Accueil: Op der Startsäit kann den Notzer d’App mat sougenannte „Widgets“ u seng Gewunnechten, Besoinen a Wënsch upassen. Duerch eng Kaart kann och den eegene Standuert am Verglach zur Recherche ugewise ginn. Zu all Ament sinn Ännerungen bei de Preferenze méiglech an och d’Benoriichtegunge vun de Servicer kann een un- an ausmaachen.
  • Explorer: An dësem Beräich kritt den Notzer alles ugewise, wat an direkter Ëmgéigend ugebuede gëtt: Spillplaze, Parken, interessant Punkten, Sport, Konscht, Kultur a villes méi. Enn Oktober 2020 ginn dës Offeren nach duerch d’Geschäfter, d’Restauranten an d’Caféen completéiert. Setzt ee seng léifst Plazen ënnert d’Favoritten, gëtt een iwwert d’Neiegkeeten informéiert.
  • Mobilitéit: Wéi ee mat de verschidden Transportmëttel am beschten duerch d’Stad kënnt, an dat och ënnert Berécksiichtegung vun de Chantieren, gitt Dir an dësem Beräich gewuer. Aktivéiert ee säi Standuert, kritt een de schnellste Wee ugewise, fir u säin Zil ze kommen. Och Fuerpläng, Echtzäiten an d’Statioune vum vel’OH!, sou wéi d’Zuel un disponibele Vëloen un de Statiounen an d’Situatioun an de Parkinge gëtt visualiséiert.
    Klengen Tipp: Am Widget op der Startsäit kann ee beispillsweis dee Bus bäifügen, deen een all Dag notzt, sou datt ee schnell an einfach iwwert d’Fuerzäiten a Verspéidungen informéiert gëtt.
  • Servicer: Hei fannt Dir eng komplett Lëscht zu de Servicer, wéi beispillsweis d’Kollekt vum Offall, d’Waasserqualitéit, Neiegkeete vun der Stad Lëtzebuerg, ëffentlech Toiletten oder och Waasserfontänen. An dëser Rubrik kritt den Notzer zudeem d’Méiglechkeet mat de Servicer vun der Stad a Verbindung ze trieden, wann ee Problem un enger ëffentlecher Plaz optriede sollt.
  • Benoriichtegungen: An dësem Beräich ginn all Messagen zesummegefaasst, déi den Notzer vun der App zougeschéckt krut. Fir all Widget kann den Notzer Push-Noriichten aktivéieren an esou aktuell Informatiounen zum jeeweilege Service kréien.

Déi nei cityapp – VDL gouf als Erweiderung zur Internetsäit vun 2017 erstallt. Wärend déi mobil Internetsäit relativ statesch an identesch fir all Notzer ass, erméiglecht d’Applikatioun e personaliséierten, dynameschen an un déi perséinlech Situatioun ugepassten Outil.

Erofluede kann een d’App am App Store (iOS) an am Play Store ( Android). Si passt sech automatesch un d’Sprooch vum Smartphone un. Wëll een d’Sprooch änneren, muss een dat an den Astellungen upassen.

Related topics App Store, cityapp - VDL, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg, Verkéier, Widgets
Next post Previous post