Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Venezuela: US-Arméi soll hëllefen de Regimm ze stierzen
Neiegkeeten

Venezuela: US-Arméi soll hëllefen de Regimm ze stierzen

Am Venezuela, wou déi politesch Kris ufänkt sech geféierlech Zouzespëtzen,

Marc Hansen: Eng éischt Renconter mam FNCTTFEL
Neiegkeeten

Marc Hansen: Eng éischt Renconter mam FNCTTFEL

Leschten Donneschdeg huet de Minister fir den ëffentlechen Déngscht, Marc

Tacheles: Verstoppten EU Internet-Filter
Neiegkeeten

Tacheles: Verstoppten EU Internet-Filter

D’Europa Politiker schaffen um Gréissten Internet-Filter, dee mir jeemools gesinn

Claude Turmes: „Är Energie fir eise Planéit!“

Fir d‘Klima- an Energieziler déi Lëtzebuerg sech gesat ze erreechen, gëtt op Photovoltaik gewett

Claude Turmes: „Är Energie fir eise Planéit!“

Am Ministère vun a fir d‘Energie (MEA), dee vum fréieren EU-Deputéierte Claude Turmes (déi gréng) geleet gëtt, wëll een d‘Ëmwelt duerch den Asaz vu Solaranlage schützen. Zudeem soll den Undeel vun den erneierbaren Energien, bis 2030, 25% ausmaachen.

Dat festgestallt bleift dat eigentlecht Zil vun der Koalitiounsregierung, sech ganz vun den fossillen Energië lasszeléisen. Esou wéi et vum gréng-liberale Minister duergestallt gëtt, géif déi aktuell Regierung sech voll a ganz den erneierbaren Energie verschreiwen (Wandkraaft, Thermesch- a Solarenergie). Fir den Ament läit d‘Photovoltaik ganz héich am Kurs, an do setzt de Minister un.

Zum jëtzegen Zäitpunkt, ginn zu Lëtzebuerg 1.300 Gigawatt/Joer mat Solaranlage produzéiert. Et sollen eppes iwwer 6.800 Anlagen am Land bedriwwe ginn, wat laut dem Claude Turmes der vill ze wéineg sinn. Mam nationalen Energieplang dee bis Dezember soll finaliséiert sinn an de Bierger virgestallt soll ginn, soll den Undeel vun den erneierbaren Energië bis 2030 23-25% ausmaachen.

Op laang Siicht – woubäi dee Gedanken dann awer eppes utopesch ass – soll voll a ganz op fossil Energieträger verzicht ginn. A wann de Claude Turmes dann an de Raum stellt: „d‘Tankstell vun der Zukunft soll zukünfteg um Dach vun de Leit stoen“, wéisst ee gäre wéi dat soll goen. Ma zimlech „einfach“: et sollen all déi „flaach Flächen“ ausgemaach an dann e Solar-Kadaster erstallt ginn.

Mat dësem Solar-Kadaster ginn dann d‘Leit iwwert d‘Méiglechkeeten informéiert, déi hir Diech bidden. Och dat kléngt gutt, woubäi d‘Betounung op „Proprietär“ muss geluecht ginn, an déi ze iwwerzeegen zousätzlecht Geld an de Grapp ze huelen, bedeit datt um Enn fir déi och eppes muss eraussprangen. Aktuell mécht d‘Solarenergie 1,6% vun den erneierbaren Energien aus.

Energietransitioun gëtt et net zum Nulltarif

De Claude Turmes ass sech allerdéngs och bewosst, datt d‘Energietransitioun esouwuel attraktiv wéi accessibel muss sinn. Eppes Angscht mécht dann awer folgend Ausso: „Photovoltaik ass eng Investitioun déi méi rentabel wéi all anere Placement op enger Bank. Si ass gutt fir de Klima an de Portmonnie“. Dat setzt viraus datt een d‘Geld huet a séchergestallt ass, datt een de Stroum lassgëtt.

Heimatter ass „de klénge Mann“ net gemengt. Deen dierf sech un der Finanzéierung bedeelegen an wäert déi gréisste Laascht ze droen hunn. Schliisslech ginn déi nei Präisser op 15 Joer garantéiert, zumindest fir déi nei Leeschtungskategorien. Woubäi et fir jonk Familljen, déi sech nach hei am Land en Haus leeschte kënnen, schonn esou eppes wéi gudde Fouss hannebäi ass matzemaachen.

Als Beispill nennt de Minister en Eefamilljenhaus mat enger Anlag vun 10kWc (dat entsprécht enger Notzfläch vun ongeféier 100M²). D‘Entschiedegung fir d‘Aspeise vum Stroum, gëtt hei ëm 36% ugehuewen. Fir en Appartement mat enger Maximalleeschtung vun 30kWc sinn et 28% méi. Zudeem sollen och d‘Kollektivitéiten animéiert ginn, an d‘Photovoltaik ze investéieren.

Et gëtt schonn eng Rei Gemengen a Syndikater déi dat maachen, woubäi déi Anlagen den Ament net iwwer 200kWc Leeschtung kommen. Déi soll op 500kWc ugehuewe ginn. Dat ass gutt a wuel och richteg, mee et muss méi geschéien, firwat d‘Restriktioune generell ewechfale sollen. Ob dat och fir Denkmalgeschützte Gebaier (z.Bsp Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht) gëllt?

Dat heescht op all Dach kann elo eng Photovoltaikanlag installéiert ginn, an all Uschloss soll méi Anlagen ophuele kënnen. Zudeem dierf een nei Anlagen nieft alen Anlagen installéieren, wann déi al op mannst zwee Joer um Bockel huet. Firwat do eng zäitlech Restriktioun agebaut ginn ass, léisst sech net wirtschaftlech begrënnen, an et verhënnert eng zäitno Erweiderung vu bestoenden Anlagen.

Et brauch gutt an effizient Partner

Am Kontext vun der energetescher Transitioun, esou d‘Behaaptung, kéint sech d‘Regierung op zouverlässeg Partner beruffen. Genannt ginn hei: d‘Handwierkerkummer (CDM), de Verband vun den Handwierker (FDA) an der Architektekummer (OAI). De Volet Promotioun geet un déi national Struktur fir d‘Promotioun vun enger nohalteger energetescher Transitioun „myenergy“.

Déi soll net nëmmen eng technesch a kontraktuell Assistenz bidden, mee och d‘Kommunikatioun mat de Bierger sécherstellen. Eng Campagne zur Sensibiliséierung wier dann och scho lancéiert ginn. Mir hunn eis dat kuerz ugekuckt, an ausser datt een d‘Informatiounen net an de Landessprooch kritt, ass do alles zimlech gutt erkläert.

Als weider Initiativ soll et zu Ausschreiwunge kommen, un deenen sech Entreprisë mat grousse Fläche bedeelege kënnen. An endlech, esou de Claude Turmes, soll et de Besëtzer vun Anlagen erlaabt ginn, hire Stroum selwer ze verbrauchen. Bis ewell muss alles an de Reseau agespeist ginn, an da keeft een dat wat ee produzéiert huet méi deier zréck, wéi een et huet dierfe verkafen.

De Minister réit dann och allen Interesséierte Mënschen, Entreprisen an Investisseuren, vun den Offere vun der Regierung ze profitéieren. Dat am beschten elo direkt, well, esou de Claude Turmes, ab dem 1. Januar 2020, Joer fir Joer d‘Avantagen eppes méi kleng.

Foto: Claude Turmes: „Eis Diecher mussen d‘Tankstell vun der Zukunft ginn!“ © Studion Photography

Ähnlech Sujeten Claude Turmes, Energieminister, Energieministère, myenergy, Photovoltaik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel