Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Déi lénk gesinn och zu Lëtzebuerg e parallelt Finanzsystem
Neiegkeeten best online dating sites ontario

https://moien.lu/online-dating-ankara/

Dat am Kader vun de „Paradise Papers“ – wat eng

Grousse Gewënner: 21 Mol Gold fir d’Crémants de Luxembourg!
Neiegkeeten best online dating sites ontario

Grousse Gewënner: 21 Mol Gold fir d’Crémants de Luxembourg!

Um vergaangene Freideg huet déi 28. Editioun vum Concours National

Libyen: De Generol an den Ueleg
Neiegkeeten best online dating sites ontario

Libyen: De Generol an den Ueleg

Nom klenge Sommet vun de „Krichsparteien“ zu Moskau, bei deenen

De Confinement an seng Niewewierkungen

Dat mat deem „bleift doheem“ ass essentiell a richteg… et verbiergt leider och Geforen

De Confinement an seng Niewewierkungen

Doheem bleiwen an all onnéideg Sortien ze vermeiden, ass an der Aktueller Situatioun, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, déi wierklech eenzeg richteg Entscheedung. Mee am klengste Krees eleng doheem, dat méiglechst op wéinege Quadratmeter, datt ka séier zur Bezéiungskris féieren. De Confinement üübt Drock aus an dëse ka sech an haislecher Gewalt brutal entlueden.

Wann et richteg a gutt ass, datt eisen Zivilschutz, dee jo vun der Arméi am Noutfall géif gehollef kréien, ganz gutt opgestallt ass, fir d‘Sécherheet vum Vollek ze garantéieren. Wann een dann och Verständnes huet, datt eis Regierung gläichzäiteg muss organiséieren, geréieren an zuweilen och berouegen – et gesäit op de Gemengen net besser aus – esou gëtt nach Aneres dat eis beschäftegt.

Confinement

© Aarón Blanco Tejedor / unsplash

Mir mussen eis dees elo bewosst sinn, datt mir eis an de nächste Wochen, vläicht esouguer Méint, nach sozial vill wäerten Zréckzéie mussen. Dat bedeit dann awer och, datt de Kärberäich vun der Famill déi ganz Opmierksamkeet op sech zitt. Op et de Partner oder d‘Kanner, wou méiglech béides zesummen, ass… maache mir eis näischt fir, déi kënnen engem ganz zolidd op de Stréckel goen.

Dat ass normal, et kennt et aus der Vakanz, mee do kann ee sech verfuussen an seng Gedanken nees zortéieren. Elo wou engem aus ganz gudde Grënn geroden ass, säin „Ausgang“ op eng Stonn ze begrenzen – dat fir sech selwer, mee virun allem d‘Famill oder Partner an eigentlech all déi aner ze schützen – ass d‘Befreiungsklausel ausser Kraaft gesat. Dozou déi der Lag geschëlte Suergen…

Passt op iech, an déi aner op!

An dann ass et jo leider och nach esou, datt et jo do Koppele gëtt, déi scho laang virun der Kris mat der eegener Kris beschäftegt waren. Aus den Agenturmeldungen ass ze enthuelen, datt an anere Länner wou ee faktesch richteg Ausgangsspäre verhaangen huet, d‘Fäll vun haislecher Gewalt zolidd zouhuelen. Eng Gewalt déi sech net exklusiv géint de Partner wennt, a plëtzlech ausbrécht.

Mir mussen eis bewosst sinn, datt dës Gewalt vu Mënsche wäert ausgeüübt ginn, déi eis vläicht Léif sinn. Déi „üblech“ Problematiken an Hannergrënn déi zu haislecher Gewalt féiere verschwannen natierlech net. Nee, am Confinement komme ganz aner Ausléiser zum droen, dat well et an dëser Situatioun schlicht net méiglech ass op de „Paus-Knäppchen“ ze drécken an d‘Ursaach present ass.

Confinement

© Zohre Nemati / unsplash

Et geet eben net nëmmen déi beispillhaft „mir schwätzen doheem all Thema ouni Tabu un“ Famillje / Partnerschaften, an och där hir Bezéiunge ginn elo wuertwiertlech op d‘Prouf gestallt. Dat bescht wier et jo, wann ee emol déi ganz Suergen: wéi geet et mam Job, kann ech de Loyer bezuelen (deen ass fir bal all Menage am Land déi gréisste Belaaschtung) kéint ausblennen. Geet awer och net…

Mir si Materialiste ginn, et läit an eiser Natur eise Besëtz an Zuelen auszedrécken. Schaffen, Carrière maachen, datt ass et wat mir eis als Gesellschaft selwer ofverlaangt hunn. Dee ganze soziale Volet, eigentlech d‘Zement vun der sozialer Kohesioun, hu mir Normen an Zäitpläng ënnerworf. Am Confinement ass Homeoffice wann et kriselt, beschtefalls eng Pattsituatioun.

Och dorops muss sech virbereet ginn

Wa mir eis eens sinn, datt dat openaner hocke kann zu Aggressioune féieren, feelend Kontakter zu Aussestoenden, bestoend Problemer an der Potenz steigere kann, et Hëllef vu baussen éischter Keng wäert ginn, da brauch et elo Ausweeër. Esou sinn eis Fraenhaiser nach ëmmer immens wichteg, an mir sollten déi och verstäerken. Et muss méiglech bleiwen dat Fraen, mat oder ouni Kanner, Schutz fanne kënnen iert et zum Extreemste komm ass. Klengt logesch an einfach, ass et awer net.

Wann ee gleewe wëll datt d‘Kapassitéite vun de Fraenhaiser zu Lëtzebuerg gutt sinn (rezent Zuele gëtt et leider keng), esou dierf een net ausser Uecht loossen, datt sollt et zu Verdachtsfäll an dësen Haiser kommen, egal ob Personal oder Bewunner, keng weider Persoun méi kann opgeholl ginn. Hei sollt een fir all Eventualitéit virsuergen, a vill Fäll ass den Eloignement éischter „temporär“.

Confinement

© Yuris Alhumaydy / unsplash

Dee gudde Gedanken, dee sengerzäit zur Aféierung vum sougenannte „SAMU Social“ gefouert huet, sollt den haitege Regierungsmemberen nach geleefeg sinn. Nach ass et roueg an den Haiser an Appartementer, mee net jidderee kann sech dëser Situatioun beherrschen. Wann een an Eenzelfäll fir eng sozial Distanz suerge muss fir Gewalt ze verhënneren, da muss dat alles beduecht ginn.

Illustratioun: © Sydney Sims / unsplash

Ähnlech Sujeten Confinement, Coronavirus, haislech Gewalt, Psychologie, SAMU Social
Nächsten Artikel Virrechten Artikel