Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kim Jong-un vs Donald Trump: Ee méi wéi nëmme symboleschen Handschlag
dating introduce yourself https://moien.lu/parrot-dating/

https://moien.lu/fortnite-custom-matchmaking-discord/

Si hunn sech, wat nach virun e puer Méint kee

celebs dating 2017
dating introduce yourself https://moien.lu/parrot-dating/

Heescht et deemnächst beim Notaire: „en français s.v.p.“ ? (Kommentar)

Den 12. August war op der Facebooksäit vu „Wee2050 /

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien
dating introduce yourself https://moien.lu/parrot-dating/

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien

Wéi sech de Gast Gibéryen (ADR) e Mëttwoch an der

Als Client vun der POST dierfs de net presséiert sinn (e Kommentar)

Als Client vun der POST dierfs de net presséiert sinn (e Kommentar)

Eng Cliente vun der POST (telecom) hat Enn Mäerz mëttels enger E-Mail bei hirem „Telecom-Provider“ eng Bestätegung ugefrot, datt déi mobil Telefonsnummer, déi si benotzt, och tatsächlech hir ass. Eigentlech eng Formalitéit an d‘Äntwert koum prompt: „… esou séier wéi méiglech …“

Nodeems – trotz Nofro – den 19. Mee der Cliente dës Bescheinegung nach ëmmer net konnt zougestallt ginn, ass d‘Fra dann an der Mëttegstonn an eng Agence gefuer, an zwar déi um Boulevard Royal, fir se net ze nennen. Gedëlleg huet si op hire Gespréichspartner gewaart. D‘Demande vun der Cliente huet de Mann hannert dem Schalter eppes verwonnert…

Hien huet dann och gemengt, datt esou eng Ufro net üblech wier, respektiv datt den Noweis wien hannert enger Telefonsnummer stécht, eigentlech der Police zousteet an et dann och kee Formulaire géif ginn, mat deem hien elo hëllefe kéint. Wéi d‘Madamm dem Mann vun der POST erkläert huet firwat si dësen ominéisen Noweis bréicht, konnt dann awer zu gudder Lescht e Wee fonnt ginn.

Datt bei ongewéinleche Fäll wuel eppes méi laang dauere kann, dogéint léisst sech elo kee gutt Argument fannen. Beim Service – an hei huet den Employé vun der Agence nees villes gutt gemaach – awer ass nach Sputt no Uewen. Et hätt een der Cliente deemno roueg dierfe matdeelen, datt et eppes méi komplizéiert ass d‘Ufro ze beaarbechten, oder si bieden an eng Agence ze goen.

Elo sollt een unhuelen dierfen, datt eng Entreprise där hiert Geschäft jo awer haaptsächlech eppes mat Kommunikatioun ze dinn huet, dat Handwierk och beherrscht. Dat war hei net de Fall, an dat ass a villen Hisiichte bedauerlech. Zum engem besteet d‘Méiglechkeet, datt ee keng Loscht hat oder e private Client net genuch Gewiicht huet fir seng Demande gläichberechtegt behandelt ze kréien.

A wann et der méi bei der POST géif ginn – an dat ass bestëmmt de Fall – wéi dee frëndleche Mann am Guichet vum Boulevard Royal, wier d‘Madamm och bestëmmt Client bliwwen. De ganze Stress wëll sech d‘Cliente dann awer keng zweete Kéier undoen an huet sech entscheet der POST de Réck zouzewennen. Geld kascht et iwwerall, an do wou engem e Service ugebuede gëtt, do geet een hin.

Interessant heibäi, de selwechten Dag wéi d‘Madamm hire Problem selwer enger Léisung zougefouert huet, hunn den Direkter an de President vum POST-Verwaltungsrot op e neits e ganz erfreeleche Bilan virgeluecht, an deem och d‘Telefonie als profitabele Service ervirgehuewe gëtt. Vun dëser Cliente dierft allerdéngs net méi vill am Bilan 2019 ze fanne sinn…

Foto: Peggy Choucair / Pixabay

Ähnlech Sujeten Kommunikatioun, Post Lëtzebuerg, Post Telecom, Servicesecteur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel