Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Franséischen Nationalfeierdag: Zu Éiere vum Fleegepersonal a Militär
Neiegkeeten

Franséischen Nationalfeierdag: Zu Éiere vum Fleegepersonal a Militär

Op Invitatioun vum franséische President Emmanuel Macron huet d’Lëtzebuerger Gesondheetsministesch

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…
Neiegkeeten

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…

Nodeems de bolivianesche President Evo Morales sech dem Drock vun

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau
Neiegkeeten

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau

De ländlechen ëffentleche Verkéier (RGTR) gëtt bekanntlech net nëmme vum

2024 gëtt et ee Contournement fir Dippech

2024 gëtt et ee Contournement fir Dippech

An der interministerieller Kommissioun (Ëffentlech Aarbechten & Environnement) hunn d‘CSV-Deputéiert nawell zolidd Drock op d‘Ministere Bausch an Dieschbourg gemaach. Si haten eng ganz Rëtsch u Froen zum Contournement vun Dippech. Déi zoustänneg Minister hunn der Oppositioun zougestanen, datt et an dësem Dossier tatsächlech en zolitte Retard ginn huet.

E Fait deen zum Deel dem Problem geschëlt ass, datt obwuel d‘Geneemegung vun 2014 op Ufro am Mäerz 2016 prolongéiert ginn ass, dës duerch nei Dispositiounen am Gesetz zum Ëmweltschutz vun 2018, ongülteg ginn ass. Et huet missen eng nei Demande fir de modifizéierte Projet gemaach ginn. Et ass elo och eng Evaluatioun vum Impakt op d‘Ëmwelt vun Néiten.

Dës Evaluatioun sollt allerdéngs, esou den Minister fir ëffentlech Bauten, zäitno gemaach ginn. Wann sech alles esou wéi erwaart zoudréit, misst d‘Geneemegung Enn 2020 ausgestallt ginn, eng Soumissioun wier dann 2021 méiglech. Leeft déi gutt kann och 2021 mat den Aarbechten ugefaange ginn. Déi sollten dann 2024 ofgeschloss sinn. Bei der CSV ass ee weiderhi skeptesch…

Illustrtioun: unsplash

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Chamberkommissioun, Contournement, CSV, Dippech, François Bausch, Oppositioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel