Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr
Neiegkeeten

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr

De 6. November waren d‘Gewerkschafte LCGB (Majoritär) an OGBL vun

Polen huet der Reebou-Communautéit de Krich erkläert
Neiegkeeten

Polen huet der Reebou-Communautéit de Krich erkläert

Datt d‘Kierch a Polen matregéiert, selwer héchst radikal an onerbäermlech

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch
Neiegkeeten

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch

Am Juni 2018, hatt sech d‘CGFP mat der Regierung op

Erstaunt a schockéiert, mee och kämpferesch: De Claude Wiseler an d’CSV wëllen et mat der Regierung ophuelen

Erstaunt a schockéiert, mee och kämpferesch: De Claude Wiseler an d’CSV wëllen et mat der Regierung ophuelen

Déi politesch Rentrée huet och bei der CSV mat enger kuerzer awer ertragräicher „journée parlementaire“ ugefaangen. Gutt dräi Stonnen ass iwwert alles geschwat ginn, wat bei dëser leschter Sessioun virun de Chamberwahlen op déi gréissten Oppositiounspartei duer kënnt.

Fir de Fraktiounspresident Claude Wiseler, deen sech a punkto Erwaardunge mat „Näischt“ op d‘Regierungskoalitioun bezitt, dierft d‘Sessioun déi vum Positionnement ginn. D‘Legislatiounsperiod geet op en Enn, an d‘CSV huet net wëlles dëser Regierung alles duerchgoen ze loossen.

Esou ass den Toun dann och éischter kämpferesch. D‘CSV geet dann och dovunner aus, datt d‘Regierung sech kengem Dossier méi wäert unhuelen, dee fir gréisser Diskussioune beim Bierger kéint Suergen. Dobäi steet villes op, wat nach ze erleedege wier.

Politesche Brennstoff

Fir d‘CSV sollt et awer net langweileg ginn, besonnesch wat d‘Ambitioune betrëfft sech dem Wieler ze stellen. Schonn déi nächst Woch geet et ëm de Budget 2018 an hei huet d‘CSV dann och schonn emol déi richteg Fro parat: „Wéi ass et méiglech, bei engem Wuesstem vun 4 bis 5% esou e groussen Defizit ze erwirtschaften?“.

A mam Argument, datt een an gudde Jore soll spueren, fir an de schlechte Joren nach en Apel fir den Duuscht ze hunn, ass d‘CSV dann och iwwerzeegt de richtegen Toun getraff ze hunn. En Toun deen och bei der Rifkin-Studie, erhale bleift. Et wier dat eng Etüd déi e Bild vu Lëtzebuerg a 40 Joer weist, awer mat kengem Wuert erkläert wéi een dohinner kënnt.

Laut dem Rifkin, esou de Claude Wiseler, soll Lëtzebuerg bis 2025 nach just elektresch Autoen hunn a 40% vum Transport wier ëffentlech. Mat der Previsioun, datt mir bis dohinner 1,2 Milliounen Awunner hätten, géif sech den CSV-Fraktiounschef freeën, wann een him kéint erkläre wéi dat soll goen.

D‘CSV wier dann och gäre bereet sech dem Projet unzeschléissen, ëmmerhi gëtt heiriwwer vill diskutéiert. Allerdéngs ass d‘CSV bei dësen Diskussiounen nach net agebonnen. Iert de Sujet dann awer an der Chamber wäert debattéiert ginn, kréien se dann en iwwer 200 Säite schwéieren Dossier mat deem se sech „dierfe“ virbereeden. Gutt, den Rifkin-Dossier, deen hu se schonn emol.

Reformen, déi net hale, wat se verspriechen

Diskussiounsbedarf an de Chamber verspriechen dann awer nach eng ganz Rëtsch aner Themen. Esou de Spidolsplang, dee wuel a villen Hisiichte gutt Usätz huet mee der CSV net wäit genuch geet. Esou sollt och de Beräich vum „Extra-Hospitalier“ an dësen Dossier afléissen.

Nëmmen déi „grouss“ Infrastrukturen ze berécksiichtege geet net duer. Esou sollten all d‘Komponenten an dësem Beräich ugepaakt ginn: d‘Maisons Medicales, d‘Fleeg doheem a Sëlleches méi. Mam Spidolsplang géif op e neits net kloer duergestallt gi wéi et an Zukunft ausgesäit.

Bei der Policereform huet ee bei der CSV och fundamental aner Usiichte wéi d‘Regierung.

Bei der Policereform huet ee bei der CSV och fundamental aner Usiichte wéi d‘Regierung. Fir de Claude Wiseler a seng Fraktioun kann eng gutt Policeaarbecht net gelénge wann d‘Proximitéit net erhale bleift. Déi Proximitéit awer wier am Gesetzestext net erëmzefannen.

D‘Zukunftsgestaltung wéi se aktuell mat der Landesplanung sollt erméiglecht ginn, brauch e Gesetz. Dat wier och als eng vun de grousse Prioritéite vun der Koalitiounsregierung presentéiert ginn. Wou dat Gesetz drun ass, wann ee bedenkt, datt de „Plan Directeur“ fréistens 2019 op den Dësch kënnt, dierft der Regierung hiert Geheimnis bleiwen.

Beméit konstruktiv matzeschaffen

Et wier dann awer falsch ze mengen, datt d‘CSV an der Causa Landesplanung op d‘Brems getrëppelt hätt. De Géigendeel ass de Fall: hei ass ganz konstruktiv matgeschafft ginn, esou d‘Ausso vum Fraktiounschef. Vill Virschléi vun der Partei wieren als Amendement an d‘Gesetz opgeholl ginn. Erhofft gëtt sech dann, datt wéinstens de „Plan Sectoriel“ nach an der Chamber diskutéiert ka ginn.

D‘Problemer am Logement muss een an de Grëff kréien an net nëmme bei de Gemengewahlen de grousse Sujet sinn.

D‘Problemer am Logement muss een an de Grëff kréien an net nëmme bei de Gemengewahlen de grousse Sujet sinn. Laut dem Claude Wiseler huet den Alex Bodry (LSAP) eng grouss parteiiwwergräifend Diskussioun ouni politescht Gestreits virgeschloen. Dat begréisst d‘CSV, seet awer kloer, datt déi nëmme kann zustane kommen, wann och jiddereen op de Fong vum Sujet ageet, an et kee „Gespills“ mat Hisiicht op d‘Wahle gëtt.

Beim Naturschutzgesetz läit och d‘Kromm an der Heck. Et ass sécherlech e wichtegt Gesetz, mee ouni d‘abanne vun der „simplification administrative“ nëmmen hallefhäerzeg. Och hei besteet Diskussiounsbedarf falls ee gewëllt ass de Sujet konstruktiv unzegoen.

D‘Schoulrentrée nach net verdaut

Och d‘Schoul, vun der Reform bis bei d‘Rentrée bleift en Dauerthema an der CSV-Fraktioun. Déi war an ass dann och erstaunt bis schockéiert, wéi een hei mat engem esou sensibelen Thema ëmgaangen ass. Bei Schoulufank net genuch Personal ze hunn, sech doriwwer ze wonneren, Personal aus der Pensioun zréck ruffen, Educateuren de Bildungsoptrag erdeelen.

Do kann ee schonn emol de Kapp wéi kréien. De Bouquet ass et dann awer, wann de Minister d‘Schold op d‘Beamten am Ministère ofgëtt. Déi hätten hien net ausgibeg informéiert. De Claude Wiseler kann dem Minister dann och just de Rot ginn, déi nächste Kéier den Aktivitéitsbericht ze liesen. An zwar dee wou vu senge Beamten erstallt a wou all Joer de Problem kloer an däitlech duergestallt gëtt.

Fir d‘CSV-Fraktioun besteet dann och keen Zweiwel datt e konsequente Rekrutement e Léisungsusaz wier. Wann ee weess datt een hannert dem „Plang“ hänkt, geet et net duer den Educateuren eng 4-Stonne Formatioun ze gi, et muss een Opportunitéite schafen. Mat onausgeräifte Reformen awer ass de Chaos virprogramméiert. An dat, esou de Claude Wiseler, wier symptomatesch fir vill Reformen.

Foto: Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler ass bereet sech fir eng besser Politik an der Chamber duerchzesetzen. Provokatioune geet hien aus de Féiss, Konfrontatioune begéint hie mat gudden Argumenter. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamber, Claude Wiseler, CSV
Nächsten Artikel Virrechten Artikel