Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Legal… Illegal… Schäissegal…
Kultur Neiegkeeten

Legal… Illegal… Schäissegal…

Lëtzebuerg wäert de rekreative Konsum legaliséieren, am Frankräich ass esouguer

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp
Kultur Neiegkeeten

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp

Um haitege Mëtteg sinn de Buergermeeschter, wéi och dräi Schäffe

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir
Kultur Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir

Bei eisem däitsche Noper lafen aktuell ënnert anerem zu Tréier

CNL – Ee YouTube-Channel fir Literatur

D’Kanner- a Jugendliteratur aus Lëtzebuerg kënnt heem bei Iech.

CNL – Ee YouTube-Channel fir Literatur

De Jo Lendle, Hanser-Editeur, huet et gesot: „Zeit für Bilderbücher, Kinderbücher, Jugendbücher. Gelegenheit für eine Alphabetisierungswelle, wie es seit Harry Potter keine gab.“ De Centre national de littérature – Lëtzebuerger Literaturarchiv deelt déi Meenung a wënscht sech d’datt Kanner a Jugendlecher, déi als éischt doheem hu misse bleiwen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. D’Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus Lëtzebuerg an d’Illustrateuren hunn an de leschte Jore spannend Geschichten am Original an an Iwwersetzung virgeluecht. Zesumme mat hinnen an hiren Editeure wëlle mir Iech elo déi Literatur mi no bréngen – mat Liesungen.

Dofir hu mir elo e YouTube-Channel ageriicht, deen Dir HEI fannt.

Dës Offer versteet sech als Complement zu der wonnerbarer Initiativ vu Maskénada a Serge Tonnar „Live aus der Stuff“. Mir leeën onse Schwéierpunkt an enger éischter Etapp op d’Literatur fir Kanner a Jugendlecher, schléissen awer net aus och Literatur fir Erwuessener mat dobäi ze huelen. Mir wëllen och bewosst kee Livestream maachen, fir den Oflaf vum Alldag bei de Kanner net virzestrukturéieren oder ze ënnerbriechen, wa Hausaufgabe solle gemaach ginn. Mir hunn ons och fir youtube entscheet, well net jiddereen op Facebook ass.

Den CNL – Lëtzebuerger Literaturarchiv huet Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller an hir Editeuren ugeschriwwen a se agelueden, matzemaachen. Dës Initiativ versteet sech och als e modeste Bäitrag, ons Auteure finanziell ze ënnerstëtzen an och d’Editeuren, bei deenen d’Rechter leien. Och wëlle mir d’Lieserinnen a Lieser encouragéieren, weider Geschichten ze entdecken, andeems d’Bicher direkt beim Editeur oder bei de Librairië bestallt ginn. Iwwregens verschécken zu Lëtzebuerger d’Librairen gratis – net eréischt säit Corona-Zäiten.

  • Mir fänken un mat „So mol Lobo“ vum Christiane Kremer, eng Geschicht iwwer d’Schwätzen. An doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen. D’Erzielung mat Illustratiounen vum Vincent Biwer ass fir Kanner vu 4 bis 7 Joer. D’Buch, dat 2019 de Buchpräis vun der Bicherfederatioun an der Kategorie ‘Kannerbuch’, ass bei Kremart Edition erauskomm. D’Buch kritt Dir iwwer kremart.lu oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg.

Dës Woch kënnt nach weidert Material no.


  • „Alles just gedreemt“ vum Luc Marteling a Paulette Thinnes-Kaufmann: D’Erzielung, déi sech u Kanner vun 3 bis 7 Joer riicht, ass aus dem Buch »D’Lalumi a seng Dreem«, dat 2012 bei den Editions Saint-Paul erauskoum. Dir héiert um CNL – Lëtzebuerger Literaturchannel awer d’Liesung, wéi se op der Audio-CD »Lalumi – seng Frënn – seng Dreem – seng Reesen« ze héieren ass. Déi ass bei den Editions Schortgen erauskomm. 7 Geschichten sinn op der CD iwwert Verwandelungskënschtlerin Lalumi. Matgewierkt hu Luc Marteling, Paulette Thinnes-Kaufmann, Christiane Kremer, Alain Atten a Jérôme Kauffmann.CD kritt een iwwer editions-schortgen.lu oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg.

  • „Eng Taass fir d’Nefertiti Nilpäerd“ vum Guy Helminger mat Illustratiounen vum Manuela Otten: D’Erzielung riicht sech u Kanner bis 7 Joer. D’Buch ass an der lëtzebuergescher Iwwersetzung vum Auteur selwer beim Verlag capybarabooks erauskomm.
    D’Buch kritt Dir iwwer www.capybarabooks.com oder bei de Librairien zu Lëtzebuerg.

An da komme nach weider Liesungen – gitt reegelméisseg op de Site kucken!

Matgedeelt vum Nationale Literaturzenter zu Miersch (CNL).

Ähnlech Sujeten Alles just gedreemt, Capybarabooks, CNL, Coronavirus, Eng Taass fir d’Nefertiti Nilpäerd, Literatur, Nationale Literaturzenter, So mol Lobo, Youtube
Nächsten Artikel Virrechten Artikel