Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Voll an d‘Rout
Neiegkeeten

Voll an d‘Rout

Um Weekend war um Scheierhaff zu Zolwer d‘Coupe de Luxembourg

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn
Neiegkeeten

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn

No laangen a schwéiere Verhandlungen hunn dat Europäescht Parlament an

Firwat beschäftegt eis d’Jane Austen bis haut?
Neiegkeeten

Firwat beschäftegt eis d’Jane Austen bis haut?

Gëschter war dem Jane Austen säin 200. Doudesdag. Grond genuch,

Contournement: De Suessemer Gemengerot huet d‘Flënt an d‘Kar gehäit

Contournement: De Suessemer Gemengerot huet d‘Flënt an d‘Kar gehäit

Jorelaang hunn sech d‘Volleksvertrieder am Suessemer Gemengerot géint de Contournementsprojet vu Käerjeng gestäipt. Keng Wierder waren haart genuch fir „dat Verbriechen u Mënsch an Ëmwelt“ ze veruerteelen. An e Freideg? Jo e Freideg sinn se wéi d‘Mécken ëmgefall…

An iwwert de Käerjenger Contournementsprojet gëtt zanter Joerzéngte geschwat, wat een ugesiichts der Verkéiersbelaaschtung och verstoe kann. A wann si riedensaartlech am „Mëttelpunkt“ stinn, da muss een awer drop hiweisen, datt déi iwwerlaaschten N5, net nëmme fir déi Käerjenger Bierger en Horror ass. Och d‘Awunner vun Dippech oder Schuller, leiden ënnert dem Verkéier.

Zu Suessem awer, war een ëmmer an Oppositioun zu deene Projeten, déi et ëmmer nees an enger anerer Form ginn huet. Besonnesch deen an der Chamber gestëmmte Projet (Variant 2), dee ratsch matten duerch eng Natura 2000 Zon féiert, huet déi Suessemer Bierger mat hirem Gemengerot op d‘Palm gedriwwen. Si kënnen dësem, mat 139 Milliounen ausstafféierte Projet, net zoustëmmen.

An dat hunn de Buergermeeschter Georges Engel (LSAP) an seng Schäffin Simone Asselborn-Bintz (LSAP) als Deputéiert och mat engem symboleschen Akt däitlech gemaach. Si hu virun der Ofstëmmung um Krautmaart de Sall verlooss. Genotzt huet et net, de Gesetzprojet 7284 ass ugeholl ginn. Dat huet derzou gefouert, datt e Freideg eng Sëtzung zu dësem Punkt am Gemengerot aberuff ginn ass.

Et muss ee wësse wéini et duer geet

D‘Dagesuerdnung vun der Gemengerotssëtzung hat dann och nëmmen ee Punkt: „Dem Schäfferot d‘Erlaabnes ginn, géint de Gesetzprojet juristesch virzegoen“. An dat mannst wat ee ka soen, et ass zolidd diskutéiert ginn! Et ass op déi sëlleche Campagnen higewise ginn, an op dat ganz Geld wat schonn agesat gouf, fir d‘Leit an d‘Land ze sensibiliséieren. Gehollef huet et net…

No 90 Minutte sinn d‘Conseilleren zum Vott iwwergaangen an d‘Uerteel – hei vun engem Resultat ze schwätzen ass net ubruecht – ass zerstéierend: 10 Conseilleren hunn sech géint eng geriichtlech Prozedur ausgeschwat, 5 hunn dru festhalen an 2 Conseillere waren anerwäerts beschäftegt. Datt „Resultat“ elo de Suessemer Bierger ze erklären dierft schwéier falen…

Eng Erklärung huet de Buergermeeschter Georges Engel dann awer parat. Hie behaapt sech op sougenannte Realitéiten, déi dësen däregen Dossier begleeden. Esou ass hie wuel nach ëmmer géint de Projet, ass awer dovunner iwwerzeegt, datt déi Natura 2000 Zon deklasséiert gi wier, wat hien um Beispill vu Bartreng fest mécht.

Eng „realistesch“ Positioun

Hie berifft sech och op d‘NOx-Wäerter, déi bei rezente Moossungen an der Lëtzebuerger-Avenue zu Käerjeng, nees duerch den zoulässege „Plafong“ gaange wieren. Déi hu wuel 2017 nach ënnert dem „maximal Wäert“ geleeën, mä déi nei Situatioun géif et viru Geriicht schwiereg maachen, d‘Gesetz unzefechten. Dat zumindest hätt den Affekot vun der Gemeng esou virgedroen.

An esou gesäit et och déi 1. Schäffin vun der Suessemer Gemeng, Nathalie Morgenthaler (CSV). Si ass wuel och net iwwert d‘Entscheedung vun der Chamber erfreet, a betount och datt een es sech net midd ginn ass, géint de Contournement op d‘Barrikaden ze goen. Si hätt dann awer eng „realistesch“ Positioun ergraff, a wéi de Buergermeeschter géint de juristesche Schratt gestëmmt.

Interessant bei dëse Positionnementer: et huet keng Eestëmmegkeet an der LSAP-CSV Koalitioun ginn. Dat muss een dorops zréckféieren, datt et keng Consigne fir de Vott ginn huet (déi et also bei aneren Dossieren ze gi schéngt), wéi et vum Georges Engel preziséiert ginn ass. A bei der Ofstëmmung huet sech da gewisen, wien sech senge Prinzipien trei bliwwen ass.

D‘Conseillère Carine Reuter-Bauler an d‘Franca Romeo (béid CSV) hu sech grad ewéi de Mobilitéits-Schäffe Marco Goelhausen (LSAP) fir eng Klärung viru Geriicht ausgeschwat. An de Marco Goelhausen ass och weiderhin iwwerzeegt, datt dëse Contournement e Feeler ass. Et géif een hei en Zeeche setzen, datt den Individualverkéier nach ëmmer Prioritéit huet.

Kee Versteesdemech

Fir déi zwee Conseillere vun déi lénk, war de Freideg en denkbar schlechten Dag fir d‘Bierger vun der Suessemer Gemeng. Si kënnen dann och kee Versteesdemech fir hir „Kollegen“ opbréngen, déi sech géint eng juristesch Prozedur ausgeschwat hunn. An d‘Conseillere Myriam Cecchetti bréngt et op de Punkt: „Et ass e Schlag an d‘Gesiicht vun alle Leit déi Joerzéngte laang gekämpft hunn“.

Zesumme mam José Piscitelli huet déi engagéiert Politikerin dann och net wëlles, einfach esou d‘Bengele bei d‘Tromm ze puchen. Veriergert betount d‘Myriam Cecchetti: „Si behaapten nach ëmmer géint de Contournement ze sinn, mee wëllen net viru Geriicht goen, well si mengen datt et keng Chance gëtt ze gewannen. Dat ass domm!“.

En Argument datt der Conseillère Recht gëtt: Bei Geriicht ass nach ëmmer de Riichter deen decidéiert, an nëmmen deem säin Uerteel ass ausschlaggebend. Déi lénk sinn dann och decidéiert, sech den Dossier nach emol mat der Bierger-Initiativ unzekucken. Noutfalls kann et och zu enger „privater“ Aktioun kommen. Sécher ass emol, datt si net gewëllt sinn hei opzehalen.

mam Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Contournement, Gesetzprojet 7284, Goerges Engel, José Piscitelli, Käerjeng, Marco Goelhausen, Myriam Cecchetti, Nathalie Morgenthaler, Simone Asselborn-Bintz, Suessem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel