Search

You may also like

dislike
Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba
Neiegkeeten

Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba

Um Mëttwoch huet Washington matgedeelt d‘Geschäftsbezéiungen tëscht amerikaneschen a kubaneschen

Steesel: 10. Internationale Meeting fir al Militärgefierer
Neiegkeeten

Steesel: 10. Internationale Meeting fir al Militärgefierer

De Weekend steet vrun der Dier an dier wësst net

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer
Neiegkeeten

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer

Zum 10te Gebuertsdag vun der Cité Bibliothéik huet de Schäfferot

Clever Fueren, Clever Lueden: Mat méi Opluetstatiounen, och fir Doheem

Clever Fueren, Clever Lueden: Mat méi Opluetstatiounen, och fir Doheem

Bei der Pressekonferenz haut de Moien hunn d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Energieminister Claude Turmes weider Moossname presentéiert, wéi d’Elektromobilitéit weider gefërdert soll ginn. Virun allem stinn dobäi d’Primmen fir de Kaf vun engem elektresche Gefier, weideren Installatiounen vun ëffentlechen „Chargy“-Statiounen oder och Opluetstatioune fir Doheem am Virdergrond.

Mam Energie- a Klimaplang PNEC (2021-2030) huet Lëtzebuerg uginn, bis an 10 Joer d’Zäregasemissiounen am Verglach zu 2005 ëm 55% ze reduzéieren. Virun allem den Transportsecteur huet een dobäi am Viséier. Hei sollen nämlech 2/3 vun den Emissiounen zu Lëtzebuerg hierkommen. Dekarboniséierung vum Transport gëtt elo ganz grouss geschriwwen.

Am Programm vun „Neistart Lëtzebuerg“ ass eng ganz Panoplie u Moossname virgesinn, fir d’Solarenergie an déi nohalteg Mobilitéit ze ënnerstëtzen, wouduerch gläichzäiteg och d’Wirtschaft an den Handwierk gefërdert solle ginn.

D’Ministesch Dieschbourg erkläert dofir:“ Den Hëllefsprogramm stäerkt de Secteur vum Handwierk an der Wirtschaft am Generellen a stellt an Agenda mat Léisungen duer, deen d’Transitioun zur Klimaneutralitéit fir d’Biergerinnen a Bierger vereinfacht.“

Fir eng nohalteg Mobilitéit – Wat ass geplangt?

Investissementer an den ëffentlechen Transport an d’douce Mobilitéit: Fir den Ausbau vum Zuch, Bus, Tram oder aner ëffentlech Transportmëttel well d’Regierung intensiv investéieren. Och bei der Realisatioun vun neie Vëlospisten, iwwerhaapt der vereinfachter Notzung vum Vëlo, huet ee wëlles sech anzesetzen.

D’Primmen fir emissiounsfräi Gefierer op 100 % eropschrauwen: D’Bevëlkerung soll Loscht op Elektromobilitéit kréien. D’Regierung huet decidéiert, datt beim Kaf vun engem neie Vëlo bis zu 600 € als Primm ugebuede ginn, bis zu 1.000 € beim Kaf vun engem elektreschen Quad, Moto oder Cyclomoto, sou wéi bis zu 8.000 € wann een en 100% elektreschen Auto, respektiv eng Camionnette keeft. Bei „Plug-In“-Hybriden (≤ 50 g CO2/km) sinn bis zu 2.500 € Belounung geplangt. D’Commande muss bis zum éischten Trimester 2021 gemaach sinn.

Wéi et schéngt, kënnt dës Moossnam scho super bei de Bierger un:

Clever fueren

E Subventiounsprogramm fir Opluetstatiounen Doheem: Wien elektresch fiert, dee muss säi Gefierer och Doheem kënnen oplueden. Um nationalen Niveau sollen d’Infrastrukturen verbessert ginn. Nieft dem Opstelle vun ëffentleche „Chargy“-Statiounen oder „Fast Chargy“-Statiounen, well een och d’Installatioun vu privaten Opluetstatiounen mat gréngem Stroum ënnerstëtzen. E Reglement ass um 1. Juli 2020 vum Regierungsrot ugeholl ginn, trëtt dann mam Ofschloss vun der reglementarescher Prozedur a Kraaft.

Einfach, komfortabel a sécher – mat der intelligenter Léisung kënnen gläichzäiteg e puer Gefierer opgeluede ginn. D’Demande fir finanziell Hëllef ze kréien muss spéitstens 12 Méint no der leschter Rechnung am Kader vum Investissement agereecht ginn. Weider Informatioune ginn et op www.clever-primes.lu oder via Telefon 8002 11 90

Related topics Carole Dieschbourg, Chargy, Claude Turmes, Clever fueren, Douce Mobilitéit, Ëffentlechen Transport, Elektromobilitéit, Hybrid, Nohaltegkeet, Opluetstatiounen, Plug-In, Primm
Next post Previous post