Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tätowéierinne solidaresch am Kampf géint de Broschtkriibs
https://moien.lu/00-free-dating-sites/

Tätowéierinne solidaresch am Kampf géint de Broschtkriibs

Mat der „Ladies Tattoo Convention“ an den Hale vun der

hook up solenoid
https://moien.lu/00-free-dating-sites/

https://moien.lu/bellevue-hookup-bars/

Et gëtt vill Grënn firwat d‘Mënschen es der Politik iwwerdrësseg

G7-Sommet Biarritz: Alles en eenzegt Gestreits?
https://moien.lu/00-free-dating-sites/

G7-Sommet Biarritz: Alles en eenzegt Gestreits?

D‘USA wëlle franséische Wäi besteiere wa Frankräich eng Digitalsteier fir

Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence

Falls nach Zweiwel bestanen hunn wien d‘Politik beaflosst…

Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence

Et war kengem opgefall nach net emol eis – wat wuel näischt ze bedeiten huet an awer – dofir awer dem Deputéierten Yves Cruchten (LSAP) deen dann och emol dem Parteikolleg an Ausseminister Jean Asselborn zum Sponsoring eng parlamentaresch Fro gestallt huet. Dee gesäit kee Problem…

Am Fall vun der rumänescher EU-Presidence hat et dann och eng Rei aner Suerge ginn, déi scho fir déi eng oder aner journalistesch Interventioun Suerg gedroen hunn. Rumänien huet, dat ass gewosst en Korruptiounsproblem. Och den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hat Bedenke geäussert. Dat gewosst, kritt de „Sponsoring“ duerch Coca-Cola e batteren Nogeschmaach.

De Fait, dat sech d‘Politik hei engem Sponsor bedéngt fir seng Presidence „finanzéiert“ ze kréien, ass u sech schlëmm genuch. Datt et och ausgerechent den US-Konzern Coca-Cola ass – dee sech natierlech aus der Politik eraushält – deen d‘Presidence finanzéiert, ass net witzeg. Vun enger sozialistesch gefouerter Regierung, hätt sech dann och eppes méi Fangerspëtzegefill erwaart.

Ass et de richtege Wee?

Mee d‘Welt ass wéi se ass: „am Wandel“. Et gëtt kaum nach Saachen déi esou sinn wéi et „fréier“ emol war. An dëst op neits als „politesch Trauerspill“ ze bezeechne mécht wéineg Sënn. Sécher dierft sinn, datt esou eng Entscheedung net derzou bäidroe kann, d‘Kredibilitéit vun der Presidence u sech, mee och der Institutioun „Europa“, ze erhéijen. De Sponsor hätt jo gären eppes fir de Goss.

Coca-Cola

Coca-Cola leescht säi Beitrag zur Ëmweltverschmotzung. Als Sponsor vun der rumänescher Presidence, dierften hir Plastiksfläschen nach ee laang Zukunft virun sech hunn… also zumindest a Rumänien.

Op där aner Säit gëtt et all déi, wou souwisou dovunner iwwerzeegt sinn, datt vill Gesetzer direkt vun de Konzerner – iwwert de laangen Aarm vun hire Lobbygruppen – abruecht ginn. Dat stëmmt leider och, well et gëtt sech net emol méi beméit beim „Copy-Paste“ Verfahre wéinstens d‘Feeler am Text ze berengegen. Iwwert de Sponsoring ginn Entreprisen dann elo direkt involvéiert, oder?

Eng Äntwert déi wäit blécke léisst

A senger Äntwert, huet den Ausseminister Jean Asselborn, deen soss eigentlech éischter mat senger Wäitsiicht opfält, interessantes – besonnesch fir den EU-Wahlkampf – bekannt gemaach, zumindest elo offiziell. Esou stellt de Sozialist fest, datt esou eng Presidence an d‘Käschte geet, an eben net all Land déi néideg „Wirtschaftskraaft“ huet, esou eppes aus dem eegene Budget eraus ze finanzéieren.

Zudeem géif esou e „Sponsoring“ masseg Virdeeler mat sech bréngen. „De Sponsoring kann d‘Opportunitéit bidden, mat lokalen Institutiounen an Entreprisen se schaffen, déi een engem internationale Public presentéiere wëll“, heescht et an der Äntwert. Gutt Coca-Cola ass keng rumänesch also „lokal“ Entreprise, déi een engem internationale Public presentéiere misst…

Mir maachen et jo och!

De Coca-Cola Sponsoring elo mat der gesponserter EU-Presidence ze vergläichen, bleift awer ee staarkt Stéck. Woubäi mir eis BMW BeLux ugelaacht hate fir d‘Ministeren an d‘Delegatioune ronderëm ze kutschéieren. Ansonste waren et Lëtzebuerger Entreprisen, wéi d‘Luxair oder Bofferding déi „matgemaach“ hunn. An déi schreiwe keng Gesetzer. (also bis ewell nach net)

Coca-Cola

Rumänien verdeedegt déi ethesch Wäerter wéi se d‘Korruptioun bekämpft: guer net!

Wann de Jean Asselborn dann a senger Äntwert nach vermierkt, datt et wierklech wichteg ass all Interessekonflikt ze vermeiden – op empfonnt oder gefillt – fir d‘Onparteilechkeet sécherzestellen, an hei misst uecht gedoe ginn, datt de Sponsoring „transparent“ soll sinn, stellt sech d‘Fro ob de gudde Mann net schlecht „berode“ ginn ass. Well hie schéngt net ze wësse wien Coca-Cola ass.

Woubäi elo nach ze bemierke wier, datt d‘EU tatsächlech en Europa vun de Konzerner a net vun de Bierger ass. Nei ass dat d‘EU zum Europa vun den US-Konzerner verkënnt. Och esou Detailer sollt sech de Wieler de 26. Mee an Erënnerung ruffen.

Ähnlech Sujeten Coca-Cola, EU-Presidence, Jean Asselborn, Rumänien, Yves Cruchten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel