Search

You may also like

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir
Neiegkeeten

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir

Bei enger Sëtzung mat senge Parteimemberen zu Ankara huet den

dislike
President Paul Kagame am Ruanda erëmgewielt
Neiegkeeten

President Paul Kagame am Ruanda erëmgewielt

E Samschdeg huet d‘Bevëlkerung vum Ruanda d‘Victoire vum neien ale

Fairtrade Lëtzebuerg: Schockela, Banann a Kaffi hu sech 2019 grousser Beléiftheet erfreet
Neiegkeeten

Fairtrade Lëtzebuerg: Schockela, Banann a Kaffi hu sech 2019 grousser Beléiftheet erfreet

Gëschter huet d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg seng Maartzuele vum Joer 2019

Gréng Fraktiounscheffin am Clinch mat Fage

Vill verschidde Kapen an eng Politik déi der Iechternacher Sprangprëssessioun gerecht gëtt

Gréng Fraktiounscheffin am Clinch mat Fage

Wie mengt et kéint een et net jidderengem Recht maachen, dierf sech net politesch engagéieren. Hei gëtt et zuweile scho Mënschen déi, zumindest Wuertgewant, ëmmer nees de Versuch an Ugrëff huelen de Wieler ze demonstréiere wéi een dat mat der Quadratur vum Krees an Theorie hikritt.

Lëtzebuerg huet sech dem „éiwege Wuesstem“ verschriwwen an och déi gréng sinn éischter pro-Investitioun, wann et Aarbechtsplazen abréngt. Dat féiert dann awer zu Géigesätzleche Positiounen, déi dem Wieler net ëmmer esou ganz verständlech sinn. Esou d‘Beispill vum franséische Konzern „Fage“ dee sech an der Industriezon Wolser tëscht Beetebuerg an Diddeleng installéiere wëll.

D‘Josée Lorsché ass dann och net nëmmen déi éischt Schäffin vun der Gemeng Beetebuerg, si ass och Deputéiert an d‘Presidentin vun der Fraktioun „déi gréng“ an der Chamber. Als Deputéiert hat Si den 2. August 2018 an hirer Fro (3969) schonn emol d‘Fro opgeworf, wat dann déi zoustänneg Ministèrë motivéiert huet, Terrainen u friemlännesch Investisseuren ze verkafen?

Elo huet d‘Josée Lorsché de 27. August nach emol nogeluecht. An hirer Fro (2738) weist si dann nach emol drop hinn, datt déi an der Fro vum August 2018 genannten Entreprisen „ausnamsweis“ d‘Acquisitioun vun Terrainen zur industrieller Notzung zougestane kritt hunn. Wat elo méi prezis d‘Kausa Fage International S.A. betrëfft, esou huet déi gréng Politikerin zolidd bedenken.

An der Äntwert op d‘Fro 3969 hätten déi zoustänneg Minister ënnerstrach, datt d‘Produktioun vu griicheschem Jughurt eng wirtschaftlech Aktivitéit mat héijer Plus-value a staarker kapitalistescher Intensitéit ass, déi sech perfekt an de Kader vun den Aktivitéiten areit, déi d‘Politik am Kontext vun der wirtschaftlecher Prospektioun, esou wéi vum Wirtschaftsministère gewënscht, verfollegt.

De Fanger an d‘Wonn geluecht

Mat der erneiter Fro un de Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) setzt d‘Josée Lorsché de Koalitiounspartner awer weider ënner Drock. Fage International S.A. huet säin europäeschen Etat-Major jo och hei am Land, firwat et a gewësser Mooss richteg ass, datt de Minister esou ee Konzern bei der Erweiderung vu sengen Aktivitéiten ënnerstëtzt. An Aarbechtsplaze sinn och wichteg…

Mee als Minister muss een och de generellen Interessi am Bléck hunn, an do kann ee sech nach esou gutt verstoe wéi ee wëll, gëtt dësem Prinzip widdersprach, da kënnt et zum Sträit. D‘Etüd zum Impakt op d‘Ëmwelt läit zanter dem Hiecht 2019 vir, an bis zum 10. August konnten d‘Awunner vu Beetebuerg schrëftlech hiren Avis an d‘Reklamatiounen un de Schäfferot riichten.

Eng Fro déi d‘Leit schéngt beschäftegt ze hunn, bezitt sech op de Optraggeber vun dëser Etüd, firwat d‘Fraktiounspresidentin vun déi gréng elo vum Wirtschaftsminister wësse wëll, wien fir d‘Etüd bezilt, wie fir d‘Kompenséierungsmoossnamen opkënnt a zu gudder Lescht, wien den Ofwaasserkanal (1.300 Meter laang) bis an d‘Uelzecht bezuele soll? Wichteg Froen also…

Et dierf dann nach drop higewise ginn, dat déi ëffentlech Consultatioun (an engem Dossier deen net manner wéi néng Classeure fëllt) fir interesséiert Bierger eng zimmlech komplizéiert Ugeleeënheet muss gewiescht sinn, an et bis ewell net gewosst ass, op de Schäfferot selwer, mat all dëse Piècen op ee gréngen Aascht komm ass. D‘ONG Natur & Ëmwelt ass jiddefalls schwéier gelueden.

Bedenklech Fakten

Wärend geséchert ass, datt och wann d‘Josée Lorsché mat hire ville Kapen éischter géint de Projet Fage ass, dat well si jo engersäits an der Verantwortung als éischt Schäffin vu Beetebuerg hire Bierger verflicht ass, an anersäits als gréng Politikerin fir Natur- an Ëmweltschutz antrëtt, déi gréng an der Regierung sinn, si folgerichteg de Regierungsprogramm an de Projet stäipe missten.

Et gëtt méi Froe wéi Äntwerten, well d‘Regierung hir „Geschäfter“ mat den Industriellen ëmmer hannert zouen Diere regelt. D‘Josée Lorsché déi wuel net dogéint ukämpfe kann, wëll elo awer wëssen, wéi et ka sinn, datt den Terrain schonn 2017 un de Konzern verkaf gouf, ouni dat dofir eng Betribserlaabnes (bis haut) huet? Dat war „fréier“ emol eng Grondviraussetzung, heescht et.

Interessant dann och d‘Feststellung, datt de Rechnungshaff, sech nach emol mat dësem mëttlerweil däregen Dossier befaasse wëll. An huet et net emol geheescht, datt een zukünfteg nëmmen nach wëll op Entreprise bauen, déi eng nohalteg an ëmweltfrëndlech Produktioun am Sënn hunn? A vergiesse mir vu lauter „Fage“ net, datt och nei Technologien net zwéngend Ëmweltfrëndlech sinn.

Illustratioun: Kënnen sech déi gréng Deputéiert erlaben de Projet „Jughurtsfabrick“ an der Chamber a Fro ze stellen, a wie weess esouguer ze kippen? Eng Äntwert op dës Fro wäert a muss et nach an dëser Legislaturperiod ginn. © Michu Dang Qang / unsplash

Related topics déi gréng, Fränz Fayot, Industriezon Wolser, Josée Lorsché, Jughurtsfabrick, Koalitiounsregierung, nohalteg Entwécklung, Wirtschaftsminister
Next post Previous post