Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bam vum Joer 2019: d‘Flatter-Ulm
newspapers with dating adverts Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-hindu-girl/

De Bam vum Joer ass d‘Flatter-Ulme (Ulmus laevis), déi wéi

speed dating greensburg pa
newspapers with dating adverts Neiegkeeten

10 Joer Ettelbrécker Bibliothéik

Fir hiert zéngjäregt Bestoen ze feieren, organiséiert d’Ettelbrécker Bibliothéik eng

dislike
Déi Lénk: Solidaritéit mat Katalounien
newspapers with dating adverts Neiegkeeten

Déi Lénk: Solidaritéit mat Katalounien

Solidaritéit mat Katalounien, dat ass keen Dossier fir d’Regierung. Et

ClimateXchange – Kloer Fuerderungen, Iddien a Proposen vun der CNEL!

ClimateXchange – Kloer Fuerderungen, Iddien a Proposen vun der CNEL!

Nom Klimastreik vum 15. Mäerz, bei deem 15.000 Schüler op der Strooss fir méi Initiativen am Kampf géint de Klimawandel demonstréiert hunn, huet elo déi nationale Schüler Konferenz vu Lëtzebuerg CNEL hire Schlussrapport vun de 4 regionalen Echangen tëscht Schüler an der Regierung ofginn.

Tëscht dem 8. a 17. Mee sinn esou 4 Reunioune mam Numm ClimateXchange organiséiert ginn, un deene méi wéi 500 Schüler aktiv deelgeholl hunn. Beim Dialog tëscht de Lycéesschüler waren och déi dräi zoustänneg Ministèren – dorënner den Educatiouns-, Ëmwelt- a Landwirtschaftsministère – dobäi. Am Rapport, deen elo all d’Iddie vun dëse konstruktive Renconteren oplëscht, ass d’Syntheesen aus wichtegem Input a pertinente Proposen ze fannen. Eeneg ass ee sech awer an engem Punkt: De Kampf géint de Klimawandel ass net eleng d’Aufgab vun de Schüler, mee vu jiddwerengem ënnert eis.

‘‘Mir weisen awer dorop hin, an dëst kann een net ze vill betounen, dass d’Responsabilitéit fir d’Klimakris a fir d’Géigemesuren net eleng op dem Schüler, dem Bierger an dem Konsument seng Schëllere soll geluecht ginn. Dowéinst mussen de Staat an d‘Regierung och agräifen, fir klima- an ëmweltschiedlech Handlungen ze decouragéieren, ze verbidden, respektiv ze bestrofen, a positiv Géigemesuren ze encouragéieren, bezéiungsweis ze imposéieren“, esou d’CNEL am Rapport.

Beim Iwwerreeche vum Rapport waren den Claude Meisch, Educatiounsminister, de Kimon Leners, President vun der CNEL, de Xavier Bettel, Premierminister, den Romain Schneider, Landwirtschaftsminister an d’Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch dobäi. A senger Ried huet de Minister Bettel ënnerstrach, datt leider net all Länner esou ambitiéis virginn, wéi Lëtzebuerg. D’Regierung wier beréiert vum Asaz vun de jonke Leit, déi sech seriéis ëm hir Zukunft suergen.

ClimateXchange

De Claude Meisch, Educatiounsminister; de Xavier Bettel, Premierminister; d’Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch; de Romain Schneider, Landwirtschaftsminister zesumme mat de Representanten vun der CNEL am Staatsministère © ME

Eng gemeinsam Positioun gëtt gefuerdert

„De Klimawandel geet net nëmmen eng Generatioun un. Et geet eis all un“, sou de Xavier Bettel. D’Regierung wäert sech elo mat dësem Rapport zesumme setzen an diskutéieren, wéi eng Punkten een a wéi engem Beräich verwierkleche kann. Et wiere vill gutt Proposen dobäi, direkt dozou äussere wëll een sech awer eréischt, wann de Rapport am Detail gelies a beschwat ginn ass.

D’CNEL erhofft sech, datt ee sech spéitstens an 9 Méint, also ëm Ouschteren 2020 erëm gesäit. Trotzdeem wier ze wënsche, verschidden Iddie scho bei der Rentrée 19/20 ëmzesetzen.

De Schlussrapport: Angscht ëm d’Zukunft!

Am Ganzen hunn 9 Auteuren aus verschiddene Lycéeën de Rapport opgestallt. An engem éischte Schrëtt huet een hei nach emol een erklärend Wuert zum Klimawiessel an dem Accord vu Paräis verluer. Uschléissend sinn d’Ängscht vun der Jugend fir hir a kommend Generatiounen opgegraff: Extrem Wierderkonditiounen, Ausstierwe vun Déierenaarten, Bëschbränn an Deforestatioun sinn just e puer vun de Punkten. Am schlëmmsten ass et allerdéngs, wann een elo d’Aen virum Problem verschléisst.

ClimateXchange

Graff zesummegefaasst

Déi eenzel Punkte kënnen detailléiert am Schlussrapport vun der CNEL nogelies ginn.

Virschléi zum Thema Schoul

  • Solarzellen a Reewaasserreservoiren, datt d’Schoulen esou vill wéi méiglech eege Ressourcen notzen
  • Anstänneg isoléiert Gebaier
  • Reduktioun vun der Energie- a Waasserverschwendung duerch Sensoren
  • Offall minimiéieren, triéieren an entsuergen duerch d’Vermeidung vu Plastik, verschidde Recycling-Poubellen an ee Kompostsystem an de Schoulen
  • Ëmweltfrëndlech Transportgefierer fir d’Schüler, den ëffentlechen Transport méi attraktiv gestalten an optiméieren, Vëloen zur Verfügung stellen (nom Prinzip vum Vel’oh)
  • Sensibiliséierung duerch Coursen
  • Recycléierte Pabeier, Booksharing, Rocket Books an digital Bicher fir Pabeier ze reduzéieren
  • Fairtrade, regional a saisonal Produiten an de Kantinnen, gratis Waasserspender, Iessen ouni Verpackung, keen Eeweegeschir méi, fleeschfräi Deeg, Upassunge vun de Kantinnen un d’Unzuel vu Schüler
  • Ee Schoulgaart fir eege Liewensmëttel ze ziichten

Virschléi zum Thema nohaltegt Liewen an Ëmwelt

  • Bus- an Zuchnetz ausbauen an optiméieren, elektreschen ëffentlechen Transport, Kerosinsteier fir de Fliger, Nuetszich fir laang Reesen
  • Méi P&R’en an der Stad, autofräi Zonen, Carpoolingspuren, encouragéierend Gesetzer, Ausbau vun de Vëlosweeër, Ausbau vum Reseau vun den Opluedestatiounen
  • Besser Kennzeechnung en Erofsetze vu Liewensmëttel, déi kuerz virum Oflafe stinn, Offer just op Nofro, d’Norme beim Ausgesi vun de Produiten iwwerdrenken, Doggybags, gratis Krunnewaasser, Opstelle vun Drénkwaasser-Fontainen op ëffentleche Plazen
  • Fërderung vu verpackungsfräie Geschäfter, onnéidege Plastik vermeiden, CO2-Steier, Steier op exzessiven Offall, Verbuet vun Plastikstuuten am Uebst- a Geméisrayon, Laseren vum Barcode um Uebst a Geméis, Pfandsystem, Verbuet vu Werbegeschenker aus Plastik, erëm-verwendbar Menstruatiounsproduiten
  • Besser Ëffnungszäiten a méi eng komplett Offer bei de Recyclingszenteren, Gesetz géint Littering, Recyclings-Dreckskëschten an Äschebecheren, ëffentlech Botzaktiounen, direkt Trennung vun de verschidde Plastiker doheem
  • Verbuet vu Mikro- an Nanoplastik, Ofwaasser-Recyclagesystem (z.B. Duschwaasser fir d’Toilettespülung), Subventioune fir d’Notzung vu Growaasser
  • Notze vu Solar-, Waasser- a Wandkraaft, méi Biogasanlagen, besser Späichertechnologien, intelligent Heizsystemer fir al Gebaier, LED-Alternative fir al Stroosseluuchten

Virschléi zum Thema Landwirtschaft

  • Kloer Reegelungen am Label-Djungel, verständlech Informatiounen wou a wéi ee Produit hiergestallt ginn ass, Sensibiliséierung vum Konsumverhalen, eng App oder eng Internetsäit vum Staat fir ee Produit besser zeréckverfollegen ze kënnen
  • Méi Mäert a Foiren mat lokalen a regionale Produiten an all Regioun vum LandwirtschaftËffentlech Gäert, Zären a Bongerten an de Gemengen, Eegenubau an Handaarbecht nees méi attraktiv maachen, Besich vun de Bauerebetriber als pedagogesch wäertvoll Initiative
  • Fair Reegelungen fir grouss Liewensmëttelhändler, sou datt och kleng Produzenten eng Chance um Marché kréien
  • Kloer Reegelungen tëscht konventioneller a biologescher Landwirtschaft
  • Méi Alternativen zur Bio- a konventioneller Landwirtschaft, weider Fuerschungen an der Landwirtschaft
  • Sensibiliséierung fir de Wäert vun der Natur nees ervir ze hiewen,, méi gréng Zonen
  • D’Wichtegkeet vu lokalen Handwierker a Baueren ënnersträichen
  • Staatlech Ënnerstëtzung fir Baueren, déi hire Betrib ausbaue wëllen

Zu gudder Lescht geet d’CNEL nach ëmol dorop an, datt d’Aktiounen am Kampf géint de Klimawandel vu jiddwerengem komme mussen. Just am Zesummespill kann een dëse liewensbedreeleche Problem ugoen. Et sollt een generell d’Wäerter vun eiser Gesellschaft nees iwwerdenken an ee gemeinsamt nohaltegt Zil usteieren.

“The climate crisis has already been solved. We already have all the facts and solutions. All we have to do is to wake up and change.” Greta Thunberg, TEDx Stockholm.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Claude Meisch, Educatiounsminister; Kimon Leners, President vun der CNEL; Xavier Bettel, Premierminister; Romain Schneider, Landwirtschaftsminister; Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch © ME

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Claude Meisch, CNEL, Ëmwelt- a Klimapolitik, Klimastreik, Rapport, Romain Schneider, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel