Search

You may also like

What the Fakt – Dänemark erlaabt säit 1989 d’agedroe Partnerschaft fir Homosexueller
Neiegkeeten

What the Fakt – Dänemark erlaabt säit 1989 d’agedroe Partnerschaft fir Homosexueller

D’Skandinavier waren eis jo schonn ëmmer am viraus. Mee wousst

Trump-Diplomatie vum feinsten
Neiegkeeten

Trump-Diplomatie vum feinsten

Nodeems den Donald Trump sech gëschter fir de Boris Johnson

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv am August
Neiegkeeten

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv am August

Et ginn op mannst zum Deel gutt Noriichten um Aarbechtsmaart:

Cloche d’Or: Aweiung vun der Passerell fir Foussgänger a Cyclisten

Cloche d’Or: Aweiung vun der Passerell fir Foussgänger a Cyclisten

Gëschter huet déi offiziell Aweiung vun der Passerell fir Foussgänger a Cyclisten um Ban de Gasperich stattfonnt. Den alldeegleche Wee vum P+R Süd huet sech, duerch de Verkéier, als kritesch Situatioun erausgestallt, wouduerch een d’Gefor mat dëser Passerell elo entschäerfe kann.

De séchere Wee fir Foussgänger a Cyclisten verleeft iwwert den CR231 (Boulevard Raiffeisen), tëscht dem Enn vum Ban de Gasperich op der Héicht vum neie Supermarché an dem Trottoir beim Rondpoint Houwald. Dobäi kommen d’Notzer och laanscht de P+R Süd a seng Extensioun.

Op enger Längt vu ganzer 36,5 Meter a mat enger breet vun 3,15 Meter verleeft d’Passerell iwwert d’A3. Duerch d’Drénglechkeet handelt et sech just ëm eng provisoresch Léisung, wouduerch d’Pist och net um nationale Reseau vun de Vëlosweeër vertrueden ass. Nom Enn vum Reamenagement vum Boulevard Raiffeisen kann een dann déi endgülteg Léisung erwaarden.

D’Aarbechten hunn den 20. Januar 2020 ugefaangen a konnten de 14. Juli 2020 ofgeschloss ginn. Duerch de Lockdown koum et vu Mëtt Mäerz bis Enn Abrëll zur Ënnerbriechung vum Chantier. D’Käschte leie bei enger Millioun Euro (htva), wouvunner 250.000 Euro an d’Passerell investéiert gi sinn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Maurice Bauer, Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg; Marc Lies, Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper; François Bausch, Vize-Premier, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten; Patrick Goldschmidt, Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg Georges Beck, Schäffe vun der Gemeng Hesper; Frédéric De Oliveira, Stroossebauverwaltung/DOA; Robert Biel, Stroossebauverwaltung/DTN © MMTP

Related topics Boulevard Raiffeisen, Cloche d'Or, CR231, Cyclisten, Foussgänger, François Bausch, Gefor, Hesper, offiziell Aweiung, P+R Süd, Passerell, Reamenagement, Stroossebauverwaltung, Transport, Verkéier
Next post Previous post