Search

You may also like

EU-Wahlen 2019: Facebook wëll nei Reegele fir d‘Wahlwerbung aféieren
International Neiegkeeten

EU-Wahlen 2019: Facebook wëll nei Reegele fir d‘Wahlwerbung aféieren

De Bedreiwer vum gréisste Sozialnetzwierkreseau op der Welt, wëll virun

Déi verluere Kanner vum Südsudanesesche Konflikt
International Neiegkeeten

Déi verluere Kanner vum Südsudanesesche Konflikt

Eleng an op plakege Féiss ass d‘Nyadet néng Deeg laang

Am Interview mam Thriller-Kinnek Chris Carter
International Neiegkeeten

Am Interview mam Thriller-Kinnek Chris Carter

Nodeems mir gëschter dem Chris Carter säi jéngsten Thriller „Bluthölle“

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?

Cannabis duerchleeft aktuell eng Period vun der „gesellschaftlecher Toleranz“, gëtt weltwäit ëmmer méi oft depenaliséiert, oder carrement legaliséiert, och fir de rekreative „Gebrauch“. Dat erwächt eng gewësse Begier an natierlech gesinn och grouss Konzerner an dësem „Produkt“ de Profit.

Esou muss et kee verwonneren, datt och den US-Gigant aus der „Softdrink-Branche“ sech fir dëst Produkt interesséiert. De multinationale Konzern Coca-Cola huet dann och informéiert, datt ee sech am Grupp iwwerleet, Cannabidiol (CBD), eng vun de Moleküllen déi am Marihuana enthalen ass, an der „Limonad“ ze benotzen.

„Wéi vill anerer aus der Gedrénks-Industrie, studéieren och mir mat grousser Opmierksamkeet den Asaz vum CBD, engem net psychoaktive Prinzip vum Cannabis, fir dësen als Ingredient am Gedrénks, datt fir d‘Wuelfillen an d‘Gesondheet hiergestallt gëtt, ze benotzen. (…) De Secteur entwéckelt sech rapid. (…) Eng Entscheedung ass nach net geholl ginn“, esou de Communiqué.

Elo ass dann awer wichteg drop hinzeweisen, datt de CBD keng“Euphorie“ ausléisst – et ass een dovunner net „bedämpt“ – well dësen Zoustand nëmme vum THC ervirgeruff ka ginn. Datt sech Coca-Cola zum Asaz vu CBD a „Wellness-Gedrénks“ geäussert huet, läit dorunner, datt eraus komm ass, datt de Grupp mam kanadesche Grupp Aurora gestanen huet.

Keng Euphorie, mee e fette Profit

Coca-Cola leet dann allerdéngs immens grousse Wäert drop ze betounen, datt „een net um Cannabis oder Marihuana interesséiert ass“. Datt stëmmt awer nëmme bedéngt, wëll och wann si um Produkt „als Konsument“ keen Interessi hunn, esou hu si un de „Konsumente vum Produit“ e grousst Interessi. Do sinn si net eleng, an de Maart schéngt hinnen dann och Recht ze ginn.

D‘Cannabis-Planz huet dann och déi gréisst méiglech Opmierksamkeet säitens de Gigante vun der Agro-Industrie erhalen. Vill Acteuren aus dem Liewensmëttelsecteur hu Wetten op d‘Legaliséierung vum Marihuana ofgeschloss. De Konsum an d‘Kultur vum Cannabis gëtt esou a Kanada dëse 17. Oktober legal. Dat éischt Land aus dem G7-Grupp, dat dëse Schratt gemaach huet.

Kanada ass dann och eng gutt Plaz fir an de Cannabis ze investéieren. De Brauer „Molson Coors“ huet schonn ugekënnegt, datt hien sech an d‘Produktioun vun net alkoholeschem Gedrénks op Basis vu Cannabis wäert stierzen. Si hunn e Partenariat mam kanadesche Grupp „The Hydropothecary Corporation (Hexo) – déi stellen therapeutesche Cannabis hir – an dësem Sënn ofgeschloss.

An och bei „Constellation Brands“ – déi besëtzen ënnert anerem: Corona, Modelo an de Vodka Svedka – huet een déif an d‘Täsch gegraff. Si hu carrement e puer Milliarden US-Dollar an déi kanadesch Cannabis-Entreprise „Canopy Growth“ gestach, an sech esou zumindest eng Plaz an der ganz „vir“ am Rennen ëm d‘Konsumente geséchert.

mat AFP

Related topics Agro-Industrie, Cannabidiol, Cannabis, Marihuana, THC
Next post Previous post