Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Knupperte-Verbuet: ma dat huet jo exzellent geklappt (Kommentar)
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-jakarta-indonesia/

Eigentlech bréicht et eng Autorisatioun vum Buergermeeschter fir Knupperten a

dating someone in nursing school
hookup security id card
International Neiegkeeten

„Ze vill Faillitten“ behaapt Creditreform Luxembourg

Lëtzebuerg steet eigentlech, am konjunkturelle Kontext, wirtschaftlech esou gutt do

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei
International Neiegkeeten

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei

Um haidege Méindeg leet de Recep Tayyip Erdogan säin Eed

déi lénk solidaresch mat der Communautéit vu Rojava

déi lénk solidaresch mat der Communautéit vu Rojava

Nodeems si eng Haaptroll an der Néierlag vun Daesh gespillt hunn, muss sech d‘Kurdemiliz YPG, déi de gréissten Deel vun de Truppen an der Koalitioun SDF (Syresch Demokratesch Kräften) vun der autonomer Regioun am Norden an Oste vu Syrien (Rojava), der Aggressioun duerch d‘tierkesch Arméi stellen, déi eng Invasioun vu Nordsyrien ageleet huet.

Mat der (in)direkter Ënnerstëtzung vun den Amerikaner an de Russen, huet d‘Tierkei vum Erdogan (deen am eegene Land geschwächt ass) den demokrateschen, antikapitalisteschen a feministesche Kräften an der Regioun vun der Rojava-Communautéit de Krich erkläert.

Wat d‘Regierunge vun der europäescher Unioun betrëfft, esou stellen déi eng kriminell Passivitéit géintiwwer dem NATO-Partner ënner Beweis. Et schwätzt fir sech selwer, datt de Viktor Orban, Leader vun der „identitärer Rietser“ an Europa, sech als Kompliz vun der Tierkei, jo esouguer al Kompliz vun Daesh entpuppt.

Déi tierkesch Aggressioun géint d‘Communautéit vu Rojava bréngt mat sech, datt dausende vun Dschihadiste fräi kommen. Den Ugrëffskrich vun der Tierkei géint d‘Communautéit vu Rojava räisst de westlechen Dirigenten d‘Mask vum Gesiicht: déi si wäit dovunner ewech e Projet ze ënenrstëtzen dee sech op Selbstbestëmmung, d‘Ofleenung vum Kapitalismus, de Feminismus an d‘Ekologie bezitt, ganz am Géigendeel.

Hei sinn déi kurdesch Milize gezwonge ginn sech mat der syrescher Arméi ze verbannen, ouni Garantie, datt de Regimm vun Damaskus d‘Autonomie vun der Regioun respektéiere wäert. Et ass awer déi eenzeg Optioun fir d‘Awunner géint de Virmarsch vun den tierkeschen Truppen an hiren extremisteschen Alliéierten ze schützen.

Eng international Mobilisatioun ass dréngend an déi lénk fuerdert:

  • d‘Astellung vun den tierkesche Militäroperatiounen;
  • Hëllef a Solidaritéit fir d‘Communautéit vu Rojava;
  • Sanktioune géint d‘Tierkei vum Erdogan;
  • den direkte Stopp vun all Form vu Waffeliwwerungen un d‘Tierkei.
  • Matgedeelt vun déi lénk, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser
Ähnlech Sujeten déi lénk, Kurdemiliz YPG, Rojava, Syrien, Tierkei, Ugrëffskrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel