Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Uschlag op d‘US-Ambassade zu Tunis
Neiegkeeten

Uschlag op d‘US-Ambassade zu Tunis

Bei engem Uschlag op déi amerikanesch Ambassade zu Tunis (Tunesien)

money
Insolvenz Nobert Keller AG
Neiegkeeten

Insolvenz Nobert Keller AG

Nodeems d‘Entreprise Nobert Keller AG vun Ëlwen, eng Entreprise déi

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?

Endlech ass se do: d‘Citymap vun der Stad Lëtzebuerg

Endlech ass se do: d‘Citymap vun der Stad Lëtzebuerg

Si war scho méi laang ugekënnegt an elo ass se pénktlech zum Fest och do: rieds ass vun der neier „Citymap – Stad Lëtzebuerg“. An dëser Citymap sinn thematesch Kaarten enthalen esou wéi och den 3D-Modell vun der Stad Lëtzebuerg. Eng flott a ganz interessant Geschicht.

De Site maps.vdl.lu ersetzt dann och de Site www.topographie.lu. Virgestallt gouf dës Neiegkeet e Méindeg vum Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot, a Kooperatioun mam topographeschem Service vun der Stad Lëtzebuerg. Mat dësem „Programm“ géif d‘Stad Lëtzebuerg sech de Standarde vun Ergonomie a Sécherheet unhuelen.

Mat der neier Plattform gëtt sech an éischter Linn un d‘Awunner an d‘Gäscht vun der Haaptstad gewannt. Ugebuede ginn 42 Pläng a Kaarte mat enge 5.000 „Plazen déi ee sollt gesinn hunn“. Fir net laang mussen ze sichen, sinn déi ënnerschiddlech Plazen no thematesche Beräicher zesummegestallt ginn. Et ass och zimlech einfach sech erëmzefannen.

Op et néideg war? Ugesiichts enge 25.000 Visiteuren/Mount um topographesche Portal vun der Stad Lëtzebuerg, ass d‘Fro quasi beäntwert. Zudeem dierft besonnesch de Beräich „Mobilitéit“ vill Uklang fannen. Hei sinn dann och d‘Arrivéeë, respektiv d‘Departen an Echtzäit ze fannen. Flott och, d‘Informatiounen zur Loft a Waasserqualitéit.

Et gëtt esouguer Statistiken zu de 24 Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg an eng interaktiv Versioun vum allgemengen Amenagementsplang (PAG). Cool och d‘Visualiséierung vum dräidimensionalen urbane Modell vun der Stad, an deem och de „Solar-Kadaster“ ënnerbruecht konnt ginn. Also hei huet et eppes, dat sollt jidderengem konvenéieren…

No der „Cityapp“ déi d‘Stad Lëtzebuerg mat Hot City S.A. ausgeschafft huet, an déi et am Apple App Store an/oder op Google Play gëtt, hei dann nach eppes méi Konkretes, fir jiddereen, deen net nëmme wësse wëll wéini wat stattfënnt, mee sech och wëll iwwerzeegen, datt hien d‘Plaz fënnt. Eppes méi seriéis, béid Systemer si sech komplementar.

Ähnlech Sujeten CDL, Citymapp, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel