Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Teheran hëlt säin Atomprogramm nees op
Neiegkeeten

Teheran hëlt säin Atomprogramm nees op

D‘USA a Russland hunn en neien Atomwaffenentwécklungsprogramm, China hat säin

Gesond Iessen, méi beweegen: Wéi kann ee jonk Leit abezéien?
Neiegkeeten

Gesond Iessen, méi beweegen: Wéi kann ee jonk Leit abezéien?

Am Kontext vum nationale Kader Gesond iessen, méi beweegen (GIMB)

Déi lénk verwieren sech dem Fräihandelsaccord mat Japan
Neiegkeeten

Déi lénk verwieren sech dem Fräihandelsaccord mat Japan

De 17. Juli ass tëscht Japan an der EU de

Gréng sanéieren a renovéieren: D’Primme ginn eropgeschrauft

Gréng sanéieren a renovéieren: D’Primme ginn eropgeschrauft

Haut de Mëtteg hunn d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, an de Claude Turmes, Energieminister, de grénge Plang presentéiert fir méi clever ze wunnen. Mat der Erhéijung vun de Primmen soll de Bierger Sue spueren, wärend de Groussherzogtum sengem Klimazil e Stéck méi no kënnt.

Nodeems een de Beräich Transport ugaangen ass, kënnt elo d’Wunnen drun. Wie bis zum 31. Mäerz 2021 seng Commande areecht fir déi eege véier Wänn ze sanéieren, respektiv ze renovéieren, dee ka vu bis zu 65.000 € Hëllef vum Staat kréien. Esou bëlleg an attraktiv war et nach ni, säin Haus ëmzebauen, dovunner sinn d’Ministeren iwwerzeegt an hiewen d’Offer ervir, wéi eng Fernsehsreklamm.

Clever wunnen heescht Energie ze spueren, op erneierbar Energien zeréck ze gräifen, an doduerch en Deel zum Klimaschutz bäizedroen. Lëtzebuerg wëll eraus aus de fossillen Energie, sou datt och d’Loft méi propper gëtt an d’Liewensqualitéit klëmmt.

Clever wunnen

(v.l.n.r.) Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, an de Claude Turmes, Energieminister © SIP/JULIEN WARNAND

Wéi d’Ministesch Dieschbourg erkläert huet, géifen et 250.000 Wunneenheeten zu Lëtzebuerg ginn, wouvunner der 200.000 nohalteg beaarbecht kënne ginn. Gebaier géifen 12 % zum CO2-Ausstouss ausmaachen, a genee do sollt een elo agräifen: Op d’Energieberodung leet de Staat nach emol 50 % drop, wat dann ëm 3.300 € Bäihëllef bedeit. Laut der Ministesch ass de Beroder da scho quasi ganz bezuelt. Beim Sanéieren kann ee bis zu 30.000 € bäigeluecht kréien, fir eng Holzpalletheizung ëm 8.125 € a fir eng Wärmepompel ëm 13.000 €.

Hei kann een da vum komplette Pak, oder awer och vun eenzelen Offere Gebrauch maachen. Ausgerechent hunn d’Ministeren, datt eng Famill bei der Renovatioun vum ganzen Haus eng finanziell Hëllef vu bis zu 65.000 € kéint kréien. An elo nach emol: Et war nach ni esou bëlleg an attraktiv, fir säin Eegenheem fir de Klima an den eegene Portmonnie opzewäerten.

Am Kader vun Neistart Lëtzebuerg gëtt mat der grénger Relance och d’Handwierk ënnerstëtzt. Op Nofro huet den Energieminister matgedeelt, datt ongeféier 20 bis 25 Milliounen € pro Joer fir dës Moossnam virgesi sinn. Weider Informatioune kritt de Bierger op myenergy.lu, seng Demande kann een ënnert guichet.lu maachen. De komplette Plang fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, an de Claude Turmes, Energieminister © SIP/JULIEN WARNAND

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Clever wunnen, Erneierbar Energien, Fossil Energien, gréng Relance, Heizung, Klimaschutz, Klimazil, Primm, Renovatioun, Sanéierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel