Search

You may also like

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen
Kultur Neiegkeeten

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen

Zu Moria huet ee groussen Deel vun de Flüchtlingen d‘Lager

What the Fakt – Haut ass den Ab-op-d’Woo-Dag
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Ab-op-d’Woo-Dag

Mir wëssen net esou richteg op mir laachen oder kräische

Esch-Uelzecht: d‘Kultur um Préifstand
Kultur Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: d‘Kultur um Préifstand

Déi Escher hunn eng Etüd lancéiert, bei där et drëms

„Connecting Lives goes On Stéitsch“

Fir d‘Woch vun der Nohaltegkeet – SEDD – 21. bis 29. September

„Connecting Lives goes On Stéitsch“

Den ekologesch-gesellschaftleche Wandel ass keng Optioun, mee eng Noutwennegkeet. Datt déi Ëmsetzung dovunner hei am Land a global och festlech-spilleresch geet, dat solle vum 21. bis den 29. September eng Dosen Offere weisen, déi während der „Semaine de l‘Education au Développemeent Durable“ (SEDD) vum „Cercle des ONG der Coopération“ an hire Memberen zum Matmaache konzipéiert goufen.

Wie sech konkret a virun allem aktiv fir eng besser Welt asetze wëll, kritt an der nächster Woch d‘Geleeënheet, Gläichgesënnter an hir Aktivitéite kennen ze léieren. Déi drëtt Woch vun der Nohaltegkeet fänkt dëse Samschdeg den 21. September um 14 Auer am kader vum Museksfestival „On Stéitsch“ an de Rotonden un.

36 bedeelegt Organisatioune bidden an der Woch duerno zéng Méiglechkeeten eegen Iddien anzebréngen a sech inspiréieren ze loossen. D‘Veranstaltunge fannen haaptsächlech an der Stad Lëtzebuerg statt, mee och zu Kolmer-Bierg, Esch-Uelzecht, Esch-Sauer a Stengefort gëtt engem eppes ugebueden.

Et kann ee wielen tëscht Seminären zur Agenda 2030, enger Mol-Aktioun, engem globaliséierungskritesche Spillowend oder engem Quiz mat ähnlecher Ausriichtung, oder engem Quiz mat ähnlecher Ausrichtung, engem interkulturellen a méisproochegem Gespréichsowend, interaktiven Atelieren, Virträg a Filmer, engem „Upcycling“ Atelier oder engem Vëlostour zu Thema erneierbar Energien an enger alternativer „Marche Gourmande“.

De Motto vun der Woch ass „Connecting lives“: Mënschen an hiert Liewen am Norden an am Süde vun der Welt sollen direkt oder indirekt matenaner verbonne ginn. Et soll dofir sensibiliséiert ginn, wéi eist Konsumverhalen am Norden déi Mënschen am Süde beaflosst, awer och dofir, wat mir vum Süde léiere kënnen.

De ganze Programm fannt dir hei: http://connectinglives.cercle.lu/programme-2019/

matgedeelt vun Etika Asbl, fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Brandon Bolender / Pixabay

Related topics Cercle des ONG de la Coopération, Connecting Lives, Etika asbl, Nohaltegkeet, On Steitsch, Upcycling
Next post Previous post