Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MIXvoip: Sech dem Challenge vum Wuesstem stellen!
Kultur Neiegkeeten

MIXvoip: Sech dem Challenge vum Wuesstem stellen!

Am Joer 2008 gouf d‘Entreprise MIXvoip gegrënnt, an ass am

Bei der Kris einfach embliederen
Kultur Neiegkeeten

Bei der Kris einfach embliederen

Wie gären eng Keier eng Industrie a Krisestëmmung well gesinn,

USA: Fir „Klicks“ op YouTube ze kréien… de Frënd erschoss
Kultur Neiegkeeten

USA: Fir „Klicks“ op YouTube ze kréien… de Frënd erschoss

Eng 20 järeg Amerikanerin ass um Mëttwoch zu 6 Méint

Concours fir d‘Affiche vun der Schueberfouer

Concours fir d‘Affiche vun der Schueberfouer

Wéi all Joer, esou och 2020, organiséiert d‘Stad Lëtzebuerg e Concours fir d‘Realisatioun vun der Affiche fir d‘Schueberfouer. Dëst grousst an allsäits beléifte Volleksfest fënnt dëst Joer vum 21. August bis den 9. September wéi gewinnt um Glacis statt.

Déi Affiche wou vun der Jury selektionéiert gëtt, gëtt als Support fir d‘Kommunikatiounscampagne genotzt, a vun enger Kommunikatiounsagence op divers Supporten deklinéiert. De Concours ass op fir all Resident vu Lëtzebuerg. Et dierfen all d‘Technike (Foto, Molerei, Grafik, asw.) déi sech fir eng Illustratioun eegnen ugewannt ginn.

Hier „Wierker“ sollen d‘Participante bis den 28. Februar am Service „Kommunikatioun an ëffentlech Relatiounen“ vun der Stad Lëtzebuerg (1 Stack, Gebai Raiffeisen, 29 Blvd. Royal) géint e Recepissé ofginn. Eng Jury, déi vum Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot designéiert gëtt, selektionéiert ënnert den Projeten, d‘Gewënner vum Concours.

Matmaache lount sech, an fir déi bescht gëtt et Präisser: 250 Euro fir déi drëtt Plaz, 500 Euro ginn un déi zweet Plaz a ganzer 1.000 Euro si fir de Gewënner bestëmmt. Dat ganzt Regelwierk ass um Internetsite fouer.vdl.lu vun der Stad Lëtzebuerg anzegesinn, respektiv erofzelueden.

Matgedeelt vun der Stad Lëtzebuerg, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Dries Augustyns / unsplash

Ähnlech Sujeten Affiche, Concours, Schueberfouer 2020, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel