Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun
International Neiegkeeten

Die Lieferantin vum Zoë Beck liwwert eng realistesch an erschreckend Zukunftsvisioun

D’Zoë Beck, gebuer 1975, schreift, iwwersetzt a leet zesummen mam

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €
International Neiegkeeten

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €

Am Kader vun der Fuerschungsfuerderung vun der Stëftung hunn den

Chamberwahlen: déi Demokratesch Partei an d‘Mobilitéit
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: déi Demokratesch Partei an d‘Mobilitéit

Am Kontext vun der Presentatioun vum Wahlprogramm, huet déi demokratesch

Compiègne: Frankräich an Däitschland reechen sech d‘Hänn

Symbolträchteg Zeremonie zu 100. Anniversaire vum Waffestëllstand

Compiègne: Frankräich an Däitschland reechen sech d‘Hänn

Mat enger symbolträchteger Zeremonie hunn de franséische President, Emmanuel Macron, an déi däitsch Bundeskanzlerin, Angela Merkel, zu Compiègne (Nord Frankräich) un d‘Enn vum éischte Weltkrich erënnert.

An engem Eisebunnswaggon, hat déi däitsch Delegatioun zu Compiègne den 11. November de Waffestëllstand ënnerzeechent, an domatter d‘Kapitulatioun vum däitsche Keeserräich. Den éischte Weltkrich war domadder eriwwer. De „grousse Krich“ hat Millioune Mënscheliewe gefuerdert.

Béid Staatscheffen hunn zesummen déi national Commemoratiounsplaz besicht, sinn d‘Lichtung erofgaangen, an hunn sech an engem Nobau vum historeschen Eisebunnswaggon, an dat gëlle Buch agedroen. Hei hunn den Emmanuel Macron an d‘Angela Merkel uschléissend eng Gedenkplack ageweit, déi d‘Bedeitung vun der däitsch-franséischer Versöhnung wierdegt.

Vill Emotiounen

Bis dohinner huet op dëser Plaz eng Gedenkplack geleeën, op där gestanen huet: „Hei huet den 11. November 1918 de verbriechereschen Héichmutt vum däitsche Räich ënnerleeën, besiigt vun de fräie Vëlker, déi ze ënnerwerfen et beusprocht hat“.

Compiègne

Nom däitschen Iwwerfall op Frankräich 1940, hat den Adolf Hitler den Eisebunnswaggon vun 1918 op déi selwecht Plaz brénge gelooss, fir de Fransouse perséinlech d‘Konditioune vun der Kapitulatioun ze diktéieren. Um 10. November 2018, hunn sech d‘Angela Merkel an den Emmanuel Macron an d‘Gëlle Buch vun der Gedenkplaz agedroen. © Philippe Wojazer/pool/AFP

Aus dem Ëmfeld vum franséische President war de Medien zougedroe ginn, datt dësen historeschen Uert, duerch de gemeinsame Besuch mat der Bundeskanzlerin, vum „Uert vun der Revanche“ zum Uert vun der „allerleschter Versöhnung“ tëscht Frankräich an Däitschland ginn.

Vun der däitscher Delegatioun war gewuer ze ginn, datt d‘Angela Merkel vun der Zeremonie zu Compiègne „beweegt“ war. Si wier ville Perséinlechkeete begéint, déi hir an dem Emmanuel Macron ze verstoe ginn hätten, datt Fridden net selbstverständlech ass. „Dësen Dag ass net nëmme Mahnung, en ass och Usporn“, esou d‘Bundeskanzlerin.

Eng Première

De Besuch vun der däitscher Bundeskanzlerin, ass zanter dem zweete Weltkrich, deen éischte vun engem däitsche Staatschef zu Compiègne. Et ass awer och hir zweet Bedeelegung un der Gedenkfeier zum éischte Weltkrich. De fréiere President Nicolas Sarkozy hat d‘Angela Merkel, 2009 zur Zeremonie vum Nationalfeierdag agelueden.

Haut gëtt dann déi grouss Gedenkzeremonie beim „Arc de Triomphe“ ofgehalen. Fir dëse feierlechen Akt sinn vill Staatscheffen ageluede ginn. Déi sollen als „Geste vun der Versöhnung“ hirem Noper eng Hand op d‘Schëller leeën. Am Nomëtteg soll dann den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, zesumme mat der däitscher Bundeskanzlerin, bei der Erëffnung vun enger Diskussiounsveranstaltung zum Fridden, Ëmweltschutz an Entwécklungshëllef, eng Usproch halen.

mat AFP

Foto: Op der Lichtung vum Bësch vu Rethondes, wou de Nobau vum Eisebunnswaggon aus dem 1. Weltkrich steet, hunn déi däitsch Bundeskanzlerin an de franséische President Emotioune gewisen. © Philippe Wojazer/pool/AFP

Ähnlech Sujeten 1.Weltkrich, Angela Merkel, Compiègne, Däitschland, Emmanuel Macron, Frankräich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel