Search

You may also like

Réiden/Attert: Illegal Entsuergung vu Schofsiwwerreschter
Neiegkeeten

Réiden/Attert: Illegal Entsuergung vu Schofsiwwerreschter

Wéi d’Gemeng Réiden/Attert op de soziale Medie matgedeelt huet, sinn

Allianz fir Klimaschutz a géint Atomkraaft
Neiegkeeten

Allianz fir Klimaschutz a géint Atomkraaft

Beim dësjäregen Treffe vun der däitscher Ëmweltministerin um 29. an

Allerhellgen zu Esch-Uelzecht
Neiegkeeten

Allerhellgen zu Esch-Uelzecht

Et ass Traditioun, a kaum ee kann sech deem gudde

CON-VINCE: Tester un asymptomatesche Persounen

CON-VINCE: Tester un asymptomatesche Persounen

Den Task Force COVID-19 vun der Initiative Research Luxembourg annoncéiert elo de Lancement vu senger wëssenschaftlecher Etüd CON-VINCE, fir esou d’Dynamik vun der Verbreedung vum Virus an der Lëtzebuerger Populatioun ze analyséieren. De Projet gliddert sech dobäi a verschidde Projeten an, fir d’Pandemie esou wäit et geet anzedämmen.

Virgesinn ass un ronn 1.500 Persounen Erkennungstester zum Virus SARS-CoV2, wéi och ee Suivi vun de Persounen, déi wéineg bis guer keng Symptomer opweisen, ze maachen. Esou kënne prezis Informatiounen zur Iwwerdroung vun der Krankheet gesammelt ginn, déi der Regierung an de kommende Wochen hëllefe wäerten, hir Decisiounen op Basis vu wëssenschaftlech Donnéeën ze treffen.

Asymptomatesch Persounen, och „gesond Dréier“ genannt, wéi och Persoune mat schwaache Symptomer spillen eng wichteg Roll bei der Verbreedung vum Virus. D’Majoritéit vun dëse Fäll ass nach net diagnostizéiert, wëll bis ewell d’Tester just u Persoune mat klore Symptomer gemaach gi sinn. Elo gëllt et awer systematesch Tester bei der Bevëlkerung ze maachen an esou all Dréier vum Virus, egal ob Symptomer do sinn oder net, ze identifizéieren.

An dësem Kontext ass gëschter d’Etüd CON-VINCE lancéiert ginn. Geplangt sinn ëm 1.500 Tester bei Persounen vun op mannst 18 Joer. Identifizéiert ginn dobäi dräi Gruppen:

  • Net-infizéiert Individuen, déi soumat och keng Symptomer opweisen;
  • Aktuell infizéiert Persounen, mat wéinegen oder guer kenge Symptomer;
  • Infizéiert Persounen, déi mëttlerweil geheelt sinn.

D’Participante gi vun TNS Ilres rekrutéiert a ginn duerch eng spezifesch Technik vun der Molekularbiologie getest. D’Analysen ginn duerch Prouwen un Nues an Hals, wéi och spéider duerch Blutttester an aner Type vun Echantillonen duerchgefouert. Fält den Test positiv aus, d’Persoun weist awer wéineg bis guer keng Symptomer op, esou gëtt si iwwert eng Period vun engem Joer begleet. Dat gëlt och fir Persounen, déi net infizéiert sinn. Wie Symptomer opweist ass an dësem Kontext vun der Etüd ausgeschloss a kritt de gewéinlechen Traitement.

De Prof. Rejko Krüger, Director of Transversal Translational Medicine am Luxembourg Institute of Health (LIH), erkläert, datt bis ewell kee Land asymptomatesch Dréier getest a begleet huet. Elo gëlt et dëse Manktem un Informatiounen opzeschaffen, fir esou eng effikass Äntwert op verschidde politesch, economesch a gesondheetlech Decisiounen ze liwweren.

Nach e puer Detailer

D’Etüd CON-VINCE gëtt vun engem Konsortium vu verschiddenen Institutiounen, dorënner och de Luxembourg Institute of Health (LIH) an de Luxembourg Centre of Systems Biomedicine (LCSB) vun der Uni.lu, geleet. Partner sinn Ketterthill, Laboratoires Réunis a BioneXt.

De Choix vu Participanten muss exakt d’Zesummesetzung vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung a Saachen Alter, Geschlecht a Geografie erëmspigelen, fir esou inexakt Resultater ze vermeiden. Aus dësem Grond kontaktéiert den LIH déi passend Kandidaten direkt, wouduerch déi fräiwëlleg Participatioun vun der genereller Populatioun (nach) net méiglech ass.

Zu Research Luxembourg

Research Luxembourg ass eng gemeinsam Initiative vun den Haaptacteuren aus der Lëtzebuerger Fuerschung. Heizou gehéieren deLuxembourg Institute of Health (LIH), de Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER), de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST), de Laboratoire national de santé (LNS) an d’Université du Luxembourg; Fonds National de la Recherche (FNR).

Dat Ganzt steet ënnert der Koordinatioun vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung. Haaptzil ass et déi wëssenschaftlech Kooperatioun am Land ze fërderen an Aktivitéiten vum Secteur a senger Gesamtheet ze kommunizéieren.

Opmaacherbild: © Adam Nieścioruk / Unsplash

Related topics Asymptomatesch Persoune, CON-VINCE, Coronavirus, Covid-19, Etüd, Fuerschung, LIH, LISER, Ministère fir Héichschoul a Fuerschung, Research Luxembourg, TNS-Ilres
Next post Previous post