Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren
Kultur Neiegkeeten

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren

Si haten et ugekënnegt an zéien et voll duerch: d’Klimaaktiviste

Ee Mëttel géint HIV – ass et endlech esou wäit?
Kultur Neiegkeeten

Ee Mëttel géint HIV – ass et endlech esou wäit?

No enger Stammzellentransplantatioun konnte bei engem Patient zu London keng

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!
Kultur Neiegkeeten

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!

Um haitegen Dag organiséiert den CHEM ee Sensibiliséierungs- an Informatiounsstand

Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?

Vun effizienter Beliichtung bis zu de Folge vun der Liichtverschmotzung

Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?
(v.l.n.r.) Marie Gales, Stephan Ineichen, Dr. Eva Knop, Dr. Annette Krop-Benesch, Eric Buttini © Shari Pleimelding/moien.lu
Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?
Den Daniel Gliedner wäert an den nächste Joren als Liichtberoder aktiv un der Verbesserung vun Liichtkonzepter schaffen © Shari Pleimelding/moien.lu
Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?
Dr. Annette Krop-Benech zur kënschtlecher Luucht © Shari Pleimelding/moien.lu
Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?
De Stephan Ineichen huet de Gehaansfénkelchen als Beispill vun der Liichtverschmotzung a senge Folgen op d'Insekten geholl © Shari Pleimelding/moien.lu
Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?
Dr. Eva Knop huet an hirer Presentatioun d'Bestäubung an der Nuecht méi genee ënnert d'Lupp geholl © Shari Pleimelding/moien.lu
Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?
Den Eric Buttin huet d'Astronomie an Astrophysik erkläert. Wat sinn d'Folge vun der Liichtverschmotzung op den Universum? © Shari Pleimelding/moien.lu
Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?
(v.l.n.r.) Marie Gales, Stephan Ineichen, Dr. Eva Knop, Dr. Annette Krop-Benesch, Eric Buttini © Shari Pleimelding/moien.lu

Sinn am 17. Joerhonnert d’Stroosseluuchten zur Sécherheet vun de Bierger agefouert ginn, esou ass Luucht hautdesdaags an de meeschte Ballungsraim just nach eng Saach vun Ästhetik an eegener Duerstellung. Mat der steigender Liichtverschmotzung bleift eis allerdéngs net nëmmen d’Vue op een eenzegaartege Stärenhimmel verwiert, och d’Déieren a Planze leiden ënnert der kënschtlecher Beliichtung. Beim Colloque Gutes Licht – Effiziente Beleuchtung und Vermeidung von Lichtverschmutzung, den un zwee Deeg am Kader vum Night, Light & More Festival stattfonnt huet, hunn Experten aus dem In- an Ausland Etüden, Risiken a Léisungen an dësem Beräich presentéiert.

Schwätze mir vu Klima- an Ëmweltschutz, dem Erhalt vun der Biodiversitéit an der Gesondheet vum Mënsch, esou denke wuel déi mannst un d’Thema Liichtverschmotzung. Dobäi ass den Impakt vu kënschtlecher Luucht op Mënsch an Natur esou grouss, datt mëttlerweil Liichtberoder, wéi zu Lëtzebuerg den Daniel Gliedner, als neutral Ulafstell déngen a vu Gemenge bis Privatleit all Froen zu effizienter Beliichtung beäntweren oder och intelligent Liichtkonzepter entwéckelen, déi am Eeklang tëscht alle Bedeelegte sinn.

Et gëtt ëmmer een Ufank

An enger éischter Phas muss een de Problem awer emol unerkennen. D’Nuecht ass nämlech méi, wéi just eng langweileg Däischtert. Mir gesinn et vläicht net, mee och zu spéiden – oder ebe fréien Auerzäiten – ass et dobaussen immens wibbeleg. D’Fauna an d’Flora ass immens aktiv, gëtt awer mëttlerweil immens vun eiser Luucht gestéiert. Doduerch kënnt de ganze Rhythmus vun der Biodiversitéit duercherneen, wat dann doranner end, datt beispillsweis d’Beem hir Blieder net mat Zäit verléieren, d’Gehaansfénkelcher sech net reproduzéieren oder och Fësch kee passende Liewensraum méi fannen.

Iwwer 120 Leit hu sech gëschter an haut ob dës Thematik agelooss. Net nëmmen Experten a Fuerscher, mee och Representante vu Gemengen oder och Privatleit haten sech am Kulturzentrum Larei zu Veianen zesummefonnt, fir sech déi zuelräich Virträg an de Beräicher Liicht a Mënsch, Beliichtungstechnik, Liicht an Natur oder och Gutt Luucht unzelauschteren.

Dobäi huet een interessant, wéi och schockéierend Fakte matgedeelt kritt. Wousst Dir beispillsweis, datt och ee Bam u Burn-Out leide kann? Datt Zuchvulle léiwer Nuets fléien, wëll si duerch déi méi geréng Temperaturen Energie spueren, sech awer dobäi och un de Luuchten orientéiere mussen? Datt vill Leit mol net méi wëssen, wéi d’Mëllechstrooss ausgesäit? D’Nuecht ass ee Kulturgutt. Engem Musée géif kee vun eis Steng an de Wee leeën. Wisou schiedege mir awer der Däischtert?

Déi verschidden Diskussiounen a Virträg wäerte mir an der kommender Woch presentéieren, sou datt och Dir Iech ee Bild vun der Problematik an dem Däiwelskrees maache kënnt. Merci un den Naturpark Our fir d’Organisatioun!

Een Abléck an de Colloque kritt Dir an eiser Billergalerie uewen © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Beliichtung, Biodiversitéit, Däischtert, Dr Annette Krop-Benesch, Dr Eva Knop, Ëmwelt, Eric Buttini, Gesondheet, Gutes Licht - Effiziente Beleuchtung und Vermeidung von Lichtverschmutzung, Liichtverschmotzung, Luucht, Natur, Naturpark Our, Night Light and More, Nuecht, Stärenhimmel, Stephan Ineichen, Wëssenschaftler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel