Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däi Liewen, deng Entscheedung
Neiegkeeten

Däi Liewen, deng Entscheedung

Am Kader vun enger Pressekonferenz huet de Justizminister Felix Braz

Neiegkeeten

Galerie: Stock Car zu Alzeng

© Martine de Lagardère WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAMotorsport: Stock-Car Meeschterschaft

money
Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten
Neiegkeeten

Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten

De Generalsekretär vun der OECD, Angel Gurria, huet um Donneschdeg

CLAE: „d‘Gesellschaft zesumme gestalten“

De Liaisounscomité vun de friemlännesche Vereenegunge wëll Verännerung

CLAE: „d‘Gesellschaft zesumme gestalten“

De CLAE, dee fir eng „Erliichterung“ bei de linguistesche Kritäre plaidéiert, sech awer bewosst ass, datt dat ënnert der zukünfteger Koalitiounsregierung net dierft antrieden, fuerdert eng verbessert Offer vun de Sproochecoursen an eng Verkierzung vun den Delaien. Et misst e besseren Zougang zur Nationalitéit ginn, wëll et deen eenzege Wee ass sech u legislative Walen ze bedeelegen.

An dësem Sënn fuerdert de CLAE net manner wéi datt déi onséileg Debaten iwwert Sprooch an/oder Nationalitéit, aus dem ëffentlechen Discours muss verschwannen. Et misst och dëser Regierung bekannt sinn, datt nëmmen en „oppene politescher Pouvoir“ eng „oppe Gesellschaft“ ervirbrénge kann. Esou zumindest liest et sech am Memorandum vum CLAE un de Formateur.

E Memorandum ënnert dem Motto: „d‘Gesellschaft zesumme gestalten“ ziilt op all déi Leit of, déi sech der Angscht virum „Friemen“ bedéngen, d‘Auslänner als „Invasioun“ verklären, a vun enger Bedreeung fir d‘Lëtzebuerger Sprooch an Identitéit schwätzen. Dem CLAE ass et an dësem Kontext wichteg, datt d‘Regierung d‘Richtlinne bestëmmt, an déi sozial Kohäsioun sécherstellt.

Zesumme liewen, zesummen eens ginn

Fir de CLAE wier et schonn e Fortschrëtt, wann et der zukünfteger Regierung géi geléngen, den Akzent op d‘Atoute vun der Lëtzebuerger Gesellschaft ze leeën, an net stänneg d‘Problemer, déi opgrond der Diversitéit entstoe kënnen, ervirzehiewen. De Liaisounscomité erënnert drun, datt mat engem Auslännerundeel vun 48%, e bessere „Matenaner“ den eenzeg méigleche Wee ass.

E Matenaner bedeit allerdéngs och, datt jiddereen sech och muss politesch kënnen äusseren. Leider, esou de CLAE, wier eng Bedeelegung vun den Auslänner un de Chamberwahlen, keen Thema méi deem sech déi politesch Parteien – mat Ausnam vun déi lénk – géifen unhuelen. Nom Referendum vun 2015, huet awer och de CLAE missen agesinn, datt et nach e laange Wee bis dohinner ass.

No der Analys vun de Chamberwahle vum 14. Oktober ass et awer nees d‘Hoffnung déi beim CLAE d‘Iwwerhand huet. De CLAE schéngt iwwerzeegt, datt laangfristeg d‘Bedeelegung um politescher Liewen, den Auslänner net méi ka verwiert ginn. A wann et och noutwenneg ass Lëtzebuerger ze sinn fir u Walen dierfen deel ze huelen, esou muss et awer Erliichterunge ginn.

Matenaner schwätzen ass ëmmer gutt

Ënnert „Erliichterungen“ versteet de CLAE, net nëmmen eng Reform vun de sproochlechen Ufuerderungen. Geet et dem Liaisounscomité no, sollt Lëtzebuerg och dat sougenannten „Recht vum Buedem“ (dëst Rechtsverständnes beseet, datt d‘Nationalitéit sech nom Gebuertsuert riicht, esou wéi dat nach ëmmer am Frankräich de Fall ass) iwwerhuelen.

Beim CLAE weess een allerdéngs och, dat esou eng Gesetzesännerung nach net während dëser Legislaturperiod ze erzilen ass. Dofir soll sech d‘Regierung déi Mëttel ginn déi néideg sinn, fir der Demande no Sproochecourse gerecht ze ginn. Den INL kënnt net méi no, an d‘Gemenge missten a Sproochecoursen investéieren. Zudeem soll den Apprentissage vun der Sprooch gratis sinn.

Fir bei der Sprooch ze bleiwen. De CLAE ass der Usiicht, datt d‘Delaie fir den Examen ze laang, an déi administrativ Demarche vill ze komplizéiert sinn. Aacht Méint „Attente“ nodeems all déi gefuerdert Pabeiere virleien, wier en Zäitraum, deen och vun der Politik als Inakzeptabel misst erkannt ginn. An de Liaisounscomité huet heizou e puer Léisungsvirschléi.

Bestoend Strukturen a noutwenneg Reformen

Wann et der Regierung sollt eescht gemengt sinn, déi Bierger aus der Immigratioun méi an de legislativen a consultative Prozess anzebannen, da muss et zu enger Reform vum nationalen Auslännerrot (CNE) kommen. Dee wier de Schlëssel zu enger participativer Politik, grad wéi d‘Salariatskummer (CSL), wou d‘Frontalieren déi zu Lëtzebuerg schaffen, vertruede sinn.

Am Fall vum CNE mussen d‘Modalitéite fir gewielt ze ginn a vollem Ëmfang revidéiert ginn. D‘Representativitéit vun de Communautéite misst séchergestallt ginn. Wat de Vertrag zum Accueil an der Integratioun betrëfft, esou feelt et dësem un Attraktivitéit. Zudeem misst d‘Roll vun allen Acteure méi kloer definéiert ginn. Zesummen agéieren, statt vereenzelt reagéieren…

Hale mir nach fest, datt de CLAE dem pluriannuellem nationalen Aktiounsplang fir d‘Immigratioun eng gréisser Bedeitung gëtt. Dësem war kuerz virum Enn vun der leschter Legislaturperiod zougestëmmt ginn an säitens dem CLAE heescht et: „Dëse Plang bleift um Niveau vun de gudden Absichten a brauch e klore Kader, wann en erfollegräich sollt ëmgesat ginn“.

Ähnlech Sujeten Auslänner, CLAE, Koalitiounsregierung, Politik, Sproochcours, Sproochegesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel