Search

You may also like

Editorial: Et gëllt d‘Schoulflicht!
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Et gëllt d‘Schoulflicht!

No den Abiturienten an aneren Ofschlossklassen, hunn haut dann och

Kaffi oder Téi?
Meenung Neiegkeeten

Kaffi oder Téi?

Wat ass Schold dorunner, datt mir de Kaffi dem Téi

Dr. Mariam Al-Sohel: Homosexualitéit mat Zäppchen „heelen“!
Meenung Neiegkeeten

Dr. Mariam Al-Sohel: Homosexualitéit mat Zäppchen „heelen“!

Mir sinn nees am Kuwait ënnerwee, wou nieft engem Soziolog,

Coifferen an Kosmetikberuffer sollen hir Déngschter nees ubidde kënnen!

Coifferen an Kosmetikberuffer sollen hir Déngschter nees ubidde kënnen!

Aus Däitschland héiert een, datt d’Coifferen an och aner Kosmetikberuffer de 4. Mee hir Servicer nees duerfen ubidden, wann och ënner bestëmmte Sécherheetsvirgaben.

D’ADR denkt, datt och zu Lëtzebuerg wéinstens eng Rei kosmetesch Beruffer sollten d’Méiglechkeet kréien, de Betrib nees opzemaachen an hir Clienten ze betreien. Eng Normaliséierung am Beräich vun de Kosmetikservicer, natierlech ënnert den néidege Sécherheetsprozeduren, misst zum aktuellen Zäitpunkt nees méiglech sinn.

Domat reduzéiert een och de Risiko, datt esou Servicer ouni déi néideg Sécherheetsprozeduren ugebuede ginn. D’Leit kéinten där individueller Kierperhygiène gerecht ginn an dat hätt e positiven Effekt op d’Wuelbefanne vun de Leit, deenen dës Situatioun vu verlängertem Confinement – mat allen Aschränkungen, der Isolatioun an de berechtegten Existenzängschten – schwéier genuch fält.

D’ADR seet: Gitt de Leit d’Méiglechkeet zeréck, bei de Coiffer ze goen an aner néideg Rendez-vousen am Kosmetikberäich ze maachen, fir datt si hirer gewinnter Kierperhygiène nees nokomme kënnen.

Matgedeelt vun der ADR, d‘Meenung vun de Parteie sinn hir eegen

Illustratioun: Kosmetikberuffer

Related topics adr, Coifferen, Coronavirus, Covid19, Exitstrategie, Kosmetik, Reprise
Next post Previous post