Search

You may also like

Vun der Strooss an d’Politik: Wéi d’Greta eis d’Zukunft virun Aen hält
Neiegkeeten

Vun der Strooss an d’Politik: Wéi d’Greta eis d’Zukunft virun Aen hält

Op den Dag genau ass et ee Joer, datt d’Greta

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung
Neiegkeeten

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung

Während gëschter den ganzen Dag iwwer a bis an d‘Nuecht

Vereedegung vun engem Offizéier bei der Lëtzebuerger Arméi
Neiegkeeten

Vereedegung vun engem Offizéier bei der Lëtzebuerger Arméi

Gëschter ass net nëmmen den neie Stabchef vun der Lëtzebuerger

D‘Schoul fänkt haut nees un

No siwe Wochen Zwangspaus an Schoul-Doheem, gëtt um haidege Méindeg déi éischt Etapp vun der Reprise agelaut. Net alleguerten d‘Acteure sinn erfreet, d‘Schüler hir Elteren an d‘Enseignante gesinn de Schoulufank kritesch.

D‘Schoul fänkt haut nees un

Ab haut ginn d‘Ofschlossklassen nees an d‘Schoul, nächste Méindeg soll de ganze Secondaire nees aktivéiert ginn, iert et dann Enn vum Mount och fir d‘Schüler aus dem Primaire dann nees heesche sollt: „Leiert fir d‘liewen“. Bei der Schülerkonferenz (CNEL) hält sech d‘Begeeschterung, bezunn op déi begleedent Moossnamen, eppes a Grenze firwat si Äntwerten op hir Froe verlaangen.

Eng vun de grondsätzlechen: „Wéi soll een am ëffentlechen Transport de Sécherheetsofstand anhalen? Gëtt et méi Busser? Wien d‘Schoulbusser kennt, weess, datt déi éischter voll besat, wéi hallef eidel fueren, och wann elo an der éischter Etapp, dëse Problem nach net imminent ass. Dat awer géif sech schonn de nächste Méindeg ganz anescht presentéieren. An dat ass just fir de Wee.

Onverständnis dann och am Bezuch op d‘gréisst vun de Klassen. Wéi ginn d‘Schüler do opgedeelt? Eng Rei Etablissementer, esou d‘CNEL hätten dozou schonn Informatioune weidergereecht, anerer schéngen dogéint nach guer kee Plang ze hunn. An dann, wéi deelt een eng Klass op? Geet dat no Alphabet oder Wëssensstand? Wéi a wat muss een doheem virbereeden op der opschaffen?

Froen déi sech net nëmme fir d‘Schüler, mee natierlech och fir d‘Enseignante stellen, vun deenen sech der vill zimmlech eleng an op „sech gestallt“ fillen. Datt den Elteren dës „Suergen“ net friem sinn, an et do zolidd bedenke gëtt, besonnesch wann eng Persoun am Menage zu der sougenannte Risikogrupp gehéiert. A wat geschitt, wann an enger Schoul en Infektiounsfall festgestallt gëtt?

En eenzegt Gebastels

Dat bréngt eis Zréck bei den Avis vun der Schülerkonferenz, déi sech dann och op d‘Tester beruffen déi d‘Schüler iwwert sech ergoe loosse mussen. Si bemängelen, datt d‘Testzenter fir d‘Schüler weder no bei der Schoul nach beim Wunnsëtz ugesidelt sinn. Si verweisen drop, datt d‘Primaner aus der Stad beispillsweis misste bis op Käerjeng oder Jonglënster reese fir sech testen ze loossen.

Wéi soll dat goen? Net all Ofschlossschüler huet e Führerschäin an en Auto, Covoiturage fält aus de bekannte Grënn aus, an net all d‘Eltere kënnen als „Coronavirus-Test-Taxichauffer“ asprangen. Do hätt ee kënnen drun denken, mee dat ass a politesche Kreesser den Ament schwiereg. Gutt elo ee Raum wou d‘Schüler vun enger Schoul een nom anere Getest kéinte ginn, wier en Usaz gewiescht.

An den Alters- a Fleegeheemer ass et jo och méiglech Ekippen ze delegéieren, déi op der Plaz d‘Leit testen. Grad wëll et an Etappen nees an d‘Schoul geet, wier dat eng Optioun gewiescht, mee dat wier net emol ugedeit ginn. Net manner problematesch verhält et sech mat de Prüfungen, wou d‘CNEL bedauert, datt et keng eenheetlech Léisung gëtt, firwat och do nach Problemer entstinn.

Illustratioun: © Dmitry Ratushny / unsplash

Related topics CNEL, Coronavirus, Covid19, Ëffentlechen Transport, Prüfungen, Reprise, Schoul, Sécherheetsofstand, Tester
Next post Previous post