Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du de Kanton Wolz?
dating someone who's in an open marriage

Wéi gutt kenns du de Kanton Wolz?

Nodeems mer eis lescht Woch de Kanton Klierf ugekuckt hunn,

does chloe bennet dating logan paul
dating someone who's in an open marriage

Venezuela: de Marsch op Caracas

Während am Venezuela „de Stroum ausgefall ass“, wat jee no

dislike
Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen
dating someone who's in an open marriage

Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen

Säit e Méindeg setzen d‘Vertrieder vun 195 Länner, ONGen a

De Comité géint HIV presentéiert de Rapport vun 2017

De Comité géint HIV presentéiert de Rapport vun 2017

D’Joer 2017 war räich un Aktivitéite fir den Iwwerwaachungscomité vum HIV, Hepatite an anere sexuell iwwerdrobare Krankheeten an d’Partnere géint des Erkrankungen zu Lëtzebuerg.

Den Ufank gouf markéiert vun der Ofléisung vum Dr. Vic Arendt duerch Dr. Carole Devaux als Presidentin. No hire Studien an der Immunologie ass si säit 2001 Fuerscherin. Ab 2006 war Dr. Devaux Directrice vum Laboratoire vun der Retrovirologie am Institute for Health zu Lëtzebuerg, aacht Joer méi spéit krut si och d’Tâche als Directrice vun der Unité de Recherche vun den Infektiounskrankheeten am LIH.

Doniewent gouf och een nationalen Aktiounsplang géint HIV an den éischten Aktiounsplang am Kampf géint Hepatite opgesat an den éischten Dezember läscht Joer vum Regierungsrot ugeholl. Des Pläng konzentréieren sech op sechs prioritären Achsen: Virbeugen, Feststellung, Behandlung, Gläichbehandlung, Recherche an Evaluatioun.

Et goufen awer och nei Moossname proposéiert fir d’Unzuel vun den Tester ze erhéijen, beispillsweis mat „Outreach“ Projete fir den Traitement vun nei infizéierte Persounen op éischt Stell ze setzen. Dëst Joer goufen 100.000 sou Tester realiséiert.

Lëtzebuerg ass, säit 2017, ënnert den éischten dräi Länner europawäit déi een interessanten neien Outil zur Virbeugung offréiert. Ongeféier 50 Persoune profitéieren aktuell vun der Consultatioun PrEP (Präexpositiounsprophylaxe). D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch erkläert, datt den Outil fir Persoune geduecht ass, déi net systematesch ee Kondom benotzen, d’Infektiounsgefor mat Medikamenter ze senken.

HIV zu Lëtzebuerg an Zuelen

Lëtzebuerg huet lescht Joer nei Infektiounsfäll vun HIV gezielt an ass domat op engem traurege Rekord vun 101 Patienten, dovu 74 Männer an 27 Fraen. D’Aart a Weis vun der Kontaminatioun kennt an 49 Fäll vun heterosexuellem Verkéier, an 34 Fäll vun homo- oder bisexuellem Verkéier an. an 10 Fäll vun Drogen, déi gesprëtzt ginn. Den Alter bedréit dobäi haaptsächlech tëschent 26 a 35 Joer.

Och wa säit 2013 déi éischt Senkung un Infektiounen duerch gesprëtzten Droge festgestallt gouf muss um Kampf vun der Virbeugung festgehale ginn. Nieft der Erkennung an den Informatiounscampagnë mussen och ergänzend Strategien am Kader vum neien nationalen Aktiounsplang géint den HIV gebilt ginn.

Méi Informatiounen fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten Dr Carole Devaux, HIV, Infektiounskrankheet, Kondom, Rapport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel