Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Taina Bofferding beim FNCTTFEL
hook up for a tenant

D’Taina Bofferding beim FNCTTFEL

Gëschter huet eis Inneministesch Taina Bofferding d’Vertrieder vum Landesverband (FNCTTFEL)

rock n roll online dating
hook up for a tenant

quezon city dating

Wien der bei den Europawahlen an enger Landtagswahl (Bremen) esou

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!
hook up for a tenant

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!

Eng Kéier d’Stonn soll den Zuch tëscht Lëtzebuerg a Wittlich

„Casier-bis“ – Dateschutzkommissioun mat Etüd beschäftegt

Wa sech nach net emol déi kompetent Institutioun CNPD zu enger klorer Ausso duerchrénge kann

„Casier-bis“ – Dateschutzkommissioun mat Etüd beschäftegt

Den Dossier ëm déi ominéis Datebank vun der Police, déi vun den zoustännege Ministeren als zentrale Fichier vun der Police verkläert gëtt, kritt den Deckel net zou. Nodeems d‘Oppositioun d‘Äntwert op hir Froen als net zefriddestellend presentéiert huet, wollten d‘CSV-Deputéiert vun der Dateschutzkommissioun d‘Fro beäntwert hunn, ob alles mam Dateschutzgesetz kompatibel ass.

Si hate grouss Hoffnungen op d‘CNDP gesat an där hir Vertrieder an d‘Kommissioun bestallt, wou si sech Äntwerten op folgend Froen:

  • Wéi ass d‘Positioun vun der CNPD géintiwwer dem Fait, datt eng 2.000 Polizisten op den zentrale Fichier vun der Police zougräife kënnen?
  • Wat halen si dovunner, datt d‘Date vu Bierger, déi ni ugeklot goufen oder deenen hir Veruerteelung mëttels Rehabilitatioun obsolet ginn ass, nach ëmmer an dësem Fichier enthale sinn?
  • Wat hält d‘CNPD dovunner, datt déi Daten op onbestëmmten Zäit archivéiert ginn?
  • Wéi ass d‘Positioun vun der CNPD géintiwwer den Date vu Mannerjäregen, déi am zentrale Fichier vun der Police solle gespäichert sinn?

erhofft haten. D‘Tine Larsen, Cheffin vun der „kompetenter Autoritéit a Saachen Dateschutz“ huet den Deputéierten awer statt enger Äntwert, déi kal Schëller gewisen. Si huet vum Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng) den Optrag erhalen eng Etüd zu dësem ëmstriddene Sujet ze maachen. Äntwerte géif et, esou d‘Tine Larsen, wann d‘CNPD seng Etüd ofgeschloss huet.

Onofhängeg Autoritéiten

Fir d‘CNPD, déi och soss „gefillt“ net dat Vertraue verdéngt dat hir allgemeng zougestane gëtt, ass dat eng gewote Positioun, zumindest am Bezuch op déi eegen Onofhängegkeet an der Tatsaach, datt si sech sengerzäit extreemst kritesch géintiwwer dem Gesetzprojet zum Dateschutz geäussert hat. Hei kann een dann awer der Oppositioun net verdenken, datt „spekuléiert“ a „polemiséiert“ gëtt.

D‘CNDP, déi aus Mangel u Personal den Dateschutz op der Aarbechtsplaz quasi „ad acta geluecht huet“ an hirer Missioun nëmmen nach ënner Zwang nokënnt, muss sech dann elo och gefale loossen, datt d‘CSV-Deputéiert der Presidentin vun dësem Veräin ënnerstellt, op Uerder vun der Regierung de Skandal ënnert den Teppech ze kieren. Déi wëll d‘Etüd awer am Oktober ofliwweren.

Säitens déi lénk kann ee sech iwwert esouvill „Récksiicht“ nëmme wonneren. D‘LSAP mengt datt ee vläicht d‘Gesetz net bis zu Enn geduecht huet a bei der DP ass een der Usiicht, datt et vläicht noutwenneg ass, fir all Fichier (Datebank) e spezifescht Gesetz auszeschaffen. Dat alles dierft eis, ugesiichts dem provozéierten Dissens, nach laang beschäftegen a méiglecherweis Folgen hunn.

Voll krass…

Et gëtt awer och „Lëschteges“ ze beriichten. Während d‘Date vun de Bierger am zentrale Fichier ni geläscht ginn, also d‘Poliziste Joerzéngten al „Informatiounen“ ofruffe kënnen, kann d‘CNDP, wat den Zougrëff op dës Date betrëfft, nëmmen dräi Joer zréckblécken. D‘Tine Larsen huet awer duerchblécke gelooss, datt dësen Delai op fënnef Joer soll verlängert ginn. Wéinstens eppes…

Bei der ADR wëll een an dësem Zesummenhang dem Bierger och méi Rechter araumen. De Roy Reding verlaangt net zu Onrecht vun der CNPD, d‘Ausschaffe vun engem Standard-Formulaire, mat deem de Bierger bei der Police ufroe kann, wéi eng Donnéeën iwwert hien an dësem zentrale Fichier gespäichert sinn. Domatter awer dierft d‘CNPD endgülteg iwwerfuerdert sinn.

Den Dossier „Casier-bis“ wäert eis wuel oder iwwel duerch d‘Summerpaus begleeden, well déi Deputéiert nach weider Reuniounen organiséiere wëllen. Si wëllen och déi 2015 opgeléiste Kontroll-Autoritéit nach emol convoquéieren. Déi war mam Gesetz zum Dateschutz opgeléist ginn an hir Missiounen a Kompetenzen der CNPD iwwerstallt ginn. Un der Kompetenz gëtt et Zweiwel…

Ähnlech Sujeten Casier-bis, CNPD, Dateschutzkommissioun, Tine Larsen, Zentrale Fichier vun der Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel