Ëmweltwoch an der Gemeng Contern
Et ass e gëllege Programm deen sech d‘Gemeng Contern fir
Et ass e gëllege Programm deen sech d‘Gemeng Contern fir
Eigentlech misst een et hautdesdaags kengem méi erklären, mee dem
An enger heemlecher Videoopnam ass den éisträichesche Vizekanzler Heinz-Christian Strache
Der Buergermeeschtesch vun Dippech ass méi wéi nëmmen ee Stee vum Häerz gefall, wéi et dann endlech offiziell gouf, datt d‘Prozedur zur Expropriatioun, déi iwwer Joren de Projet vum dréngend noutwennege Contournement blockéiert huet, endlech ofgeschloss ass. Déi fir de Contournement noutwenneg Terraine gehéieren zanter Juli dem Staat.
An d‘Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller erënnert drun, datt si schonn 2013 déi éischt Baugeneemegung an dësem Kontext ausgestallt hat. Elo also ass de Rideau iwwert dëst däregt Koméidistéck gefall an et dierft besonnesch den Automobilisten eng gutt Nouvelle sinn, déi sech aktuell nach ëmmer bei der Barrière op Dippech-Gar Pneue platt stinn.
Wann dem Ministère fir ëffentlech Aarbechten seng Informatioune korrekt sinn, da kéint de Schantje schonn 2020 lancéiert ginn, wa bis dohinner d‘Ausschreiwungsprozedur sollt ofgeschloss sinn. Dat wier gutt, well et muss een awer mat zwee Joer rechnen, bis d‘Aarbechte kënnen ofgeschloss ginn. Mee och wann et bis 2024 sollt daueren, et geet endlech virun…
Foto: Gianni Crestani / Pixabay