Adapto a CAPABS: Ännerungen beim spezifeschen Transport
Wéinst de jéngsten Entwécklunge kënnt et zu Ännerungen beim Transport fir Persoune
Wéinst de jéngsten Entwécklunge kënnt et zu Ännerungen beim Transport fir Persoune
Zanter Mäerz beherrscht den Thema „Covid19“ d‘Aktualitéit an den Alldag
No engem Tour duerch déi Escher Geschäftswelt leschte Méindeg, huet
Déi national Gesondheetskeess (CNS) huet lescht Woch misse feststellen, datt an hirer Administratioun Geld verontreit gouf vun zwee Agente vum Betrib.
Déi concernéiert Persoune sinn direkt vun hirem Service dispenséiert ginn. D’CNS ass déi noutwenneg intern, legal a juristesch Schrëtter agaange säit de Fall opgeflunn ass. Esou hu si eng Plainte agereecht an d’Justiz gouf mam Fall befaasst.
De Christian Oberlé, President vun der CNS huet mam Conseil d’Administration vun der CNS eng Reunioun organiséiert, déi de 4. Februar d’Memberen iwwert de Virfall informéiert huet. Haut huet dann och de Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet, d’Membere vun der parlamentarescher Kommissioun fir Aarbecht a Beschäftegung, wéi och d’Membere vun der Sozialversécherung informéiert.
An dësem fréie Stadium ass et awer nach net méiglech, méi Informatiounen zur Enquête ze kréien.