Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Migratioun: De briteschen Dram
Neiegkeeten

Migratioun: De briteschen Dram

D‘Inneminister vu Frankräich a Groussbritannien hunn sech um Sonndeg op

money
Italien: Facebook bezilt beim Fisk seng Réckstänn
Neiegkeeten

Italien: Facebook bezilt beim Fisk seng Réckstänn

Facebook huet acceptéiert, der italienescher Regierung, eppes iwwer 100 Milliounen

Polen bereet 2 Milliarde fir eng US-Militärbasis ze bezuelen
Neiegkeeten

Polen bereet 2 Milliarde fir eng US-Militärbasis ze bezuelen

Polen ass bereet wéinstens 2 Milliarden US-Dollar op den Dësch

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!

Fir d’Editioun 2020 vum Cleantech Forum Europe ass Lëtzebuerg ausgewielt ginn. Als grousst internationaalt Evenement am Beräich vun der Technologie wäert de Forum et erméiglechen Iddien zu de leschten Tendenzen aus dem Secteur auszetauschen. Donieft ginn och lëtzebuergesch Organisatiounen a Projete mat grousser Dynamik aus der Technologie presentéiert.

Säit 2005 gëtt de CFE organiséiert an ass zanterhier een onëmgänglecht Evenement fir Investisseuren, Regierungs-Agencen, Entreprisen, KME’en a Start-Ups ginn. Bei dësen technologeschen Deeg, déi iwwregens vum Cleantech Group organiséiert ginn, wäerten och eng honnerten Delegéierter aus 30 verschiddene Länner deelhuelen. Ähnlech Forume ginn och all Joer an Asien an den USA organiséiert.

Ufank dës Jores haten de Wirtschaftsministère, Luxinnovation a Luxembourg for Finance d’Kandidatur fir Lëtzebuerg eragereecht. Um 22. Mee ass bei engem Gala-Dinner vun der Editioun vun dësem Joer zu Stockholm a Schweden d’Selektioun offiziell annoncéiert ginn.

„Mir sinn houfreg de 16. Cleantech Forum Europe zu Lëtzebuerg organiséieren ze dierfen. D’Stad befënnt sech am Häerz vun Europa an et weist de kloren an aktiven Engagement an der Entwécklung vun den Technologien, déi eng nohalteg Entwécklung am Beräich vun der Kreeslafwirtschaft, der Mobilitéit an den intelligente Stied fërderen“, sou de Richard Youngman, CEO vum Cleantech Group. Donieft erkläert hien, datt zwou vun de wichtegste Finanz-Institutioune vun der europäescher Ekonomie am Grand-Duché ze fanne sinn: déi Europäesch Investissementsfong an den Europäeschen Investissementsfong.

Cleantech an d’Kreeslafwirtschaft: zwee enk Kollegen

Laut dem Vize-Premierminister an Wirtschaftsminister Étienne Schneider muss d’Ekonomie vu muer souwuel d’Energiequellen, wéi och d’Benotzung vun innovativen Technologien an d’Digitaliséierung vun eiser Wirtschaft a Gesellschaft verbannen. „Mir brauchen a wëllen ee wirtschaftleche Wuesstem, mee een nohaltege Wuesstem mat erhéichter Liewensqualitéit. Déi lëtzebuergesch Regierung empfënnt eegen Technologien an d’Kreeslafwirtschaft als essentiell, fir d’Ziler ze erreechen. D’Decisioun de Cleantech Forum Europa 2020 zu Lëtzebuerg ze organiséiere weist kloert, datt mir um gudde Wee sinn“, sou de Minister weider.

De Programm vum Evenement am kommende Joer wäert d’Beräicher ofdecken, an deenen de Grand-Duché Virreider ass an esou seng Expertise weise kann. De Sasha Baillie, CEO vu Luxinnovation erkläert, datt mir mat interessanten Entwécklungen an de Stied an der intelligenter Mobilitéit, sou wéi dem Wuesstem vun de KME’en a Start-Ups de Forum déi eemoleg Geleeënheet bidde kann, fir der internationaler Communautéit eegen Technologien ze weisen.

Een nohaltege Finanzpol

Lëtzebuerg gëllt als nohaltege Finanzmotor. D’Entwécklungsagence vun Luxembourg for Finance dréit säi Beitrag zum Thema bäi an organiséiert een „Dinner fir Investisseuren“, fir esou den Echange tëscht de Participanten an Experten ze vereinfachen.

An dësem Kader erkläert den Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, datt de Forum eng exzellent Geleeënheet bitt, fir déi zuelräich passionéiert Projeten aus dem technologesche Beräich kennenzeléieren, déi da wuel och dozou bäidroe sollen, de weideren Ustig vun den Temperaturen ze reduzéieren. D’Entwécklung an d’Produktioun vun dëse Projete benéidegt natierlech Kapital. Als Pionéier vun de Fonge fir gréng an nohalteg Projeten hofft een och, datt dës wäertvoll Geleeënheet, déi verschidde Communautéiten esou no zesummen ze bréngen, datt d’Verspriechen géigeniwwer den zukünftege Generatioune wouer gemaach ginn.

Ähnlech Sujeten Cleantech Forum Europe, Etienne Schneider, Landwirtschaftsminister, Luxembourg for Finance, Luxinnovation, Technologie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel