Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes: Ännerungen am Verkéier
Money Stories

https://moien.lu/wallington-dating/

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Ëffentlechkeet, datt um Sonndeg, de 25. August

can an older woman dating a younger man
Money Stories

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 30. Oktober)

Et ass Weekend! Zäit fir d’Woch a Revue passéieren ze

SC Beetebuerg: dat éischt Auswäertspill huet sech gelount
Money Stories

SC Beetebuerg: dat éischt Auswäertspill huet sech gelount

En war en interessante Spillowend deen de Fussball-Enthusiasten um Samschdegowend

money

Mam Containerland ee grousse Schratt an d‘Zukunft

E Sektor, dee staark wiisst

Mam Containerland ee grousse Schratt an d‘Zukunft

Um Freideg ass zu Beetebuerg de neien Terminal vun der Eisebunn, dee ganz dem Containertransport dedicacéiert ass, vum Groussherzog feierlech ageweit ginn. Eng helle Wull u wichtege Representanten aus der Regierung, dem Ausland an der Wirtschaft hate d‘Aluedung freedeg ugeholl. Si sollten, bei sonnegem Wieder, vum Evenement net enttäuscht ginn.

D’Bändchen ass duerchgeschnidden. De Groussherzog Henri huet mat dëser Geste de Beetebuerger Containerterminal offiziell fir ageweit erkläert © Martine de Lagardère

Op 33 Hektar sinn 5.600 Meter Gleis verluecht ginn. 750 Leit hunn 30 Méint geschafft fir déi gréissten Eenzelbaustell vu Lëtzebuerg erfollegräich ofzeschléissen. A „jo“ et sinn nach Klengegkeeten déi mussen op en Enn bruecht ginn, mee un a fir sech kann et lassgoen.

D’Entrée vum Beetebuerger Containerterminal. Hei muss de Chauffeur uecht dinn an d’Kontroll ass streng. Foto fir eran, Foto fir eraus a besser ass et wann d’Pabeieren an der Rei sinn © Martine de Lagardère

Nieft der offizieller Ouverture huet d‘CFL allerdéngs och un d‘Bierger a seng Mataarbechter geduecht. Deenen ass de Weekend, mat ganz vill Animatioun, eng „Porte ouverte“ zougestane ginn. Eng Visite déi sech fir Grouss an Kleng ugebueden huet. Vill ze gesinn, vill ze erfueren an sécherlech och ee ganze Koup Froen déi ze stelle waren.

En internationalen „Hub“ am Häerze vun Europa

Den Intermodalen Terminal zeechent sech duerch seng ideal Positioun um zweete Schinnefrachtkorridor (North Sea-Mediterranean) aus a profitéiert och vu senger strategescher Lag ugesicht dem Autobunn-Netz, mat deem e verbonnen ass. Vu Beetebuerg aus verbanne kombinéiert Shuttle-Zich Lëtzebuerg mat de wichtegsten Industrieregiounen, mee och mat den Häfen am Norden a Süde vun Europa.

Gutt verlueden ass hallef op der Schinn. Mam intermodalen Transport gëtt vill CO2 agespuert. Bis zu 40 Eenheeten op engem Zuch erginn eng CO2-Erspuernis vun 63,5 Tonnen op der Streck Beetebuerg – Le Boulou (Frankräich) © Martine de Lagardère

Lëtzebuerg, datt op der zweeter Plaz am Ranking 2016 vun der Weltbank am Beräich „Logistics Performance“ gefouert gëtt, ass also net zoufälleg ausgewielt ginn. Och d‘Ënnerstëtzung vun der Regierung ass hei ee Virdeel, gras wéi och dat stabilt wirtschaftlecht Ëmfeld. Zu gudder Läscht sinn et och déi vereinfacht Import/Export Prozeduren an de Fait, datt et keen TVA-Ofzuch beim Import gëtt, ee schloend Argument gewiescht.

Se waren all begeeschtert

De President vum CFL-Verwaltungsrot, Jeannot Waringo war héich erfreet, datt sech den Groussherzog Henri de Feierlechkeeten ugeschloss huet. Hien huet dann och dierfen drop hiweisen, datt de Groussherzog ee vun den CFL-Evenementer ausléisst an och wierklech un der Entwécklung vun der Eisebunn interesséiert ass.

De Jeannot Waringo, President vum Verwaltungsrot ass op d’Bedeitung vum Containerterminal zu Beetebuerg agaangen. Eng grouss Investitioun an d’Zukunft vun der CFL an der wirtschaftlecher Entwécklung vum Land © Martine de Lagardère

Kierzlech eréischt hat Jeannot Waringo, mat der Presentatioun vum Bilan 2016 Grond zur Freed. Hie betount dann och zu Beetebuerg nach emol, datt d’CFL-Strategie richteg ass an zu den erwaarte Resultater féiert. Esouguer d’Gewerkschaft dréit den aktuelle Projet mat an d’Regierung huet de Volet „Logistik“ politiséiert. Mam Claude Wiseler, Etienne Schneider an Jeannot Krecké hat an huet d’CFL dann och seriö an engagéiert Politiker op senger Säit.

Och de Kaderprogramm huet Stäerkt demonstréiert. De Beetebuerger Containerterminal ass eben och ee staarkt Stéck Lëtzebuerg © Martine de Lagardère

E Fait deen och de Clienten net entgeet an wat Vertrauen an d’Eisebunn schaaft. Datt och den Infrastrukturminister François Bausch gudder Deng ass, entgeet kengem. Esou wéi de President vum Verwaltungsrot et ausdréckt: „Wann et dem Minister emol eppes ze laang dauert, da kann et virkommen, datt deen d’Stiwwelen undeet a d’Schëpp an de Grapp hëlt“. A wat de Minister mécht, kënnt och besonnesch de villen Transporteuren entgéint – et ass net alles just fir d’CFL.

China um Containerland interesséiert

Den Direkter Marc Wengler ass fir d’Gäscht nach emol op d’Situatioun vum „Fret“ agaangen. D’Strategie vun Entwécklung an Innovatioun huet mat der Aweiung vum Containerterminal ee neien Héichpunkt erreecht. De kombinéierten Transport Strooss/Schinn/Schëff dierft dann och an Zukunft eng wäitaus gréisser Bedeitung kréien.

Déi auslännesch Gäscht hunn mat grousser Opmierksamkeet den Ausféierunge vun den Riedner nogelauschtert. Fir déi chinesesch Wirtschaftspolitik an am besonnesche mam Projet vun der neier Seidestrooss, ass de Beetebuerger Containerterminal vu Bedeitung © Martine de Lagardère

Eng besonnesch fir China ganz interessant Entwécklung, déi sech schonn ugekënnegt huet. De Schlëssel vum Erfolleg sinn a bleiwen awer d’Mataarbechter an déi stinn, esou den Direkter och geschlossen hannert de Projeten.

Mee den Infrastrukturminister erënnert drun, datt dëse Projet vum Claude Wiseler ugefaange ginn ass an et wichteg ass den Transport méi Efficace ze gestalten. Et hätt sécher vill Diskussioune ginn an d’Gemengen Diddeleng a Beetebuerg och munch Suerge gehat. Och eng Biergerinitiative hat sech an d’Gespréicher abruecht an d’CFL huet nogelauschtert. Villes vum Uleies konnt dann och ëmgesat ginn.

Empfang vum Groussherzog Henri virun der offizieller Inauguratioun- © Martine de Lagardère

Mam Interessi vu China um Containerterminal ergëtt sech fir Lëtzebuerg ee Potential dee net nëmmen op der Loftfracht fousst. De Schinneberäich fléisst esou mat an de Projet vun der neier Seidestroos. Zudeem sief ënnerstrach, datt de multimodalen Transport och eng gutt Äntwert op den CO2 Ausstouss ass. Zu Lëtzebuerg wier eben net op de „Gigaliner“ gesat ginn, mee op d’Eisebunn.

Investitioun an de Wuesstem

Aussoen, deenen sech de Vizepremier Etienne Schneider gären uschléisst. Him ass et dann als leschte Riedner wichteg de wirtschaftlechen Atout vum Beetebuerger Terminal ervirzesträichen. An engem Secteur wou mëttlerweil iwwer 800 Entreprisen täteg sinn an eng ronn 13.000 Leit Aarbecht fonnt hunn ass et ee wichtegt Stéck vum ganzen.

No zéng Joer Prozeduren a Bauzäit, fir de Vizepremier Etienne Schneider ee grousse Moment deen hie mat mam Claude Wiseler deelt- © Martine de Lagardère

Esou ass de Containerterminal méi wéi nëmmen ee kompetitive logisteschen „Hub“. Et ass nieft enger stabiller Landespolitik ee gutt Argument auslännesch Firmen ze iwwerzeegen sech hei néier ze loossen. Mat 2.3 Milliarden Euro, huet nach ni eng Regierung zu Lëtzebuerg esouvill an een Infrastrukturprojet investéiert. 617 weider Millioune sinn an d’Nohaltegkeet gefloss. Lëtzebuerg hätt sech esou dem „Rifkin-Prozess“ verschriwwen an fërdert eng nohalteg Wirtschaft ouni negativ Folge fir d’Ëmwelt.

D’CFL ass ewell international täteg, huet Filialen a fënnef Länner a verdankt säi Succès net zu gudder lescht sengen engagéierte Mataarbechter © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten CFL, Containerland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel