Search

You may also like

Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt
International Neiegkeeten

Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt

Wéinst Mësswirtschaft a politesche Feelentscheedunge steet de staatleche Gesondheetssystem (NHS)

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen
International Neiegkeeten

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un

Den digitaliséierte Motorsport
International Neiegkeeten

Den digitaliséierte Motorsport

Motorsport am virtuelle Raum, dat war an ass nach ëmmer

Sträit tëscht China an den USA féiert zum Clash am UN-Sécherheetsrot

Sträit tëscht China an den USA féiert zum Clash am UN-Sécherheetsrot

Eigentlech wier am Kontext vun der Covid19-Pandemie eppes méi Zesummenhalt, Solidaritéit, jo esouguer politescht Fangerspëtzegefill ubruecht, mee matpolitical correctnessgewënnt een haut keng Wahle méi, an den Donald Trump wëll onbedéngt en zweet Mandat am November zougestane kréien, an datt féiert zu ganz onangenehmen Zeenen an gréisseren diplomatesche Verwerfungen…

Am UN-Sécherheetsrot gëtt zur Stonn un enger Resolutioun zur Covid19-Pandemie gedoktert, an hei hate Frankräich an Tunesien schonn emol en Entworf virgeluecht. China hätt gäre gehat, datt an der Resolutioun d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) misst ernimmt ginn. Dat kënnen d‘USA, déi hir Zesummenaarbecht mat dëser Institutioun opgekënnegt hunn, natierlech net unhuelen.

Virun ee puer Stonnen hat et um Sëtz vun de Vereenten Natiounen zu New York, nach esou eppes wéi Zouversiicht ginn, nodeems d‘Vertrieder vu China sech bereet gewisen hunn, ee Kompromëss bei der Formuléierung unzehuelen, bei deem op en direkte Bezuch zur WHO verzicht géi ginn. An ufänglech hunn d‘USA dat begréisst, mee no Récksprooch mam Wäissen Haus war dat hifälleg.

Den „Dissens“ tëscht Peking a Washington hält zanter siwe Wochen un, an näischt deit drop hin, datt et esoulaang wéi den Donald Trump President an de Mike Pompeo Ausseminister sinn, eng Verbesserung vun de Relatioune méiglech ka sinn. D‘USA werfen der WHO „Kadavergehorsam“ vir, China wëll den Appell fir eng global Aktioun vun der WHO onbedéngt am Text erëmfannen.

Béid Natioune gehéieren zu de Veto-Muechte wat derzou féiert, datt dëse Gremium faktesch net an der Lag ass, iwwerhaapt nach Entscheedungen ze treffen. Dobäi geet et an dëser Resolutioun emol grondsätzlech drëms „Zesummenhalt“ ze demonstréieren, an d‘Fuerderung zu engem weltwäite Waffestëllstand ze ënnerstëtzen. Wann et awer esou weidergeet, ass d‘UNO geschwënn Geschicht.

Zudeem ginn an de Couloire vun de Vereenten Natioune d‘Rumeuren, datt d‘USA géifen driwwer nodenken sech ganz aus der UNO zréckzezéien, mëttlerweil ganz oppen ausgeschwat. Dat wäert wuel éischter net antrieden, mee de Schued deen dem Trump seng „Politik“ hei derbäi ass unzeriichten, kann net ouni Folge bleiwen. An dat ass eng kloer Bedreeung fir de Weltfridden…

mat indymedia/nyc

Foto: Schonn den 23. Mäerz hat den UN-Generalsekretär Antonio Guterres en Appell un d‘Welt geriicht, sech op e weltwäite Waffestëllstand ze verstännegen. Et wier e wichtegt Signal, wann den UN-Sécherheetsrot sech géif hannert dësen Appell stellen. Dat schéngt ugesiichts dem Sträit tëscht Washington a Peking zimmlech onrealistesch ze sinn. © UN-Vienna (courtesy)

Related topics China, Coronavirus, Covid19, UN-Resolutioun, UN-Sécherheetsrot, USA
Next post Previous post