Search

You may also like

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit
Neiegkeeten

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit

Et ass dann awer nees bemierkenswäert, wéi eng Iddien aus

EU-Kommissiounspresident: „Flüchtlingskris eng Erausfuerderung“
Neiegkeeten

EU-Kommissiounspresident: „Flüchtlingskris eng Erausfuerderung“

Den éischten Dag vum EU-Sommet huet sech ervirgedoen duerch eng

Kaffi oder Téi?
Neiegkeeten

Kaffi oder Téi?

Wat ass Schold dorunner, datt mir de Kaffi dem Téi

De Contournement vun Dippech-Gar deet op sech waarden

De Contournement vun Dippech-Gar deet op sech waarden

Zanter dem Méindegowend schéngt gewosst: de Projet vum Contournement fir d‘Dippecher Gar, deen eigentlech dëst Joer hätt solle missen an Ugrëff geholl ginn, wäert sech bis an d‘Joer 2021 verschiben. No 15 Joer déi fir d‘Viraarbechten opgewannt goufen, eigentlech zäitlech ee Klacks.

Et ass awer zugläich ee wichtege Projet, well d‘Eisebunn ënnerbrécht op der Héicht vun eben der Dippecher Gar d‘N13 (Dräi-Kanton-Strooss) wat an de Spëtzestonnen zolidd de Verkéiersfloss beanträchtegt. Woubäi dann och net méi eleng d‘Automobilisten es bis iwwer béid Oueren hunn, mee och den Awunner – besonnesch déi wou laanscht d‘Strooss wunnen – d‘Gedold ausgeet.

An enger Entrevue mam Ministère fir de mobiliséierte Stëllstand an de feelenden Infrastrukturen, huet de Kolléisch vun der Buergermeeschtesch a Schäfferot matgedeelt kritt, datt et zu engem Mëssel komm ass, firwat net virun 2021 mam Ufank vun de genannten Aarbechten ze rechnen ass. An engem Communiqué hu sech déi Verantwortlech aus der Gemeng entspriechend beschwéiert.

Hei dierf een awer betounen, datt den Ëmwelt-Volet vun dësem Projet ni a Fro gestallt ginn ass, net vum Staat an och net vun der Gemeng. Et ass leider esou, datt eng Etüd, déi den Iwwerfluch vun de Villercher berécksiichtegt, net gemaach ginn ass. Dat muss zwéngend nogeholl ginn a säitens dem Minister fir Tramsschinnen an elektresch Mobilitéit, heescht et, datt dës bis September sollt virleien.

Behält de François Bausch Recht, da sollt et nach Enn 2020 zur Ausschreiwung kommen. Mee zu Dippech sinn se nawell eppes ongedëlleg – wat no 15 Joer net verwonnert – an erënneren de grénge Minister drun, datt de Staat och esou eppes wéi Verantwortung am Bezuch op d‘Gesondheet vun den Awunner huet, an déi aktuell Verkéierssituatioun géif datt bedauerlecherweis net méi hierginn.

Illustratioun: Plang vun Dippech © Gemeng Dippech

Related topics Contournement, Dippech, Dippech-Gar, Transportministère
Next post Previous post