Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Franséisch Digitalsteier mëssfällt Washington
dating hookup culture

free dating sites bay area

Zu Paräis soll de Senat haut en Digitalsteier-Gesetz beschléissen an

https://moien.lu/bryce-alford-dating/
dating hookup culture

https://moien.lu/creole-dating-sites/

Haut um Mëttwoch steet deen als „Metzler vum Balkan“ bekannte

Ewech domadd! Wéi soll een de Chrëschtbeemchen entsuergen?
dating hookup culture

Ewech domadd! Wéi soll een de Chrëschtbeemchen entsuergen?

Se ware knapps opgeriicht, elo ginn se schonn erëm ofgebaut.

Däi Prozessor kéint e Sécherheetsfeeler hunn – an d’Hiersteller wousste Bescheed!

Däi Prozessor kéint e Sécherheetsfeeler hunn – an d’Hiersteller wousste Bescheed!

2018 fänkt jo gutt un: et soll e grondleeënde Feeler an der Architektur vu Computerchips sinn, deen de Computer ugräifbar mécht. An entgéint éischte Meldungen, déi de Problem als éischt beim Chiphiersteller „Intel“ festmaache wollten, sinn all d‘Hiersteller betraff. Natierlech ass alles nëmmen „hallef“ esou schlëmm, oder?

Dat Sécherheetslach, esou d‘Fuerscher aus Däitschland, Éisträich an den USA, trëfft se alleguerten, net nëmmen Intel. Domatter widderspriechen se net direkt der Ausso vum Chiphiersteller AMD, dee vu sech behaapt nëmmen deelweis betraff ze sinn, mee werfen eng ganz Rei Froen op. Zemools et sech beim Sécherheetslach ëm eng ganz besonnesch Funktionalitéit an den Prozessoren handelt.

Si sinn awer d‘Häerzstéck vun all Computer, Tablett oder Smartphone. An d‘Funktioun vun där hei rieds ass, nennt een „speculative execution“ (spekulativ Ausféierung). Déi gëtt et an de moderne Chips säit Joren, an féiert an där Zäit wou hie soss näischt ze dinn huet, Berechnungen aus vun deenen den Chip ausgeet, datt de Notzer se méi spéit wäert ofruffen.

Eng gutt Iddi eigentlech, den Chip beschäftegt ze halen, wann d‘Wëssenschaftler elo dach net erausfonnt hätten, datt et grad dëse System ass, deen den Chip verwondbar mécht. Dobäi sinn sech vill Experten eens, datt et net d‘Technologie ass déi de Problem duerstellt. Déi ass gutt, well eis Computer doduerch méi séier reagéiere kënnen.

An se woussten et…

Rose kann een dann awer ginn, wann e gewuer gëtt, datt d‘Hiersteller an Software-Firme schonn zënter Méint vum Sécherheetslach woussten. Déi weisen de Problem awer vun sech a weisen drop hin, datt si sech dem Prinzip vun der „verantwortungsvoller Transparenz“ verschriwwen hunn. Dat heescht et klaapt ee net, iert een de Leit d‘Chance ginn huet de Feeler an de Grëff ze kréien.

Un a fir sech net ganz falsch, well esou och déi kriminell Elementer an eiser Gesellschaft dat Sécherheetslach net notze kënnen. Hei ass et awer an d‘Box gaangen. Et dierf een dovunner ausgoen, datt dat Sécherheetslach esou grouss muss sinn, datt se net all de Mond hale konnten. An eigentlech hätt d‘Informatioun eréischt solle publik ginn, wann d‘Léisung matgeliwwert gi wier.

Keng gutt Aussiichte fir d‘Hiersteller vu Betribssystemer. Déi dierfen elo hir Software änneren an sougenannte „Patches“ (eng Zort Plooschter fir de Computer) verëffentlechen. Déi sollten de Feeler korrigéieren. A well et esou flott ass, sinn dës Kéier net nëmme Computer mam Windows-System betraff, mee jiddereen.

Esouguer d‘Betribssystemer vun eise Smartphone si betraff a musse viraussiichtlech „gefléckt“ ginn. Iwwerhaapt ass et u sech egal wéi e System genotzt gëtt, an op Handy, Tablett oder klassesche Computer, alles mat engem Prozesser ass betraff. Apple, Microsoft an d’Entwéckler vun de verschiddene Linux-Distroe mussen elo reagéieren. Experte ginn awer dovunner aus, datt dëse „Problem“ kuerzfristeg ka geléist ginn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Apple, Informstik, Linux, Microsoft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel