Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: déi Demokratesch Partei an d‘Mobilitéit
Neiegkeeten

Chamberwahlen: déi Demokratesch Partei an d‘Mobilitéit

Am Kontext vun der Presentatioun vum Wahlprogramm, huet déi demokratesch

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun
Neiegkeeten

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun

Si ass mat Spannung erwaart ginn, egal a wéi engem

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn
Neiegkeeten

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn

Net nëmmen am Frankräich ass sech e Samschdeg nees zolidd

De „BIGS“ rebelléiert géint de Contournement vu Käerjeng

De „BIGS“ rebelléiert géint de Contournement vu Käerjeng

Am Mäerz 2018 hat de Regierungsrot endlech den Tracé duerch de Bobësch fir de Contournement vu Käerjeng validéiert. Et war awer deen Tracé deen eigentlech vun der gemeng Suessem refuséiert gouf. Mee no Jorelaangem Gedeessems huet den Deputé-Maire Georges Engel (LSAP) d‘Flënt an d‘Kar gehäit, sech der Ofstëmmung an der Chamber Entzunn, an dat onvermeidlecht Zougelooss.

Gëschter Owend huet sech d‘Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl (BIGS) awer nach emol zu Wuert gemellt an am Kader vun engem Informatiounsowend, de Bierger d‘Méiglechkeet gebueden sech iwwert déi lescht Entwécklungen an dësem Dossier ze informéieren. Zudeem wier, esou d‘Presidentin vun der BIGS, Bianca Leardini, nach net alles verluer, et géif Neies ze berichten.

Veranstaltung war dann och entspriechend gutt besicht an et kann een net behaapten, datt sech d‘Gemidder an der Kausa Contournement berouegt hätten. E Contournement dee matten duerch eng Zon Natura 2000 féiert, schéngt der CSV dann och manner Problemer ze bereeden, wéi en eppes ze grouss gerode Gaardenhaischen an enger Zon Natura 2000. Woubäi déi gréng och fir d‘Strooss sinn.

An esou huet d‘BIGS dëse schéine vun der Regierung orchestréierte Stroossebauprojet „zerluecht“. D‘Argumenter déi sengerzäit an der Chamber virgedroe goufen hätten sech op falsch Informatioune gestëtzt. D‘Argument vun de „Fein-Partikel“ (NO2 / NOX) wier net méi gülteg, den Ausstouss wier esouguer réckleefeg. De juristeschen Avis zum Finanzementgesetz wier domatter net méi valabel.

Et géif esou och kee Grond méi dat ageriichten Naturschutzgebitt op Suessemer Säit ze zerstéieren. Dat de Contournement zudeem a kenger Hisiicht d‘Verkéiersproblemer an der Regioun léise géif, sollt an der tëscht och um Krautmaart erkannt gi sinn. Déi verantwortlech sinn domatter opgeruff sech dat nach emol duerch de Kapp goen ze loossen. E juristesche Recours ass net ausgeschloss.

Illustratioun: © Nohaltegkeetsministère

Ähnlech Sujeten Bianca Leardini, Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl, BIGS, Contournement, Käerjeng, Suessem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel