Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Benelux Sommet: Eng Kooperatioun tëscht 3+1
Neiegkeeten

Benelux Sommet: Eng Kooperatioun tëscht 3+1

75 Joer Benelux – dat muss gefeiert ginn! Aus dësem

„Fit by nature“ – beim konkreten Naturschutz ka jiddweree hëllefen!
Neiegkeeten

„Fit by nature“ – beim konkreten Naturschutz ka jiddweree hëllefen!

Eng vun den Haaptaktivitéite vun natur&ëmwelt ass de Schutz vun

What the Fakt – Internationalen Dag vum Fräschen-Retten!
Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vum Fräschen-Retten!

Scho säit dem Joer 2009 feiere vill Länner um leschte

„Äre Projet (m)am Naturpark!“ – Präisiwwerreechung vun de beschten Iddien

„Äre Projet (m)am Naturpark!“ – Präisiwwerreechung vun de beschten Iddien

Am Naturparkzenter Esch-Sauer huet gëschter, am Bäisinn vun der Ministesch Carole Dieschbourg an dem Staatssekretär Claude Turmes, d’Präisiwwerreechung vun de beschte Projete vum Concours „Äre Projet (m)am Naturpark!“ stattfonnt.

Déi dräi Naturparke Mëllerdall, Öewersauer an Our hunn am Dezember 2017, mat logistescher a finanzieller Ënnerstëtzung vum Nohaltegkeetsministère, zum Concours opgeruff. Ziel war d’Ermëttlung vum beschte Projet fir den Encouragement zur aktive Bedeelegung vun der Bevëlkerung, de Veräiner an Organisatiounen oder Entreprisen ënnerhalb vun den dräi Naturparken.

De Projet sollt sech op den Erhalt an d’Restauratioun vun der Villfalt vun der natierlecher Ëmwelt, d’Flora an d’Fauna, den Erhalt an d’Opwäertung vu Waasser-, Buedem- a Loftqualitéit, den Erhalt an d’Opwäertung vum kulturellen Ierwen an den Encouragement vun der wirtschaftlecher a sozio-kultureller Entwécklung vun den Awunner bezéien. Dobäi sollt och den Tourismus an d’Fräizäitaktivitéite berécksiichtegt ginn. Och op de Wäert, d’Originalitéit an d’Ëmsetzung gekuckt.

De Jury huet dräi Gewënnerprojeten ausgewielt an dräi weidere Projeten eng kleng finanziell Ënnerstëtzung geschenkt. Hei fannt Dir elo kuerz Beschreiwunge vun de sechs Projeten:

1.Präis: SoLaWi – Solidaresch Landwirtschaft Frombuerger Haff
Nervt der Zuucht vu Ranner gi beim Landwirt Weydert och nach Beien an Hénger gehalen an eng SoLaWi am Beräich Geméisbau bedriwwen. Heivir gi soomfest Geméiszorten ugebaut, déi vun de Membere selwer ee Mol d’Woch direkt vum Feld geholl ginn. Duerch de pedagogeschen Aspekt soll de Bauerenhaff zu enger Léier- an Erfahrungsplatz ginn, déi ville Leit d’Iddie vun enger nohalteger Landwirtschaft méi no soll bréngen. An Zukunft solle Féierunge fir Privatpersounen a Schoulklassen ugebuede ginn.

Den Naturpark Mëllerdall ënnerstëtzt dëse Projet mat enger finanzieller Hëllef vu 6.000 € fir d’Ariichtung vun engem gemeinschaftleche Léierzemmer, mat Sanitäranlagen, enger klenger Kichen, Tafelen, asw.

2. Präis: CoLab Asbl
Ziel ass et ee sougenannte Makerspace zu Wolz ze gestalten, woubäi d’Gemeng de Projet mat den néidege Raimlechkeeten ënnerstëtzt. Dëse Makerspace besteet aus engem oppenen Atelier, wou d’Memberen eng Rei Maschinnen a Geschir benotzen dierfen. Natierlech gëtt, duerch reegelméisseg Sécherheetsformatiounen, och fir d’Sécherheet vun de Membere gesuergt.
Doniewent gi Schnuppercoursen ugebuede fir den Interessi un verschiddenem Handwierk ze gewannen. A weiderféierende Course gëtt d’Wëssen esou ausgebaut, datt praxisorientéiert Projeten entstinn.

Den Naturpark Uewersauer ënnerstëtzt de CoLab duerch eng finanziell Hëllef vu 5.000 € fir de Kaf vu Material ze erméiglechen.

3. Präis: Kraidergaart a Verkaf am Bäerdrefer Eck
De Bäerdrefer Eck ass eng op regional Produite spezialiséiert Epicerie Fine mat Bistro an Bed & Breakfast Offer. Op de verschiddenen Daachflächen soll, am Sënn vun den alen historesche Klouschtergäng, ee Kraidergaart entstoen, fir dat Joerdausend aalt Wëssen erëm ze beliewen. Dëse Gaart soll da fir Clienten, Awunner an Touristen ëffentlech zougänglech sinn. D’Kraider maachen d’Platz méi heemlech a sollen an der Kiche benotzt ginn.

Den Naturpark Mëllerdall ënnerstëtzt de Projet mat enger Hëllef vun 4.000 € fir de Plang auszeschaffen an eng Beschëlderung, a Form vun didakteschen Iwwersiichtstafelen, ze erméiglechen.

Naturpark

Donieft gouf dräi weidere Projeten den „Prix d’encouragement“ iwwerreecht, den sech op eng finanziell Stëtz vun 2.000 € beleeft.

  • De Wëlle Gaart
    Am Wëlle Gaart gëtt versicht, Kompostberäich an Wëldwuchs mateneen ze kombinéieren, mam Ziel eng gutt an produktiv Rekolt ze erhalen. Zukünfteg sinn weider Kompostberäicher geplangt, sou wéi d’Planze vu wëlle Kraider. Donieft gëtt dann iwwerluecht, Uebstbeem unzeplanzen, an d’Beienhaltung oder an een Hingermobil ze investéieren.
  • Gemeinschaftsgaart Harel
    Zu Harel gëtt een ëffentleche Gaart opgebaut, den Platz fir Geméis, Uebst a Kraider bitt. Nieft de Liewensmëttel spillt och Biodiversitéit eng grouss Roll: Heemesch Planzen a Kraider sollen zum Asaz kommen, mee och Déiere sollen eng Platz fir hir Näschter fannen. Jiddweree kann hëllefen a sou vunenee léieren an eng gutt Zäit zesumme verbréngen.
  • Ee gescheit Blummendëppen – Jardinière fir Genéisser / Kucken, richen, schmaachen
    Dëse Projet setzt sech dofir an, datt de Mënsch net nëmme Geranien, mee och insektefrëndlech Planze setzt. Mat engem Informatiounsflyer iwwert Insekten, Planzen a prakteschen Tipps gëtt den Interesséierten „gescheit Blummendëppen“ méi no bruecht. Duerch d’Optrëtter op verschiddenen Eventer a Mäert gi wichteg Informatioune schnell verbreet.Nieft der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère gëtt Zesummenaarbecht mat de verschiddene Projeten an den Naturparke weider gefouert. Duerch Visitten, Workshops oder ähnleches sollen d’Projeten an d’Naturparken an Zukunft vun der Zesummenaarbecht profitéieren.
Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Ëmwelt, Natur, Naturpark, Präisiwwerreechung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel