US-President kritt d‘Geld fir seng Mauer
Mat den 3,6 Milliarden, déi de Verdeedegungsministère fir dem Donald
Mat den 3,6 Milliarden, déi de Verdeedegungsministère fir dem Donald
D’Denise ass d’Kächin u Bord. Fir hatt ass Séinoutrettung en
Getest gi sollen dräi Gruppe vu Leit iwwer 18 Joer: därer, déi gesond sinn, därer, déi ugestach sinn a keng oder wéineg Symptomer weisen, an därer, déi krank waren a geheelt sinn. Fir dës Leit ze kontaktéieren, muss een also ganz gezielten Informatiounen iwwert hir Gesondheet zur Verfügung hunn.
An den Echantillon muss herno och nach representativ fir d’Bevëlkerung sinn, esou datt also déi Gesondheetsdonnéeë mat enger Rëtsch aner Informatioune gekräizt ginn. Schliisslech leeft dës ganz Prozedur, ouni datt d’Leit am Virfeld informéiert ginn an eng Chance hunn, hiren Accord ze ginn oder net. Awer si ginn an e Grupp vu Mënsche gestach, dee riskéiert, als Facteur bei der Verbreedung vum Corona-Virus identifizéiert ze ginn.
Ob d’Etüd elo anonymiséiert gëtt oder net, de gesichte gesondheetleche Profil ass esou spezifesch, datt Donnéeën dozou net an d’Hänn vun enger privater Meenungsfuerschungs-Entreprise gehéieren. De Kommunikee vu Research Luxembourg seet näischt driwwer, wou déi Daten hierkommen, fir dës Selektioun ze maachen.
Onkloer ass och, wat beim Meenungsfuerschungsinstitut duerno mat dësen Daten geschitt a wien alles dës Donnéeën ze gesi kritt. Firwat ginn net déi staatlech Datebanke geholl fir Leit eraus ze sichen? Firwat ginn d’Leit net vum Gesondheetsministère gefrot, fir matzemaachen, mat alle Garantien vum „secret médical“? Wéi eng zousätzlech Donnéeën iwwer d’Leit kritt d’TNS-ILRES duerch hir Participatioun bei dëser Etüd?
D’ADR versteet den Zäitdrock ënnert deem dës Etüd muss gemaach ginn. Mee et hätt sécher méi transparent Manéiere ginn fir déi Leit, déi un dëser Etüd deelhuelen, auszesichen. Fir d’ADR ass et um Staat an um Gesondheetssecteur fir esou Etüden duerchzeféieren, an zwar mat alle rechtsstaatleche Garantien!
Matgedeelt vun der ADR
Zu dësem Thema huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser haut de Moien eng drénglech parlamentaresch Fro gestallt.