Kinnekswiss loves… – Open Air Concerten an der Stad
Nom grousse Succès déi lescht zwee Joer wäert d’Kinnekswiss sech
Nom grousse Succès déi lescht zwee Joer wäert d’Kinnekswiss sech
De Vulkan Whakaari op der Insel White Island war zanter
Nodeems de Benjamin Griveaux, presidentielle Kandidat fir dat prestigiéist Mandat
Nom Lockdown war, respektiv ass den Honger op Concerte richteg grouss. Et weess een de Wäert vun der Kultur esou ze schätzen, wéi nach ni virdrun. Glécklecherweis kënnen d’Rotondes dës Loscht mat Open Air Optrëtter, déi sech am Kader vu Congés Annulés iwwert de ganze Mount August zéien, e bëssen stëllen.
Fir d’Lëtzebuerger Museker vun Autumn Sweater sollt et e ganz besonnesche Concert ginn: Eng lescht Kéier huet de Pierre d’Indie-Band op der Gittar begleet. Ëmsou méi huet de Publikum probéiert all Toun opzesaugen, hir Freed mat z’empfannen an d’Musek op sech wierken ze loossen.
© Shari Pleimelding / moien.lu
Wärend am ofgetrennte Concertsberäich Sëtzen an d’Mask Flicht waren, konnt een op der Terrass vun kulinaresche Leckereien, Cocktailen, eegenem Rotondes-Béier an anti-alkoholeschem Gedrénks profitéieren. Ma, wien am Haff souz, duerft de Mondschutz ausdoen, mat Kollege poteren, gemitterlech säi Gedrénks konsuméieren an am Hannergrond d’Musek verfollegen.
Nodeems Autumn Sweater säi lescht Lidd agelaut huet, stoung de Bartleby Delicate an de Startlächer. Ganz eleng op der Bühn ass hien, equipéiert mat Gittar, Synthi an diversen aneren Instrumenter, den experimentelle Wee gaangen. Mat méi neien, wéi och eelere Lidder, wou de Lëtzebuerger Singer-Songwriter – wéi hie selwer zouginn huet – d’Lyrics duerch Zoufall beim Plënneren erëmfanne konnt, konnt de Museker eng déck dräivéierel Stonn musikalesch ofliwweren. Ënnert anerem goung ëm Famill, Dreem an d’Gefill Doheem ze sinn.
Bartleby Delicate © Shari Pleimelding / moien.lu
Als kleng Iwwerraschung an zum Ofschloss vum Owend stounge schliisslech de Bartleby Delicate an Autumn Sweater als Eenheet op der Bühn – Zesummenhalt eben.
Haut den Owend wäert Glass Museum aus der Belsch um Festival ze fanne sinn. Weider geet et muer mat No Metal in This Battle an e Samschdeg gëtt et méi vun De Läbbel! Är Plaz kënnt Dir op www.rotondes.lu reservéieren.
Uewe fannt Dir eng Billergalerie zum Concert vu gëschter © Shari Pleimelding / moien.lu