Search

You may also like

Neit Loyersgesetz: Investitiounsschutz amplaz Locatairesschutz
Kultur Neiegkeeten

Neit Loyersgesetz: Investitiounsschutz amplaz Locatairesschutz

Dat vum Wunnengsbauminister Henri Kox iwwerschafft Loyersgesetz ass kee grousse

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
Kultur Neiegkeeten

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)

De gréisste Kierfescht: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an

Escape-Room doheem? Geet och!
Kultur Neiegkeeten

Escape-Room doheem? Geet och!

Ech wollt schonn ëmmer an een Escape-Room, ma meng éischte

Concours Péckvillchen’21 – Elo sidd Dir gefrot!

Concours Péckvillchen’21 – Elo sidd Dir gefrot!

De Comité Altad a.s.b.l. organiséiert fir d’Émaischen 2021, e Concours fir artistesch a konschthandwierklech Péckvillercher, déi de Comité Alstad realiséiere léisst an enger limitéierte Editioun fir op der traditioneller Éimaischen, Ouschterméindeg um Fëschmaart fir e gudden Zweck ze verkafen.

Dëse Concours ass op fir all Persoun (Berufskeramiker an Amateuren) déi am Lëtzebuerger Land lieft. Déi um Concours deelhuelen, sollen authentesch nei Kreatioune sinn, a vun Hand gemaach goufen.

Et kënne gemëschten Techniken benotzt ginn wat och de Wonsch vun den Organisateuren vum Concours ass, datt als Material Keramikprodukter wéi Toun oder Lehm benotzt ginn. Den agereechten Objet muss e «Péckvillchen» mat engem Bloosskanal sinn, fir datt en och päife kann. E soll mindestens 9 cm laang, 6 cm héich a 5 cm breet sin an héchstens 12 cm de laang, 9 cm héich a 7 cm breet sinn.

D’Projet’en si spéitstens Samschdes, 7. November 2020 am Siège vum Comité Alstad a.s.b.l. • 14, rue Sigefroi • L-2536 Lëtzebuerg ofzeginn. D’Reglement kann een sech op onsem Internetsite www.comitealstad.lu eroflueden oder uruffen um Telefon : 46 61 88 oder schéckt ons en E-mail : comite.alstad@pt.lu.

Matgedeelt vum Comité Alstad Asbl

Opmaacherbild © Melvin Hatto/moien.lu

Related topics Comité Alstad, Concours, Eemaischen, Émaischen, Keramik, Opruff, Péckvillchen, Traditioun
Next post Previous post