Search

You may also like

Corona – Panik? (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

Corona – Panik? (Lieserbréif)

Säit zirka 5 Méint gi mir deeglech mat villen Informatiounen

D‘Piratepartei stellt de REVIS a Fro
International Neiegkeeten

D‘Piratepartei stellt de REVIS a Fro

De Gesetzprojet 7113 mat dem vun der Grondsécherung (RMG) zum

Polen verschäerft d‘Ofdreiwungsrecht
International Neiegkeeten

Polen verschäerft d‘Ofdreiwungsrecht

A Polen war et zoulässeg ee Schwangerschaftsofbroch virzehuelen, wann dat

Commemoratiounszeremonie zu Auschwitz-Birkenau – 75 Joer ass et hir…

Op Invitatioun vum Musée Auschwitz-Birkenau hu S.A.R. de Groussherzog Henri an de Premierminister Xavier Bettel un der Commemoratiounszeremonie zum 75. Joresdag vun der Befreiung vum bekanntste Vernichtungslager deelgeholl.

D’Zeremonie huet ugefaange mat enger Begréissung vum polnesche President, dem Andrzej Duda. Uschléissend waren et Iwwerliewender vum Camp Auschwitz-Birkenau déi hir Erfarungen den zuelräiche Gäscht matgedeelt hunn. Datt d’Erënnerung un den Holocaust och haut nach essentiell ass, fir datt sech esou ee grujelegt Kapitel net nach emol widderhëlt, huet de polnesch jüddesche Journalist a President vum historesch-jüddeschen Institut zu Warschau, de Marian Turski, ervir gehuewen. Zu gudder Lescht huet de Piotr M.A. Cywiński, Direkter vum Musée Auschwitz-Birkenau allen Invitéeë Merci gesot fir hirt Kommen.

Fir un d’Affer aus dem Vernichtungslager ze gedenken hunn d’Staats- a Regierungscheffen, zesumme mat den Iwwerliewenden, dat Internationaalt Denkmal fir d’Affer besicht. Hei ass d’Ofzweigung vun der Zuchschinn, wou vu Fréijoer 1942 bis Mee 1944 dausende Persounen deportéiert gi sinn. Op den zuelräichen nationale Placken beim Denkmal hunn d’Invitéeën an méi wéi 200 Iwwerliewender Käerzen ugefaangen an placéiert.

Tëscht 1,1 an 1,5 Milliounen Onschëlleger sinn am Vernichtungslager systematesch leide gelooss, gequäält a grausam ëmbruecht ginn. D’Camp zu Auschwitz gëllt als Symbol vum Genozid an der Grausamkeet vum Mënsch.

Am Kader vun der Zeremonie huet de Premierminister Xavier Bettel ënnerstrach, datt mir dëst donkelt Kapitel an Erënnerung hale mussen. De Frae, Männer a Kanner, déi duerch den Nazi-Regimm entmënschlecht, gepéngegt an ëmbruecht gi sinn verdéngen eisen déifste Respekt a solle geéiert ginn. „Mir mussen eis un den Holocaust erënnere, fir net ze vergiesse wat geschitt, wann Haass iwwerhand hëlt. Ech hoffen datt d’Commemoratioun zum 75. Gebuertsdag zur Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau de Leit nees a Gedanke rifft géint all Form vun Intoleranz, Exklusioun an Diskriminatioun géigeniwwer Aneren, unzegoen. Et ass eng Éier op dëser schrecklecher Plaz mat den Iwwerliewenden ze stoen. Si sinn déi direkt Verbindung zur Vergaangenheet, Zeien vun engem grausame Verbriechen.“

D’Billergalerie fannt Dir uewen – Cour Grand-ducale/Sophie Margue

Related topics 75. Joresdag zur Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau, Andrzej Duda, Auschwitz-Birkenau, Commemoratioun, Deportatioun, Geschicht, Internationalt Denkmal fir d'Affer, Konzentrationslager, Konzentratiounslager, Musée, Piotr Cywinski, Premierminister, S.A.R. de Groussherzog Henri, Vernichtungslager, Xavier Bettel, Zuch, Zweete Weltkrich
Next post Previous post