Search

You may also like

Bergkarabach: den onversécherte Fridden
International Neiegkeeten

Bergkarabach: den onversécherte Fridden

Nodeems et dem russeschen Zar Vladimir Putin schéngt gelongen ze

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv
International Neiegkeeten

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv

D’Noriichte bleiwe weider gutt, wat d’Aarbechtslosegkeet am Land ugeet. Op

Kommentar: Alles eng Fro vu „best practice“
International Neiegkeeten

Kommentar: Alles eng Fro vu „best practice“

Déi kroatesch Presidence vun der EU hat d‘Justizminister aus de

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz

No der Nordea Bank kënnt elo mat Clearstream de gréisste Sozialplang fir Lëtzebuerg. Gutt 212 Persoune sinn dovu betraff. Duerch den technologesche Fortschrëtt gesäit d’Firma hir Zukunft op engem anere Site an Europa.

Um Dënschdeg Owend hunn ALEBA, den OGBL, de Finanzsecteur an den LCGB-SESF, sou wéi d’Personaldelegatioun vu Clearstream Banking a Clearstream International proklaméiert um 12. Dezember ee Sozialplang ënnerschriwwen ze hunn. D’Servicer vu Clearstream, déi hire Sëtz um Kierchbierg hunn, mussen sech domadder de gréisste Sozialplang vum Joer zouschreiwen. Et ass eng Decisioun, déi net vu Lëtzebuerg selwer getraff ginn ass, an awer betrëfft se 212 Persounen.

Effektiv kënnt d’Entscheedung vun der „Deutscher Börse“, zu der Clearstream och gehéiert. Duerch de Progrès an der Technologie, dee lues awer sécher a Richtung Automatiséierung vun de Prozesser geet, mussen eng Rei Plazen an Däitschland an am Grand-Duché ofgeschaaft ginn.

Natierlech geet et hei nees ëm de finanziellen Aspekt. Clearstream erhofft sech, duerch eng Verlagerung vum Standuert op manner deier Sitten an Europa, enorm Käschten ze spueren. „Enn Januar 2019 gëtt d’Halschent vun den 212 concernéierte Persounen informéiert, datt si bis 2021 goe mussen“, sou de Roberto Mendolia, ee vun de Fize-Presidente vun ALEBA. Heibäi hunn d’Salariéen d’Méiglechkeet sech fräiwëlleg ze mellen, fir de Site ze verloossen. Sollten sech bis Abrëll 2019 awer net genuch Leit gemellt hunn, ass ee gezwongen d’Leit ze zwéngen.

Fir een reiwungslosen Oflaf vum Plang garantéieren ze kënnen, sinn sougenannte Sécherheetsbarrièren opgestallt ginn. Esou soll dofir gesuergt ginn, datt déi betraffe Persounen herno net op der Strooss stinn a mat kompetenter Hëllef an hir Zukunft begleet ginn. „Mir musse kucke wéi mir et maache fir dës Platzen. Mir wäerten alles dofir maachen, fir dës Leit an eiser Gesellschaft ze behalen“, ënnersträicht den Roberto Mendolia.

Et ass net déi éischte Kéier, datt Clearstream ee Sozialplang opsetze muss. Schonn 2010 waren 28 Persoune betraff. „Mir hoffen, datt 2019 net ënnert dem Zeeche vum Aarbechtsverloscht stoe wäert“, sou de Patrick Michelet vum LCGB-SESF.

Related topics ALEBA, Clearstream, Kierchbierg, LCGB-SESF, OGBL, Sozialplang
Next post Previous post